Hüttenwerk

Endlech en Forum
Verfügbare Informationen zu "Hüttenwerk"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: Gako alias Lola - LS - oli - marcflammang - antoine_spautz - Nath - Marechen
  • Forum: Endlech en Forum
  • aus dem Unterforum: Forum
  • Antworten: 66
  • Forum gestartet am: Montag 09.04.2007
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Hüttenwerk
  • Letzte Antwort: vor 15 Jahren, 8 Monaten, 26 Tagen, 4 Stunden, 35 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Hüttenwerk"

    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 19.08.2007, 19:10

    Hüttenwerk
    Salut
    Hei een scheint neit Thema!



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 19.08.2007, 19:12


    an hei och schon dei eischt "won der Sonne beschienen" Aktioun, mei genau hut der et och nach als mail kritt!



    Re: Hüttenwerk

    LS - 19.08.2007, 20:41


    wéi ech dem Laurent schon soot, fannen daat bëstëmmt eng flott Saach, muss
    mer awer nach staark iwerleen, sin nämlech keen Mëttelalterfrënd, sin frou
    dass déi Zäiten vun Gewalt, Krich an Schluechten eriwer sin, déi wéinechst
    kënnen sech virstellen wéi et déi Zäit wor...

    Naja, wollt lo net provozéiren, wollt just mol meng Meenung kloer stellen... :-)

    Muss awer zou gin dass ech mech nach muss aus där Zäit informéiren,
    mol kucken.. :-)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 19.08.2007, 21:27


    also et ass jo lo och net esou wei wann ech dei zeit geif verherleschen secher net et war eng schro zeit mat vill gewallt jo secher sie hescht och net vir neischt donklen mettelalter, mee waat ech einfach flott fannen ass daat alles zimleg bauer ass an daat sie dei zeit schon zimleg fortschretleg waren, esou eng burg bauen ass jo net esou easy zB. Waat kricher ungeht, ja dei waren schlem mee draus geleiert huet den mensch jo nach emmer net an kricher sin an gin et zu all zeit. Gesetz war net daat best wann et eent guf daat stemmt!
    Bon et ass net jiderengem seint daat wees ech an vertsinn ech och, dofir zwengen ech jo och keen heihin ze kommen, mee et ass mol eng keier eppes anescht an ass och secher fott, och wann een elo net "fan" vun der zeit ass.
    Well :bia: get och am mettelalter an daat ass jo schon mol wichteg des weideren mecht Bamstammwerfen och spass, also mei Mettelalter waert et och net sin, bis ob tenue :wink:



    Re: Hüttenwerk

    oli - 19.08.2007, 23:13


    jo sin och frou dass een guer naischt mei vun krich an gewalt heiert. freier konnt een jo guer net mei op stross goen mat all deenen verbriecher an kriminellen, ee gleck sin strossen lo mei secher an et kann een jidferengem vertauen an et get net mei sou geklaut an agebrach.

    am mettelalter gouw et och wein waat vleit fier den luc interessant ass :D



    Re: Hüttenwerk

    LS - 20.08.2007, 02:36


    naja, jo, net grad...

    :) jo, et gouf Wäin... :)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 20.08.2007, 11:46


    Zur algemenger erlustegung:
    Ons Zerveus ass daat eischt waat sech ugemellt huet, bon et sot sie keimen et hät et mol opgeschriwen!
    Vive Valérie vive den Äric daat mer och net erdiichteren



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 20.08.2007, 17:27


    salut,

    Hei den Programm deen ech am leiwsten esou weilt anhaalen daat et och nie langweileg get!
    An Jongen et ass einfach eng Party mat Thema, net mei an net manner, ok!? ;-)



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 20.08.2007, 20:16


    Laurent,

    -Du hues vill ze vill Zeit :-)
    -Du bas dach :stupid: :D



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 20.08.2007, 21:21


    eischtens ech hun wakanz do huet een nun mol zeit fir sech em sachen ze kemeren dei engem spass man

    zu dem punk :stupid: ech kennen een den helt een Fonktioneierenden Auto auserneen, mhh an zwar komplet, also ass och net esou "normal"

    Et ass esou: et ass eng party dei enert engem motto steht, daat ass dann een waat mech an och aner leit nach intresseiert an keint spass man, daat daat net jiiderengem sein fall ass wees ech. Mir man et esou wanns du dech net amüseiers, dann kanns du mech weider als :stupid: erklaeren an wann et der dann awer sollt gefaalen wou vun ech iwerzeegt sin, bis obt verkleeden dann muss du woul oder iwel virun mir :flehan:



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 20.08.2007, 21:30


    d'idee vum sangen ass wei all mensch sech virstellen kann net vun mir!


