Verfügbare Informationen zu "Sport Evo"
Qualität des Beitrags: Beteiligte Poster: LS - marcflammang - Gako alias Lola - antoine_spautz - Eric Forum: Endlech en Forum aus dem Unterforum: Forum Antworten: 33 Forum gestartet am: Montag 09.04.2007 Sprache: deutsch Link zum Originaltopic: Sport Evo Letzte Antwort: vor 15 Jahren, 4 Monaten, 2 Tagen, 4 Stunden, 49 Minuten
Alle Beiträge und Antworten zu "Sport Evo"
Re: Sport Evo
LS - 14.08.2007, 02:10Sport Evo
Sou, hei eent eenzelt Thema fir den Sport Evo:
Déi 1. Fotoen nach eng Kéier:
3 e30en:
An sou gesäit eng Fosse aus wou een d'Waasser aus dem Block léisst...
Re: Sport Evo
LS - 14.08.2007, 02:13
Motor bëssen demontéiert:
Motor bal raus:
Re: Sport Evo
LS - 14.08.2007, 02:15
Re: Sport Evo
LS - 14.08.2007, 02:18
Sport Evo ouni säin Härz:
Lo koum dem Bannenraum drun:
Re: Sport Evo
LS - 14.08.2007, 02:19
An esou gesäit een Sport Evo bëssen eidel geraumt aus:
Re: Sport Evo
LS - 14.08.2007, 11:25
Hei zum Vergläich, eng Totalrestauratioun vun engem Sport Evo an Spunien:
http://www.e30tech.com/forum/viewtopic.php?t=28793
Re: Sport Evo
marcflammang - 15.08.2007, 20:45
Muss soen du mechs dat gutt Luc :-)
Haut as dann nach den ganzen Kabelbaam rausgeflunn. Duerfier hun mer missen den Tank an puer aner nierwensächlech Sachen démontéieren :-)
Den Luc wärt d'Fotoen dozou nach noreechen...
An iwregens: Der Evo blüht, awer net vill. Nemmen dei Platzen dei mer souwisou schon woussten...
Re: Sport Evo
LS - 16.08.2007, 03:15
Ech hun zwar haut net missen den Owend schaffen, mee ech kann lo schon
net méi schloofen. Dann gin ech lo eben déi nei Sport Evo Photoen:
Jo, den Evo blüht!
Hoffen dass ma rëm alles zesummen kréien... :)
Sport Evo huet lo keen Kabelbam méi, ass usech weider keen Problem deen
auszebauen, mee just dass een dofir sou onwichteg Baudeeler wéi den Tank
muss ausbauen wëll een déi Steckeren jo net wëll oofpëtzen...
Hei den kompletten Kabelbam:
Re: Sport Evo
LS - 03.09.2007, 21:53
den Sport Evo mat super Gewiichtreduktioun. Stark Kärelen kréinen sou eng Maschinn aleng vir obgehoff.
Re: Sport Evo
Gako alias Lola - 04.09.2007, 17:58
geilen stänner!!! ;-)
Re: Sport Evo
LS - 04.09.2007, 20:20
eis interesséiert net däin Stänner :)
Re: Sport Evo
LS - 25.09.2007, 23:10
Nei Photoen vum Motor:
Re: Sport Evo
marcflammang - 24.11.2007, 17:33
Sou et get rem neies vum Spocht Eevo:
Den Monsieur Carossier as en haut sichen komm. Zu 5 war dat keen Problem fir en einfach sou op sein Plateau ze hiewen :-)
Lo as mol rem mei Plaatz an der Garage also kenn ech lo raumen an dann lues an lues ufänken den Motor rem zesummenzebauen...
Luc, wei geseit et bei dir mat der Zeit aus dei nächst Week-Ender an an der Kreschtvakanz?
Re: Sport Evo
LS - 25.11.2007, 23:43
Nächsten Weekend sin ech mol zu Lëtzebuerg, samsdes normalerweis Zäit, sonndes och, jus net wann ech eventuell den Cross laafen, mee ech wees net, mengen éischter net.
Ass eng gudd Saach, dann kënne ma um S14 Motor ufänken, gët flott
Re: Sport Evo
LS - 22.03.2008, 16:04
Wéi gesäit et mam Sport Evo aus? Kommen en eng Kéier laanscht kucken wanns de do bass. Du hues ausserdem nach den Autogen Apparat an d'Lackéierpistoul.
Re: Sport Evo
marcflammang - 23.03.2008, 20:29
Jo kloer, kanns gären kucken kommen, lo blüht den Evo net mei :supz:
Scheiss hat schon gehofft du géifs vergiessen dass ech dein Schweessapparat nach hun ;-)
Re: Sport Evo
marcflammang - 08.10.2008, 14:31
Hei gouf et schon laang keng Fotoen mei, duerfier lo mol eng Foto mat Härz :-)
Den Intérieur as och schon weider, mais do hun ech grad gemierkt dass ech dovun nach keng Fotoen hun...
