Beste BMW werkstatt

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Beste BMW werkstatt"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: ZM4000 - ctrlaltde1337 - ///M Gilles - chrescht - Harcy480 - Querfahrer - Skrazzy - M Driver
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: Off-Topic
  • Antworten: 20
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Beste BMW werkstatt
  • Letzte Antwort: vor 12 Jahren, 9 Monaten, 3 Tagen, 18 Stunden,
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Beste BMW werkstatt"

    Re: Beste BMW werkstatt

    ZM4000 - 13.04.2011, 12:13

    Beste BMW werkstatt
    Jongen dir hudd mir gesoot an Deitschland währ en ganz guden BMW Garage mee hun den Numm vergiess dei dir mer gin hudd.
    Ech muss nämlech Oilservice machen goen.

    Kann een bei deem den ölesch :) selwer matbrengen? Weivil Geld soll ech op seit setzen fier den Oilservice??

    Merci wei emer



    Re: Beste BMW werkstatt

    ctrlaltde1337 - 13.04.2011, 12:20


    Wees lo net genee em weieng Garage et sech dreint mais typeschen Präis an Germanien ass sou em dei 120 Euro fir de Wiessel an Filter mengen ech an em dei 200 mam Ueleg.

    Den Z4 brauch 7L Ueleg mengen ech.

    Vläit kann een dat confirmeieren?



    Re: Beste BMW werkstatt

    ///M Gilles - 13.04.2011, 16:07


    Gei bei den Schal op Bitburg, do as Top Service!
    Geif mengen du kanns dain Ueleg selwer mathuelen, hun daat zwär na nie probeiert mee daat geht ganz bestemmt. schreiw hinnen einfach eng Mail, sie äntferen emmer schnell, hun meng Rdv na alleguer sou geholl.
    Normalerweis gin ca 5,5 Liter an dain Motor.
    Ech haat fir 286 Euro, Vidange+Filter+Bremsflessegkeet.

    A bedenk do sin 6 Liter TWS a 20,00 Euro/L ( +TVA) dobei.
    Wanns de dei nach ofrechens kenns de op een ganz akzeptablen Prais fannen ech ;) An du kriss eng Taass Kaffi ofreiert, an deen Ueleg deen zevill ass kriss de schein rem mat, een klengen Triichter dobei,an eng Plastiks Hännchen dass de der d Fanger net knaschtech mess wanns de muss noffellen ;)



    Re: Beste BMW werkstatt

    chrescht - 13.04.2011, 16:52


    Jo Schaal op Bitburg kann ech nemmen recommandeieren. Gin JUST nach dohin. Super fein an du gess selwegt behandelt wanns du am trainingskostum kenns wei wanns du kostum hiem kravatte unhäss. Firun allem sin dei leit mei kompetent wei den kon*z oder schmi*z.



    Re: Beste BMW werkstatt

    Harcy480 - 13.04.2011, 17:13


    Fier en Uelegwiessel geing ech mech NET Geckeg maen fier Extra an Daitschland ze fueren!! Daat e bessien waatz du un € spuers (wanns du an Daitschland iwahaapt eppz Spuers), verleiers du nees un Zait & Stress!! Zumools well Bitburg wait vum Minette ewech lait!!

    Uelegwiessel, brengt all Garage hei am Land normalerweis faerdeg, op Schmitss Mussolinii oda Conz...!! ;)

    Ech ginn emmer bei den Schmits, aus Prakteschen Grenn (wunnen zu Miersch) an vum Service sinn ech och relativ zefridden!



    Re: Beste BMW werkstatt

    ctrlaltde1337 - 14.04.2011, 08:10


    War an der läscht vill bei den Cloppenburg zu Treier. 100x besser wei den Klontz. An nach kann ech mer virstellen dass de Schal besser ass.

    Fir en Uelegwiessel geng ech och net onbedengt an däitschland fueren, fir alles wat mi grouss ass awer schon.