    Zum Programm, moies ass och nach Bescherung fird Marie-Aline, well et wei et schenkt elo och seng B-day-Party ass :wink:



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 20.08.2007, 21:48


    Also eischtens: Ech inviteieren net op eng Auto auserneenhuel Party :-) As mein privaten Hobby an ech zwengen keen derzou mer dobei ze hellefen oder mat mer driwer ze schwätzen.

    An zweetens hun ech net gesot ech geif net kommen an mech net ameseieren :-) Mais ech wärt net sangen an mech net verkleeden :-)

    An all dei aner Sachen machen mer dach souwisou, och wann dat net ennert dem Thema Mettelalter steet... Wat nach op der Lescht fehlt: :knuddel: :-)

    Peace Alter...



    Re: Hüttenwerk

    oli - 20.08.2007, 23:08


    ech perseinlech fannen et besser wann et keen konkreten plang get an jidfereen sangen an sech duelleieren kann wann en well. an gewenner ass marie aline well hat et geschafft huet een joer mei aal ze gin :D



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 21.08.2007, 08:00


    Sin do och denger Meenung, mais am Fong as et egal, well un deen Plang haalen mer eis dach sousisou net :-)

    An 2 Stonnen fir z'iessen geet dach niemols duer ;-)



    Re: Hüttenwerk

    antoine_spautz - 21.08.2007, 08:03


    also ech waert kommen als moischelmörder rep. bauer oder esou an dann gin deih scheiss adlech ritter mol mat mengen fekalien beworf. ech wir och vir ehn 1880 fest mat perkusiounsbecksen asw. dat mam sangen ass keng esou gud idee



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 21.08.2007, 11:25


    tiptop mol een deen seet en ging action brengen, daat ass gut.
    Weini organiseierts du daat 1880-Fest, daat ech mer deen daag kann freihaalen! :wink:
    next keier man ech en WKII-Fest dann kanns du deng englesch uniform mol un doen!



    Re: Hüttenwerk

    Nath - 21.08.2007, 11:59


    Sou lo meschen ech mech o mol hei an!!
    Ech well lo hei keen beleidegen oda sou mee ech äusseren meng meenung sou wei aner leit daat hei o well gema hun!!

    Also daat ganzt ass eng gudd idee an et ass op freiwelleger basis!
    Et ass keen gezwongen dei Aluedung unzehuelen an ze kommen! (waat zwar schued wier wann daat den Fall wier muss ech soen)

    Et ass halt mol eng party vun der anerer zort, vier och mol bessen owieslung ze brengen! An et waert ierch och keen zack aus der Kroun faalen wann da ierch verkleed(et ass o net verkleeden et ass sech einfa voll Bauer undoen) an zouloost dass der ierch mol op eng aaner art an weis amüseiert.

    Zum Thema Bauer: dier sidd dach emma dobei wann et heecht lo man ma eppes voll bauermeisseges. An mei BAUER wei daat hei gett et net!

    Ok ech soen nie eppes zum Lola mee lo soen ech et ewer! Heen huet sech dei mei gema daat alles op Been ze stellen an et gett hei nemmen kritiseiert an gemekert an sech gesträubt. Ech mengen dier Hudd o net gaer wann een eppes waat dier an voller Elan organiseiert an et ierch spass mecht nemmen kritiseiert gett!

    Waat ass sou shlemm drun wann da einfa matmaat an ierch amüseiert???? (iwerleet mol an kukt op da wierklech gudd argumenter fand!

    Waat daat mat dem Sangen ugeet! Ech hun daat well oft gema an sin o keen gesangskenchtler. An waat dobei rauskomm ass war einfa nemmen meega witzeg! Ech mengen mier kennen ons all an et kann keen sech blammeieren!(Wann daat er greisst Angst sollt sin)

    Daat do ass elo laang an Breed mein Standpunkt erklärt!