Re: Sport Evo
antoine_spautz - 08.10.2008, 15:19
deih photo verprecht vill, speitsten esou get emgem kloer dat den evo an pur meint wei nei ass.
Re: Sport Evo
marcflammang - 08.10.2008, 19:04
Ech hoffen et as schon an e puer Meint :-)
Re: Sport Evo
antoine_spautz - 09.10.2008, 12:05
hei eppes vir dech an den luc.
http://www.luxauto.lu/fr/details-247682-BMW-318.html
Re: Sport Evo
marcflammang - 09.10.2008, 14:21
Huet een Plaatz fir en Auto iwert den Wanter? Dat do wier eppes fir nächst Joer ze machen... :-)
Re: Sport Evo
antoine_spautz - 09.10.2008, 16:02
ech versinn net ganz, den killsystem muss ersat gin, an dichtung ass dobei.
mengt hirn dat zylinderkap dichtung freckt ass an dat den moto killwasserverleihert?
ass oballfall keen preis an wann en na bis den 07/09 sandweiler hurst kann jo net alt zevill freck sin (rost und so)
Re: Sport Evo
LS - 09.10.2008, 18:06
jo....
ass bestëmmt eng Dichtung um Motor futti.
ass normalerweis kee Problem
Re: Sport Evo
marcflammang - 09.10.2008, 19:17
Den Problem as just, Killwaasserverloscht kann och gerassen Culasse heeschen...
Re: Sport Evo
LS - 09.10.2008, 21:33
jo, kann Culasse sin
Re: Sport Evo
antoine_spautz - 10.10.2008, 08:10
em esou besser wann d culasse een rass hurt, dann muss deih iwerarbecht gin dann kann een gleich meih grous ventiller an spatz nockenwellen anbauen;) resp d unsaugtracker polleiheren.
ass d culasse identech mat deer aus dem 318is e36?
Re: Sport Evo
marcflammang - 10.10.2008, 09:57
Wann d'Culasse en Rass huet dann kanns de déi op den Schrott geheien, an eng nei iwerarbescht dranbauaen ;-)
D'Culasse as net dei selwescht, mais se misst awer passen...
Re: Sport Evo
antoine_spautz - 10.10.2008, 11:48
hmm net deih selwecht passt awer?
BMW B ayrischer M odulbau W agen?????
passt nicht, gibs nicht!!!!
Re: Sport Evo
marcflammang - 10.10.2008, 12:52
Nee dat huet neischt mat Modulwagen ze din :-) Et as deen selweschten Motor, just bessen getunt :-)
Re: Sport Evo
antoine_spautz - 27.10.2008, 10:12
also d POR 15 farw ass den glanz, d nadia an ech hun den käfech dessen weekend ungestrach, ass genial wei d farw nom streichen eng homogenflach erget, mir hun 2 couchen obgedroh an elo lossen mir se eng woch aushärden ert mir den käfech rem anbauen.
ech hun nach iwer een haleft depchen an een ganzt depchen verdenner also wann een bessi brauch.
Re: Sport Evo
LS - 27.10.2008, 12:50
ah wonnerbar, dann kann jo gläich gefuer gin...
Marc, wéi gesäit et mam Sport Evo aus?
Re: Sport Evo
Eric - 16.12.2008, 23:05
@Marc: Sou elo hun ech dann och mol deng Fotoen gesin vum M. Hun jo mol net emol deng Fosse gesin wou se ferdeg as. Wat as dat schon laang hier....
Re: Sport Evo
marcflammang - 17.12.2008, 01:04
Jo dat as wirklech schon laang hier. Dei huet sech an teschenzeit schon richteg rentéiert :-)
Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken
Weitere Beiträge aus dem Forum Endlech en Forum
Ähnliche Beiträge wie "Sport Evo"
Sport-Windschutzscheibe für Burgman AN 650 - heavyburger (Montag 02.07.2007)
Extrem Sport - Kid Mo (Dienstag 18.04.2006)
Irish Sport Horse - §~~PuNkY~~§ (Montag 10.01.2005)
Sport an der Uni - Kleiner Engel (Montag 20.09.2004)
Was für Sport macht ihr? - Pf Cuttin (Dienstag 05.06.2007)
Sport ist .. - URBW1988 (Freitag 15.06.2007)
evo jednog ;) - denis0n (Dienstag 26.12.2006)
Sport!!! - MIKO (Mittwoch 28.02.2007)
K20 CIVIC VS EVO - bundyeg5 (Montag 11.12.2006)
Was macht ihr für Sport? - Wölfchen (Dienstag 06.06.2006)