    Re: Beste BMW werkstatt

    ZM4000 - 14.04.2011, 08:36


    Waat kent dir iwert den Muzzolini?? Daat wär fier mech den noodsten



    Re: Beste BMW werkstatt

    Querfahrer - 14.04.2011, 09:55


    Muzzo ass fier mech zwispalteg, engerseits sinn se einergermoßen fein wann ech alt mol Stecker dohin bestellen ginn (kleng Sachen) mee wann ech awer lo kucken bei mengem papp, bei deem waren se awer keen Meter interesseiert fier en 335 ze verkaafen, an kruut gesoot hien soll Preiser doheem am Internet ukucken, dunn hunn mer en beim Schaal kaaft...

    Ech maen et sou: Service -> Schaal, Reperaturen -> Emond (well den Schaal keng eegen Lackeierei huet)



    Re: Beste BMW werkstatt

    ctrlaltde1337 - 14.04.2011, 10:20


    Jo verschidden Garagen bass de oninteressant wanns de net ausgesäis wei wanns de erfollegräich wiers. Kenns de mam Palton an gesäis aus wei en Bänker leien der t'Verkeefer zu Feiss, kenns de normal gekleed eran dann kucken se dech net mam A****.



    Re: Beste BMW werkstatt

    ZM4000 - 14.04.2011, 17:01


    Ma ech sin ungedoen wei en "Bänker" :-)



    Re: Beste BMW werkstatt

    ZM4000 - 18.04.2011, 11:30


    Putain krut grad iwer Telefon den Preis gesoot fier eng vidange ze machen. 350-400€ fier ölservice!!!
    Ech mengen deenen geet et net mei gudd



    Re: Beste BMW werkstatt

    ctrlaltde1337 - 18.04.2011, 11:37


    Jo dat hun ech beim Arnold och scho bezuelt.



    Re: Beste BMW werkstatt

    Harcy480 - 18.04.2011, 12:24


    OilService ass och net graad Uelegwiessel, do ginn och na e puer aaner Saachen gekuckt ewei Filteren gewiesselt. Am Serviceheft steet waat do am Service alles mat dran ass...!!
    Mee 400€ ass zwar effektiv Vill, mengen den Schmits haat mech deemolz eppz klenges iwer 200€ kascht gehaat!!

    Aanerenfalls bestell dain TWS Ueleg per I-Net (Spuers >10€ den Liter) an mechs dain Vidange selwer!! Do just dain BankerOutfitt aus, deen Riskeiers du dier dobai Seier ze versauen..!!? :lol: :wink:



    Re: Beste BMW werkstatt

    ZM4000 - 18.04.2011, 12:46


    Gin bei den werner Esch hien soot ech soll mat 200-250€ zielen daat ass ganz ok fier mech



    Re: Beste BMW werkstatt

    ZM4000 - 18.04.2011, 12:48


    Jo machen ech :-D

    Du bass jo des keier dobei gell am Schluss vum Mound hues des Keier keng Excuse mei :-)

    Harcy480 hat folgendes geschrieben: OilService ass och net graad Uelegwiessel, do ginn och na e puer aaner Saachen gekuckt ewei Filteren gewiesselt. Am Serviceheft steet waat do am Service alles mat dran ass...!!
    Mee 400€ ass zwar effektiv Vill, mengen den Schmits haat mech deemolz eppz klenges iwer 200€ kascht gehaat!!

    Aanerenfalls bestell dain TWS Ueleg per I-Net (Spuers >10€ den Liter) an mechs dain Vidange selwer!! Do just dain BankerOutfitt aus, deen Riskeiers du dier dobai Seier ze versauen..!!? :lol: :wink:



    Re: Beste BMW werkstatt

    ZM4000 - 28.04.2011, 08:44


    Sou Jungs sin bei den Werner-Esch gangen an sin deck zefridden. (Sie hun mir och den rescht vum öl an Mall gluescht) :-p
    250€



    Re: Beste BMW werkstatt

    Skrazzy - 18.07.2011, 21:12


    Main ///M muss demnächst och bei den Schaal,muss een 'Simmering' gewiesselt kréien,well ech minimal Ueleg verléieren,soll emt déi 350€ kaschten...
    Muss just nach op d'äntwert vum Schoeffling waarden,wéinst der Garantie!

    War schon bei den Emond,do muss een minimum 2 wochen waarden fir een rdv,hoffen dass et beim Schaal net méi laang dauert :?



    Re: Beste BMW werkstatt

    M Driver - 18.07.2011, 21:17


    Jo also beim schmitz muss de och mat 2 wochen rechnen.