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 21.08.2007, 12:07


    :top:



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 21.08.2007, 14:34


    Also lo mol Kloertext:

    Ech hun keen kritiseiert, dat eenzegt wat ech gesot hun as dass den Laurent :stupid: as. Dat kann keen mer oofstreiden, dat as esou! (Hun och nie behaapt ECH wier normal...)

    Dat eenzegt wat ech bessen scheiss fannen as:

    -"deen den net verkleed as flitt an den Pranger"
    -"dir musst d'invitatioun jo net unhuelen"

    Et geet jo drem dass mer all zesummen eppes machen, an dann fannen ech et net grad ideal eppes ze organiseieren wou een wees dass net jidfereen dat gutt fennt. As wei wann ech iech all geif inviteieren fir en Auto ze restaureieren. Geif villen vun iech och neischt soen, allerdengs geif iech do och keen Zack aus der Kroun faalen...

    Verstan wat ech mengen? Ech hun nie iergendeen kritiseiert. Ech hun nie gesot ech geif net kommen.

    Ech well just deen Dag mat iech verbrengen, dem Marie-Aline sein Gebuertsdag bessen feieren ouni wei en Mettelalterlechen ronderemzelaafen, well ech kann mat der Zeit neischt ufänken. Well wann mer sou ufänken kennen mer och all an enger SS Uniform ronderemlaafen... Ech well mech domat net identifizeieren, färdeg. Dat as mei wei nemmen Bauer...



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 21.08.2007, 14:51


    also zu dem Panger, daat ass esou, mir hun jo mol keen.

    Daat war mei esou am senn vun: "dei dech w.e.g. esou un, daat ass dach net esou trageg"

    Marc, daats du daat net gings man wost ech och schon virdrun, mee dun duecht ech daats du dann och net weilts kommen, well et jo keng mussen sach ass, an ech sin och net beleidegt wann een net kennt well et em neischt seet, mir kennen ons jo an ech wost daat jo schon mei lang.

    Daat war primär eng Motto-Party, fir dei dir och eng invitatioun krut, an sou eppes kann en unhuelen oder net. Ech krut elo schon vun villen leit gesot sie gingen daat eng super idee fannen. Lo ass et awer esou daat et och nach dem Marie-Aline seng Geburtsdaagsparty gin ass waat ech och net schlemm fannen am geigenteel (hat huet daat jo och net esou ongaer) dann mussen mer elo kucken daat mer eens gin an ech denken daat dirft och keen problemm gin.
    Mir machen dei spiller an ween net wöll matman leist et eben sin an :bia:

    Et waerten menger mehnung no mei leit do sin dei net mëttelalerlech rondrem laafen dann ass Equippen obdeelung jo och seier geschitt :wink:

    End Aus

    wei den Manfred Rommel schon sot:
    Jeder hat das Recht auf seine eigene Meinung, aber er hat keinen Anspruch darauf, dass andere sie teilen.



    Re: Hüttenwerk

    antoine_spautz - 21.08.2007, 16:07


    also ech kann den marc gud verstohen dat hirn sech net verkleden well. irgendweih fannen ech dat och lescherlech well odvir gin ech och net ob fursbahlen asw.

    den lola hurt sech jo och net ehn behn ausgerapt vir dat zeorganiseihren.

    soit mengen ech dat d leit eimfach kommen sollen an basta.

    ob engem oldtimerrallye sin d leit och net all vintage.

    ob allefall gin d ritter fekaliseihert an geteert an gefirdert burgen an brand gestach, geplündert an et get alles mat geholl wat net niet an nagelfest ass.

    mat den NS uniformen hurt den marc dat ob den punkt burcht.

    templer sin am fong och UHRNAZIEN



    Re: Hüttenwerk

    Nath - 21.08.2007, 16:54


    Jo ech soot jo just meng meenung!



    Re: Hüttenwerk

    LS - 21.08.2007, 17:38


    Hey, lo mol relax... :)

    Et gët alles rëm gudd.

    Also ech kann besser verstoen een Auto auserneen ze huelen (also en gët jo
    rëm zesummen gebaut) wéi d'Mëttelalter ze feieren ...

