Schaltwebverkürzung

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Schaltwebverkürzung"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: Laurent - Harcy480 - Georges - dantouring - Ibanez
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: ///M Allgemeines
  • Antworten: 12
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Schaltwebverkürzung
  • Letzte Antwort: vor 17 Jahren, 28 Tagen, 3 Stunden, 26 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Schaltwebverkürzung"

    Re: Schaltwebverkürzung

    Laurent - 29.03.2007, 13:32

    Schaltwebverkürzung
    Salut,

    hun mol eng kleng Fro....

    hun graat an engem Forum geliess dass een mat engem E36 M3 no enger
    Schaltwegverkürzung freht.....

    enner aanerem kruut en dou gesoot dei Original vum Z3M geing passen mee wann en den 5 Gang raus helt geif sech dann den Gangknepell nemmi ant mett stellen.

    An genau daat ass bei mir den Fall. Wor domat am Garage an dei sooten mir do wier een Bolzen an da Boite futti. Bolzen + Montage +/- 480€

    Lo wees ech net ob ech et Verkürzung hun oder een Defekt.
    An 480€ fir eng Fehldiagnos ass awa bessi hefteg (si hun et Boite NET demonteiert fir ze kuken!), hun et dofier och nach net machen geloss.

    Huet fillaicht een hei am Forum schon Erfahrungen domat?

    P.S.: Et Gäng lossen sech ouni probleem schalten.

    Hei mol nach den Link vum Forum: http://www.m-forum.de/forum/showthread.php?threadid=17868


    Laurent



    Re: Schaltwebverkürzung

    Harcy480 - 29.03.2007, 14:43


    Keins jo mol beim Herr uruffen, bei deems du den Auto kaaft hues op hien eng Schaltwegverkürzung dropgemaa huet oda op hien eppz dovunna wees...!!? Een uruff op Bxl's gett dech egaal wei mei Belleg ewei 480€ fier eng Reparatur ausginn wou demnowei emol guer keen Defekt ass..!!?:wink:



    Re: Schaltwebverkürzung

    Laurent - 29.03.2007, 14:45


    jo do hues de recht!
    hun daat och gemma mee awa just mat senger mailbox geschwaat...
    probeieren den owend nachengkeier wann hien bis dohin net ugeruff huet.



    Re: Schaltwebverkürzung

    Georges - 29.03.2007, 17:26


    Salut,

    Do kommen ech lo net no :roll: Schwätz du lo vun dengem Z3 M Coupé? Deen huet emmer e Schaltgestänge mat Schaltwegverkürzung drop! Net dass du mengs do wär original dat Schaltgestänge vum M3 E36 drop.

    Bis dann,

    Georges



    Re: Schaltwebverkürzung

    Laurent - 29.03.2007, 17:54


    Salut,

    Jo schwaetzen vun mengem Z3M Coupé. Ma ech haat daat seou verstaan wei wann een bei BMW en Schaltgestänge mat Schaltwegverkürzung kritt fir op main Z3M drop ze machen.

    Hun geliess dass wann een dei drop mecht dass dann den Gangknepel nemmi ant Mett zereck geet. (5 Gang) Daat ass bei mir den Fall. An well se am Forum sooten daat wier duerch et Schaltgestenge an den Garage et wier weinst engem Bolzen an da Boite (480€) wees ech lo net wou ech drunn sin...

    Hei mol een Bild vun mengem Probleem wou ech net wees op daat normal ass oder net:

    Bon wann dei Verkürzung serienmeisseg drop ass dann hun ech epps falsch verstaan...sorry doweinst!


    Laurent



    Re: Schaltwebverkürzung

    dantouring - 29.03.2007, 22:56


    dei vum dengem Z3M get geholl fir an den E36 anzebauen.
    Wees zwar lo net ob daat normal ass dei dengem datt den hiewel net an d'mett zreck geet.
    Mee wann gäng sech gut schalten loossen, geif ech keen garage meng boite opmaachen loossen, meng meenung.



    Re: Schaltwebverkürzung

    Laurent - 30.03.2007, 00:55


    Et Gäng lossen sech wei gesoot ouni probleem wiesselen.
    Dief ech awa mol froen fierwaat dass du keen Garage deng Boite opmachen leiss? Kann do zefill schiif goen oder wei??