    Re: Beste BMW werkstatt

    Harcy480 - 19.07.2011, 22:56


    Skrazzy hat folgendes geschrieben: Main ///M muss demnächst och bei den Schaal,muss een 'Simmering' gewiesselt kréien,well ech minimal Ueleg verléieren,soll emt déi 350€ kaschten...
    Muss just nach op d'äntwert vum Schoeffling waarden,wéinst der Garantie!

    War schon bei den Emond,do muss een minimum 2 wochen waarden fir een rdv,hoffen dass et beim Schaal net méi laang dauert :?

    Daat mam Ondichten Simmerring ass eng Typesch e46 ///M3´s Kränkt !! Och wanns du den Dichtring elo wiesselen leiss waert en iergendswann nees erem eng Keier Ondicht ginn. Daat ganzt lait un da ViskoSperre dei um e46 M3 verbaut ass, an d´Ondichtegkeet taucht emmer op da Rietzer AntriebsSait op. Problem kann endgulteg behuewen ginn andeems du dei ganz ViskoSperr erausgeheis, an et ewei den ///MGilles eng Mechanesch Sperre abauen leiss, am Beschten och ewei den Gilles na mat 3.91er Iwasetzung. Do kann den Gilles secherlech een klengen Feedback hei dozou oofgin. Soss bei weideren Infos zu deem Ganzen, ruff dem Bifi emol eng Keier un, deen kann dier och Kontaktadressen weiderginn dei daat ganzt kennen embauen. En plus huet graad en Kolleg vum Bifi den Ludo den selwechten Problem op sengem e46er. Hien baut och op Mechanesch em, an gett Praisslech zuguer na mei Belleg. (mat da Originaliwasetzung).
    Esou baal meng och Ondicht gett, bauen ech direckt op Mechanesch an 3.91er em...!! ;)

    Falls du dech elo geint esou een Embau entscheeds, d´Viskosperre behaells an den Simmerreng wiessels, dann maach dech Net Geckeg fier bis op Scheffleng oda Bitburg etc ze fueren. Den Schmitz, Schweig etc. kennen daat Ganzt och un dengem Auto wiesselen ouni dier mussen den Stress unzedoen fier bis op Bitburg hin an hier ze fueren (waat mat Stress verbonnen ass, haat main e36er emol dohinner bruecht an dinn mier den Stress net mei un... An bei Greisseren Problemer fueren ech souwisou bei keng Bmw Garage sondern do geet et bei Leit wou ech wees dei eppz vum Fach verstinn an 100% wessen waat um Auto muss gemach ginn ---> Mike (Mannheim) Ferring (Euskirchen) etc...



    Re: Beste BMW werkstatt

    Skrazzy - 20.07.2011, 17:19


    Jo,haat daat schon op aaneren Forum'en gelies dass daat eng kränkt wier :?
    Schoeffling (Automobile),d'Garage wou ech main Auto kaaf hun,net Scheffleng :lol:
    Et leeft jo iwwert hier Garantie,dowéinst loossen ech et mol wiesselen,wann et duerno dann eng kéier nees ondicht as,dann gett sech d'mechanesch sperr ugeluecht!
    Soubaal daat dann den fall as,ruffen ech dem bifi oder dier einfach un,dann wees ech dass ech deenen leit vertrauen kann an den auto an gudden hänn as :)



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team



    Ähnliche Beiträge wie "Beste BMW werkstatt"

    Chemie-LK - Shinobi No 5 (Sonntag 07.01.2007)
    chemie lesson - jasmin (Sonntag 01.07.2007)
    *Betreff: * Chemie-Prüfungfrage - Schokoprinzessin (Montag 18.09.2006)
    Bio/Chemie oder Latein? - Usakura (Freitag 16.07.2004)
    GK Chemie (Polzin) - Luk-Ass (Sonntag 21.01.2007)
    Achtung Chemie - adams (Sonntag 14.05.2006)
    Wortkettenspiel -CHEMIE- - Peter (Mittwoch 29.03.2006)
    Physik-Chemie - gogan (Mittwoch 16.03.2005)
    chemie 2 vs. Lok - Droste (Montag 27.08.2007)
    Trickkiste Chemie - Methylbenzol (Sonntag 21.10.2007)