    Jo, sécher, jidferengem séng Meenung



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 21.08.2007, 18:11


    ja dir sot jo daat nemlecht wei ech:

    Ech z.B danzen net gaer an dofir danzen ech dann och net, deen deen sech net verkleeden well verkleed sech eben net.
    Mee ech gin z.B net an den Melu an och net ob een tee dansant...

    ech hun nie een gezwongen ze kommen, an wann der awer gaer kommt (wou fir ech durch aus sin!) dann lieft dermat daat et eben enert dem Motto vum mëttelalter steht. et seet jo keen dir mist een vertrag enerschreiwen an dems der sot dir gingt den mëttelalter "cool" fannen.

    Sou ech mengen et ass alles gesot, ech waert mech ob jidenfall net mei zu dem Thema euseren.
    Zesummenfaasen: jiderengem seint! awer all zesummen :olympia:



    Re: Hüttenwerk

    antoine_spautz - 22.08.2007, 07:47


    :troll; :fight: :apfel: :robinhood: :ritter:



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 22.08.2007, 10:42


    :smilefamasani_1 :smile4ani :uzi



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 22.08.2007, 10:52


    @Luc: kuck den Tun an den Marc beweisen grad daat et an der neizeit net manner gewaltäteg ass wei virun 1000joer!



    Re: Hüttenwerk

    antoine_spautz - 22.08.2007, 12:19


    :n21:



    Re: Hüttenwerk

    Nath - 22.08.2007, 13:22


    Sidd dier lo all hei um Kriegspfad oda wei?
    :goodman: wei wier et mat dem? fannen deen zwar besser



    Re: Hüttenwerk

    LS - 22.08.2007, 15:29


    :)

    @ Laurent: naja, kee gudden Beweis, egal,

    :smilie_05

    :) , schéin Smilieen, den Computer brauch 5 Minuten fir se all ze lueden :)



    Re: Hüttenwerk

    Marechen - 25.08.2007, 11:10


    Salut
    lo sin ech mol rem eng keiert hei
    dat as jo mega krich hei do get jo een deen aaneren :axe:

    mais bon zum schluss sin mer jo awer all beieneen an frou mat eneen dat as jo d'haptsach. mir wärten jo net fir mein gebuertsdag unfänken all streit mat eneen ze kreien!!!

    also ech sin frou dass de laurent dat fir mech organiseiert :D

    an dann kann mer eis all eng deck :bussi gin an dann as rem alles an der rei!!!

    also et gett bestemt cool!

    PS: lo kenne mer endlech wessen wat den dan gesin huet wei en aventinus gedronk huet: :elefant:



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 09.09.2007, 17:39


    Sou no deenen groussen diskusiounen hei kenen mer daat thema dann elo ofschleissen!
    Et war een scheint fest an een decken merci un all dei verkleeten, mir haaten iwerzouel!!! :-) Un d'astronauten, och een merci mir sin jo net esou dir wart jo schon ausgestous dann muss een do net mei drop rondrem reiden ;-)
    Och een merci un :Hangman: hat huet den drock gut an zuverlässeg ugewisen!
    op Fotoen muss der leider nach bessen warden, des weideren denken ech daat eng cd wärt rondrem goen...

    Daat ganz get secher nach eng keier widerhol, war jo leschteg!
    bis dann



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 09.09.2007, 17:42


    lo hat ech daat wischtegst baal vergies:
    och en merci und den Waffenlieferant, daat war cool an huet nach eng keier bessen mei mettelalter fealing broucht, ausser dem mecht et einfach nemmen mega spass leit ze verdreschen,
    :whax: :whdat:

    an der selwer op den deckel kreien ass och net onwitzeg, gell du veräter bauer an orientritter!



    Re: Hüttenwerk

    Nath - 09.09.2007, 19:00


    Jo muss soen et war ganz flott!
    Zumols dei spiller zum Schluss wou et vill stress, schwees, an ledeiert fangeren gin sin!
    :wav: :meeting:



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 11.09.2007, 11:01


    Jo muss soen et war ganz spasseg :-)

    Den eenzegen Problem wann een moies sou frei ufänkt as, dass een dann owes schon sou frei midd as :)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 11.09.2007, 13:22


    ja mee daat mecht jo neischt dann geet et eben net esou speit and nuecht ran! Ass awer dofir am ufank hell an et kann een d'spiller man an do baussen setzen! et war een laangen daag daat stemmt



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 14.09.2007, 12:40


    sou daat next joer get eng grousarteg grillsaison, well mir hun dann jiet holz! an et ass es nach bei komm, och net weineg!


    des weideren hun mer elo briquetten, et sin 100kg! Et sin nach 14€ ze bezouelen, wann also een well eng spend man...


    dem Wanter steht an punkto Hütt also neischt mei am wee!



