BMW 325i E30 M Technik 1

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "BMW 325i E30 M Technik 1"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: getri - Anonymous - ///M Flipy - dantouring - ollm3 - chrescht - Harcy480
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: BMW Modelle
  • Antworten: 26
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: BMW 325i E30 M Technik 1
  • Letzte Antwort: vor 17 Jahren, 7 Monaten, 19 Tagen, 10 Stunden, 54 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "BMW 325i E30 M Technik 1"

    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 14.08.2006, 22:29

    BMW 325i E30 M Technik 1
    Wollt mol froen op en wees wei eng Felg(en) et original oder eben als Optioun deemols fir deen Auto gouf?
    Baujoer as 1987, falls dat eppes helleft.
    Hun zwar en Koup E30 Prospekter, fannen do awer leider näischt.
    Oder huet vläit een eng Foto vun engem originalen M Technik 1 E30.

    Merci 8)



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    Anonymous - 15.08.2006, 13:34


    Bass du secher dass et M Technik 1 ass, daat war fier Modeler firum Face Lift mat den Chromeierten Pare-Chochen, normalerweis bis 1986, kann awer och sin dass dain reischt 1987 zougeloss gin ass



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 15.08.2006, 15:25


    Bon, EZ as 4/87, ech hun den Auto leider nach net gesin, mee haten se mam Technik 1 net och direkt Shadow-Line, oder faellt den Pare-choc net do drenner?



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 15.08.2006, 19:35


    Finallement hun ech awer nach een Prospekt fonnt mam M Technik 1.
    Hun et mol angescannt, as och vläit nach fir den een oder aneren net oninteressant.



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 26.08.2006, 15:18


    Sin den Auto de Moien sichen gaang. 8)
    Fotoen kommen wann et ophällt mat Reenen also nächst Joer am Juli. :lol: :evil:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    ///M Flipy - 26.08.2006, 17:40


    getri hat folgendes geschrieben: Sin den Auto de Moien sichen gaang. 8)
    Fotoen kommen wann et ophällt mat Reenen also nächst Joer am Juli. :lol: :evil:

    Gratulation.

    mir wellen fotoen!!¨elo!!! :P

    an scheck mir och 2 oder 3 per mail wanns de wells, dann setzten ech dei op d'Homepage.

    Wei as dann deen eischten androck?



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 26.08.2006, 21:20


    Fotoen weisen ech wann ech guder hun.
    Eischten Androck? Hm schweier ze soen, mat 4 Wanterpneuen, 2 Summerpneuen, enger Dier, engem Enddeppen an enger 20l Kaan Benzin an der Mall. :lol:

    Mee as gut gelaaf, muß just Pneuen auswuchten lossen, den Auto as an den leschten 2 Joer net vill gefuer gin an dat hun ech haut nawell gemierkt.

    Ok, eng Foto kann ech jo trotzdem mol weisen:


    Hoffen daß ech iergendtweini Zeit fannen deen unzemellen, vum Civic as Sandweiler och schon 3 Wochen ofgelaaf. :lol:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    dantouring - 26.08.2006, 23:26


    Gratulatioun, geseit jo guer net sou schlecht aus :wink:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    ///M Flipy - 27.08.2006, 01:25


    hey den as richteg schein!!! :wink:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    ollm3 - 27.08.2006, 13:24


    Tip top, deen do... endlech mellen Getri. :wink:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 30.08.2006, 21:08


    1. Versuch zu Sandweiler as haut schon am Büro gescheitert. :lol: :evil:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    chrescht - 31.08.2006, 07:37


    wei dann?
    waat ass dann schief gangen, resp. waat huet gefeelt?



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 31.08.2006, 08:53


    Denen war mein Contract net Original genuch. :roll:
    Om Computer getippt mat 2 original Ennerschrewten!
    Nee den muß komplett vun Hand geschriwwen sin.
    Lo soll mir mol een soen den Schmitz an Co geing seng Contracter och op der Hand schreiwen. :roll: :evil:

    Trellerten sin et!



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    dantouring - 31.08.2006, 11:39


    oh nee, waat een blödsin, liewen mir dann nach am joer 1900 oder waat.
    Waat get dann haut nach ouni Computer gemaach?
    Doriwwer kann een just den Kapp resselen.
    Wanns du lo dei handgeschriwwen hues waerten se reklamkeiren datt si neischt gelies kreien :lol: :lol:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 31.08.2006, 11:53


    dantouring hat folgendes geschrieben: oh nee, waat een blödsin, liewen mir dann nach am joer 1900 oder waat.
    Waat get dann haut nach ouni Computer gemaach?
    Doriwwer kann een just den Kapp resselen.
    Wanns du lo dei handgeschriwwen hues waerten se reklamkeiren datt si neischt gelies kreien :lol: :lol:

    Ech rechen mech och guer net iwwert sou Sachen op, dat as mir meng Gesondheet net wert. :lol:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    Anonymous - 31.08.2006, 14:37


    getri hat folgendes geschrieben: Denen war mein Contract net Original genuch. :roll:
    Om Computer getippt mat 2 original Ennerschrewten!
    Nee den muß komplett vun Hand geschriwwen sin.
    Lo soll mir mol een soen den Schmitz an Co geing seng Contracter och op der Hand schreiwen. :roll: :evil:

    Trellerten sin et!

    Nee Nee, mir schreiwen eis Contracten all um Computer, an den Client eenerschreiwt just an mir och + Firmenstempel.