    Muss dozeu soen hätt naischt dogeint wann ech net an den Garage mist goen well et geet jo awa em een batzen Geld...



    Re: Schaltwebverkürzung

    Georges - 30.03.2007, 06:01


    Bass du secher dass sie an der Garage gesot hun dass sie d'boite opmachen? Dat kann ech mir net virstellen.
    D'Lageren vum Schalthiewel verschlaissen gär well déi meescht aus Plastik sin. Ech giff déi komplett Lagerung vum Schaltgestänge nei machen an dann mist dain Problem geléist sin. D'Stecker wärten em 50€ kaschten. Dat kann ech dir demnächst genau soen, well ech machen d'Lageren op zwee Autoen nei. De Rescht vun deenen 480€ ass wahrscheinlech main d'oeuvre :roll:



    Re: Schaltwebverkürzung

    Ibanez - 30.03.2007, 09:35


    Ech schleissen mech dem Georges un, ech kann mir och net firstellen, dass deen Probleem an der Boite leit, mee um Schaltgestenge. Souweit ech wees sin dei Lager Plastikgelenker. Do kann emol schnell eppes ofnotzen oder futti goen, ech hat dat selwer schon bei engem net BMW (well hei keng Reklamm fir aner Marken machen :wink: )

    Ech sin awer keen Mechanicien, mee mir hun jo awer och Leit vum Fach bei eis hei am Forum, ech sin emol gespaant wat dei dozou soen.



    Re: Schaltwebverkürzung

    Laurent - 30.03.2007, 10:44


    Also am Garage sooten se dass se et Boite missen roofhuelen. Vun opmachen hun se lo naischt gesoot.

    Also et Steck ass 43€ daat hun se ma am Garage gesoot den recht ass well se et Boite missen Roofhuelen an anscheinend ass daat een zimlechen opwand.

    @ Ibanez & Georges: d.h. dier geift et awa machen lossen am Garage?
    also froen daat mol well ech wees net waat maachen am moment, hun leider nach guer keng erfahrung mat da technik vun den ///M.

    @ all: Merci awa fir aer Rootschlei :D

    Laurent



    Re: Schaltwebverkürzung

    dantouring - 30.03.2007, 11:13


    Laurent hat folgendes geschrieben: Et Gäng lossen sech wei gesoot ouni probleem wiesselen.
    Dief ech awa mol froen fierwaat dass du keen Garage deng Boite opmachen leiss? Kann do zefill schiif goen oder wei??

    Muss dozeu soen hätt naischt dogeint wann ech net an den Garage mist goen well et geet jo awa em een batzen Geld...

    Hun domat gemengt, wann Gäng gut ran gin, weisou boite opmaachen?
    Dei Saachen leisst een mat rouh bis wirrklech eppes net mei geet :wink:

    Denken den Georges huet rescht, hien triwwelt jo och alt vill un BMW'en rem :lol: , ech kann do neischt soen, haat daat nach net.



    Re: Schaltwebverkürzung

    Georges - 01.04.2007, 12:27


    Jo, an denger Platz giff ech et machen loossen. Mee net onbedengt an där Garage wous du den devis froen wars, well dat ass jo net grad belleg.



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    Parkhaus - gepostet von Dr. M-Power am Samstag 06.01.2007
    E30 Tuning-Winkeren (Klarglas) - gepostet von Georges am Montag 26.02.2007
    Harcy's M3 3.0 ass ze Verkaafen !!! - gepostet von Harcy480 am Montag 04.06.2007
    interview mat der camera "aus" - gepostet von dantouring am Mittwoch 28.03.2007
    Generell Informatiounen iwert den Z3 M Roadster - gepostet von Harcy480 am Mittwoch 20.09.2006
    Familienfoto - gepostet von Ibanez am Sonntag 06.05.2007
    Sportsetzer an anner Problemmer! - gepostet von Frankiboy am Donnerstag 09.11.2006
    Schaltplan - gepostet von ///M Flipy am Dienstag 24.10.2006
    E30 M3 Interieur pics - gepostet von ollm3 am Montag 20.02.2006



    Ähnliche Beiträge wie "Schaltwebverkürzung"