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 10.12.2007, 16:45


    sou ech hun den leschten samsten zur ofwieslung mol rem een messer gemacht, et ass schon vill besser gin wei daat eischt, ab elo man ech der dann och ob nofro... original handmade Schëndelser Messer! :D

    hei fotoen vun menger leschter kreatioun, den tun waert wessen weivill arbescht et war, fir dei aner, ech hun onge4 8 stonne drun geschaft:







    Re: Hüttenwerk

    LS - 11.12.2007, 01:22


    jo, all Respekt.

    Bon 8 Stonnen ass vill, me am Verglach zu aneren Arbechten näicht... :-)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 06.02.2008, 17:26


    an die Baumeister an ween et soss nach intresseiert:
    D'Hütt ass ondicht, bon et huet och vill gereent an et ass schon een wonner daat se op 3/4 drechen ass, naas ass se och net esou richteg, do wou mer op der reenseit dachpapp uneneen gesat hun ass et menger mehnung rangesikert (scheiss kapilarwirkung dei soll sech och un den g haalen!). Bon ech fannen et net derwert fir doweiter eppes ze äneren, muss een just am aan haalen an punkto schimel!
    oder verschweesen, huet een esou een gasbrenner? oder mengt der heisluftfön ging dur goen, dann keint een eng streif teer driwer peschen, wann daat gemach ass kenen mer och bei monsun an der hütt drechen setzen... :-)



    Re: Hüttenwerk

    LS - 06.02.2008, 18:23


    Obwuel een och Silikon kann huelen :) sin ech ob alle Fall dafir fir se mat Bitumen zou ze peschen.

    Wann Bitumen schon am Summer ob der Strooss kann laafen dann wärt jo een uerdentlechen Gliddechloftföhn :) daat och hi kréien.

    Eng Flam geet och. An et muss keng Acythelen-Flam sin :) :) :)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 06.02.2008, 21:03


    ech hun mer baal geduecht du keims mam silicon, ech sin allerdengs och eischter fir den bitumen, ja denken en föhn mist dur goen. mol kucken, muss awer elo nach bessen warden



    Re: Hüttenwerk

    Nath - 06.02.2008, 23:22


    Wei wier et mat Tape?
    :D



    Re: Hüttenwerk

    oli - 07.02.2008, 12:17


    bezwifelen dass tape laang hellt mengen do ass dem lola oder luc seng idee mei wasserfest



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 07.02.2008, 16:47


    Sou en klengen Campinggasbrenner geet do secher duer. Geif dat dann machen wann et mol rem mei drechen as. An sou seier schimmelt do neischt, as jo genuch Loftzirkulatioun :-)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 07.02.2008, 19:03


    voll an ganz denger mehnung!



    Re: Hüttenwerk

    LS - 07.02.2008, 19:40


    Bei 0°C schimmelt et normalerweis net!!!



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 11.03.2008, 16:14


    @ deijeeneg dei et intresseiert:

    hei mein neien projet, sou ass et vun crkt an daat ass net esou belleg wei selwer gemach an et huet keng see an keen flaschenöfner, esou daat ech duecht mes de der et eben selwer! an esou hun ech mol ugefangen et ass opteg esou weit ferdeg, muss awer nach gehärt ugelos an geschlaf gin, grefschouelen mei schein gemach gin eng scheck gebastelt an getest gin. 6mm reck, et waert net briechen :-)
    crkt : http://cgwgun.com/images/CR2050.jpg
    meint:



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 11.03.2008, 16:43


    Schéi schéin :-)

    Wat as dat gutt wann een Klausuren huet, ann kann een dono Messeren machen ;-) (Wéi as et gelaaf?)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 11.03.2008, 19:24


    jo mist gangen sin! Wei, kans du daat net? no der Klausur um auto schaffen zB. hun gester klausur gehaat an an wei ech dohem war hun ech um halwa5 ugefangen bis halwa8 an haut den metten vun halwa2 bis 3 schouelen gemach an ab muer get rem geleiert, daat ass dach net aussergeweinleg?