    Egal waat, mech hun se eng Keier durchgeheit, well ech den Kaafvertrag mat engem schwarzem Bic ennerschriwen hun, daat wier eng Copie huet den Blosskaap op der Statioun gesoot :roll:

    Mee scheinen E30, endlech rem een méi :twisted:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    ollm3 - 31.08.2006, 17:40


    Tass awer emmer daat selwescht... ech haat och lo Problemer mat mengem neien... hun missten eng Mitgliedschaftsbescheinegung vun der Industrie und Handelskammer vun der Garage firweisen, obschons vum Finanzamt een Ziedel dobai war fir Verkeef ant Ausland. Do kennt dann na dobai datt nemmen Garage den Ziedel do kritt, enplus muss et original sin an net mei wei 1 Mount aal.
    Haaptsach een vereent Europa, ma be merci. :?



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    Harcy480 - 01.09.2006, 09:04


    Main Papp wua d'lescht Joa mat senga Camionnette op Sandweiler an kruut dunn um Pont een Laach weint fuite d'huile geknippzt,
    Main Papp eroof reklammeieren gaangen well daat net haett keinten sinn... seet den "Frendleschen" dann ass et eben Ueleg vun da Servolenkung...!!
    Main Papp doropzhinn: Kann net sinn d'Camionette huet jo emol guer keng Servolenkung :evil:
    Den "Frendleschen" doropzhinn sain Kamerood douewen geruff fier den BremsuelegStand nozekukn..!! Deen wua awa och an da Rei...!!
    Bon d'Lach wua dunn awa halt schon geknippzt, an op da Sandweilerkaart steet och drop fuite d'huile waat natierlech Super mecht beim Verkaaf vun da Camionnette...!!! Mee bon main Papp haat awa och keng Loscht mei gehaat zreck an d'Schlaang stoen ze goen an seng Zait ze verleieren...!! :evil:
    Schlussendlech wua et just Waasser vum Waschwischerbehaelter vue que dass main Papp den Behaelter den Daag firdrun opgefellt haat an es e bessien dalaanscht geschott haat...!! Waat sech dunn eben mat Ueleg vermescht huet an dunn ennen nees erauskoum...!!! :oops:

    Souvill zu Sandweiler...!!! NO COMMENT !!!!!!!! :twisted:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    Anonymous - 01.09.2006, 13:38


    Unendliche Geschichte :lol:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 01.09.2006, 14:51


    Lo hun dei S*** och nach en Meindeg zou! :roll:
    Sou kreien ech mein Auto zwar nie ungemellt. :lol:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    dantouring - 01.09.2006, 16:47


    Et misst een eng keier een film mat deenen dommheeten dreinen :lol: :lol:
    Mam Titel: Mission Impossible - Sandweiler
    Final Destination- Sandweiler an sou weider



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    getri - 05.09.2006, 18:53


    Haut de Moien huet endlech alles gepasst.
    Als eischt mam BMW duerch an den Honda gleich hannendrun.
    Hun zwar lo wahrscheinlech eng hallew Dossen Moschwieren mei, mee d'Autoen sin rem ungemellt. :D 8)



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    ollm3 - 05.09.2006, 19:16


    Mee leider just fir 1 Joer... schued datt mir et net och wei an Daitschland hun all 4 Joer HU an färdeg. :cry:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    ///M Flipy - 05.09.2006, 20:54


    getri hat folgendes geschrieben: Haut de Moien huet endlech alles gepasst.
    Als eischt mam BMW duerch an den Honda gleich hannendrun.
    Hun zwar lo wahrscheinlech eng hallew Dossen Moschwieren mei, mee d'Autoen sin rem ungemellt. :D 8)

    super!!! :wink:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    Harcy480 - 05.09.2006, 22:51


    Congraatz !!! Schweier Gebuert mee haaptsaach se sinn duerch!! :lol:
    Dann misst du jo elo mol deng Rou hun fier 1 Joa...!! :oops: :roll: :wink:



    Re: BMW 325i E30 M Technik 1

    dantouring - 05.09.2006, 23:09


    gleckwonsch
    Bei mir geet et och rem geschwenn un :(
    Fir d'eischt den Cecotto am November, am dezember den 325ix an am Januer rem den Touring.
    Daat gin 3 "schein" Meint.



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    Loaded CSL breaks Nurburgring record time! - gepostet von ///M Gilles am Mittwoch 07.11.2007
    Klengen Patt - gepostet von ollm3 am Sonntag 07.01.2007
    S. Schaltknauf fir M3 30 - gepostet von M-Driver am Freitag 27.10.2006
    er ist wieder zuhause... - gepostet von E28 am Samstag 12.05.2007
    Sichen dringend!!!! - gepostet von chrescht am Donnerstag 09.08.2007
    K&N 57i fir E30 6-Zylinder - gepostet von getri am Sonntag 03.12.2006
    Formel Wohn mat 3l M3 Motor---ganz schnell!!! - gepostet von ///M Gilles am Montag 20.03.2006
    Update Dr.M-Power M5 E39 - gepostet von Dr. M-Power am Montag 18.09.2006
    Carfreideg - gepostet von getri am Sonntag 11.03.2007



    Ähnliche Beiträge wie "BMW 325i E30 M Technik 1"

    Technik - luxuria (Montag 14.03.2005)
    E30 M3 racing pics - ///M Flipy (Samstag 04.02.2006)
    Flotten Artikel M3 E30 - White E30 (Samstag 16.09.2006)
    BMW 328i - Okanowa (Dienstag 17.10.2006)
    Sichen Krick fir E30 + E46 oder E87 - ollm3 (Samstag 26.05.2007)
    neien cs vun bmw - oli (Dienstag 01.05.2007)
    Die Graham Technik - Modern Dance - Veronique (Dienstag 14.02.2006)
    Keum-boo, eine Technik aus Korea - Edmund (Donnerstag 20.04.2006)
    Technik - stephan (Donnerstag 14.12.2006)
    Technik, Ton, Licht und andere Spielerein... - weini (Freitag 29.04.2005)