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 12.03.2008, 11:48


    Hun ech behaapt et wier aussergewéinlech?

    Bei mir as dat genau sou, wollt just soen dass sou Saachen vill mei Spass machen no enger Klausur wéi soss...

    Wat sin Schouelen?

    :456



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 12.03.2008, 17:11


    ah ok sou jo, mecht spass.
    Schouelen = Grëfschouelen



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 12.03.2008, 18:35


    Hehe, ech geif mol behaapten dat schreiwt een Schuelen :-)

    Mengen fir den nächsten Gebuertsdag kris du mol en Dictionnaire geschenkt :finga:



    Re: Hüttenwerk

    LS - 13.03.2008, 01:26


    ech hun nach ëmmer net verstan. Schuelen??? Grëffschuelen??? Waat ass daat!

    Schuel, sou wéi Nossschuel?



    Re: Hüttenwerk

    antoine_spautz - 13.03.2008, 08:56


    Schurlensetzer



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 13.03.2008, 10:59


    Luc: http://de.wikipedia.org/wiki/Griffschale

    Tun: Du hues en H vergiess ;-) -> Schuhrlensetzer



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 13.03.2008, 13:50


    @ Luc: genau daat!
    @Tun: mir hun gester nach gerätselt weis du daat gings schreiwen, du hues ons net enttäuscht ;-)



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 13.03.2008, 14:21


    Woubei een muss soen dass een beim Tun weinstens wees wat hien mengt :axe:



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 13.03.2008, 18:14


    :keks:



    Re: Hüttenwerk

    marcflammang - 13.03.2008, 18:23


    :fressehalten



    Re: Hüttenwerk

    antoine_spautz - 14.03.2008, 09:08


    se misten haut un kommen meng schuhrelsetzer.
    hmm :sm_01



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 15.07.2008, 16:50


    Den 8 august ass zu Vianden groust fest wein irgendengem geburtsdaag, an do ass eng presioun durch Veianen an mettelalterkleedung!
    Schlassfrën vun schëndels trepplen do mat brauchen awer nach enerstützung, dofir get et och een Täschengeld, ech wees awer net weivill!
    mettelaltertenu ass allerdengs virausgesaat, dei get net gestallt, dofir duecht ech elo mol primär un dech Tun an och Nadia, wees net mei waats de bei mir um mettelalter fest un haas, mee kanns jo och vielleicht dem nath seint leinen, oli du daerfs och mat wanns de nach eng tenu fens, brauchs jo am fong och just nach eng box!
    Melld iersch w.e.g. zahlreisch...! Anerer daerfen och mat natirlech, esou lang se viraussetzungen erfelen!
    Daat ganz ass mengen ech owes um 8 auer presioun, dann misten mer eventuelle um 7 do sin, detailer kommen awer nach no!
    waer gut wann der nach min zwee gingen matgoen!



    Re: Hüttenwerk

    oli - 15.07.2008, 18:04


    wees nach netz op ech dann do sin daat ass dei zeit wou ech meng arbecht well ofginn also kann sin dass ech dann rem zu freiburg fier e puer deech sin.



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 17.07.2008, 20:51


    also et geet 50€ fir deen deen matgeht! Als kleng motivatioun enertsetz mat liechter Verzweiflung vum Club schaetzen ech mol...
    Also mellt iersch roueg zahlreich...
    Den Datum keint och den 9ten sin am plaatz den 8ten, sie sin sech wei schenkt nach net esou secher, ech gin daat awer och nach gewouer!



    Re: Hüttenwerk

    LS - 18.07.2008, 17:11


    tscho, ass Pech, déi ganz Woch sin ech zu Hockenheim. :)



    Re: Hüttenwerk

    Gako alias Lola - 22.07.2008, 15:01


    Also wei erward ass daat zu Vianden dann den 9ten August, treffpunkt ass um 19 auer beim schlass!
    Wei gesot mir brauchen nach emmer leit, An fro kent jo esou weit ech daat beurteelen kann just nadia tun an oli, wei ass et west der schon ob der matgid?



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum Endlech en Forum

    Den Herr Spautz an Aktioun - gepostet von Nath am Sonntag 15.04.2007
    Fotoen Aweihung - gepostet von marcflammang am Montag 18.06.2007
    Holzfrënn - gepostet von Gako alias Lola am Montag 14.05.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Hüttenwerk"