Grüne Hölle M3

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Grüne Hölle M3"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: M Driver - M3 Competition - ///M Gilles - ZM4000 - ctrlaltde1337 - Harcy480 - ollm3 - chrescht - getri - Fighter
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: Biete/Suche Auto BMW
  • Antworten: 34
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Grüne Hölle M3
  • Letzte Antwort: vor 12 Jahren, 6 Monaten, 22 Tagen, 12 Stunden, 57 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Grüne Hölle M3"

    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 07.04.2011, 17:52

    Grüne Hölle M3
    Salut dier Härren,

    ech verkaafen mein M3.

    Jo ech wees, ech sin mell 8)

    Mee et as vill Geld an ech muss jo kengem eppes erklären wei et hei zu Letzebuerg mat den Immobilien ausgeseit.

    Den Forum as kleng, jidderen huet sain Auto, mee ech stellen en trotzdem hei dran, wier natierlech super wann en weider hei am Forum geif bleiwen.

    Fier weider informatiounen meld ierch.


    Prais as 32.500 € a disc.

    Mein Plang as folgend, wann der lo mengt ech geif keen BMW mei fueren, dann hutt der ierch geierrt :wink:

    M3 verkaafen, golf mei speit, warden dann op een gudd angebot an propeieren dann eventuel een m3 e46 ze kaafen deen ennert 20.000 kascht. gett dann den alldaagsauto.
    Kann dest Joer sin oder next Joer. Et presseiert net.

    Greiss Eric





































    Re: Grüne Hölle M3

    M3 Competition - 08.04.2011, 13:22


    Nee wi schued ! Kann deng Entscheedung awer absolut novollzeihen.
    Cool dass de awer welles hues M trei ze bleiwen.
    Aaner Saach, ech mengen ech wees d'Entfert schon, mee echvfroen awer mol :D Verkeefs de den M3 esou wi en ass oder gengs de verschidden Saachen wi Airbox, Setzer,... och eenzel verkaafen?
    Sin intresseiert :wink:



    Re: Grüne Hölle M3

    ///M Gilles - 08.04.2011, 13:26


    Mech reizen och puer Stecker 8)



    Re: Grüne Hölle M3

    ZM4000 - 08.04.2011, 14:31


    Putain ech hätt en kaaf wann ech net lescht Joer mein kaaf hätt. Kann ech der soen!!!! Waat eng gail machine.



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 08.04.2011, 19:44


    Hehe nee verkaafen en schons komplett.

    Mee soubaal en verkaaft as gin et 3 verschidden intressant sachen ze kaafen:

    - Steeschlagschutz fier den Capot
    - Een Setzprotektor fier Recaro Setzer ( Pole Position asw ) och original CSL
    - Een Pyjama mam BMW Logo drop fier M3 Modell


    Eventuel och 2 Pneuen Michelin Pilot Sport cup greisst 235/35 19.



    Re: Grüne Hölle M3

    ctrlaltde1337 - 09.04.2011, 00:17


    Hoooooly crap! Niiiiice wheels! Wierklech schued dass en fortgeet. km?



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 09.04.2011, 09:53


    Merci :wink:
    En huet 64500 KM. As net allzevill fier een Auto deen lo 9 Joer aal gett :D



    Re: Grüne Hölle M3

    Harcy480 - 09.04.2011, 10:00


    Bonne Chance bei da Vente Eric! Fier mech definitiv den aller Gailsten e46 ///M3!!
    An Wierklechkeet gesait en Nach Besser aus!!

    Wann ech esou eppz haet geif ech et net mei hier ginn, geing dann na eischter meng Frendin verschenken ewei esou een Auto ze verkaafen!! ;)

    Hoffen du mechs den richtegen Choix, "Schued" dass ech schon en e46 ///M3 hun, soss....... :)



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 11.04.2011, 06:49


    Merci Cyril :wink:

    Menschenverkaaf as leider verbueden soss geif ech meng Frendin verkaafen,
    an net den auto 8) :wink:



    Re: Grüne Hölle M3

    ZM4000 - 11.04.2011, 09:37


    Eric du schaffs dach bei der Douane. Kanns jo Sachen eran schmugelen an dei dann verkaafen :-D



    NEE NEE MACHEN DEN GECK



    Re: Grüne Hölle M3

    ctrlaltde1337 - 11.04.2011, 10:07


    Haal den Auto. Iwwerfaal einfach eng Bank! Mir verroden och näischt :P

    Nee mais lo am Eescht, am Senn vun der Ennerstetzung hun ech mer mol t'Fräiheet geholl deng Fotoen all op mäin Handy ze setzen, hun alt schon puer Leit se gewisen, bis lo zwar weider nach ouni Erfolleg. Mais weisen se awer mol nach bessen weider rem. Vläit fänkt jo den een oder aneren un mat den Aen ze bletzen.



    Re: Grüne Hölle M3

    ollm3 - 11.04.2011, 12:32


    Main 1er + Praisausglaich? 8)



    Re: Grüne Hölle M3

    chrescht - 11.04.2011, 14:58


    @olli fannen ech fair....ass daat serieux gemengt??



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 11.04.2011, 17:46


    @levi: keint een propeieren :wink:

    @ctrlaldte1337: Merci as fein :wink:

    @oli: dein 1ter as een top auto mee wei geschriwen well ech deen pack Geld op mengem Konto hun. Geseit emmer gudd aus wanns de eppes op der sait
    Hues wanns de een pret unfroen gees.

    Dei idee mam aneren m3 kaafen kann och reicht an 3 oder 4 Joer sin.
    Sin net presseiert :wink:



    Re: Grüne Hölle M3

    ollm3 - 11.04.2011, 18:40


    Jo, 1er + Geld daat war Eescht, mee wei gesoot ech sin och net presseiert... muss mir daat och mol richteg durch den Kapp goen lossen, emsou besser wann kengem eppes fortleeft. Kann och verstoen wanns du leiwer Geld um Konto gesais. :wink:



    Re: Grüne Hölle M3

    getri - 17.04.2011, 13:30


    Lo muss en schon nees weinst enger Bud fort. :cry:
    Hues hoffentlech gud drop opgepasst. :wink:



    Re: Grüne Hölle M3

    Fighter - 18.04.2011, 18:59


    Deen schéinen Auto :cry:

    Ech hoffen du hues dir dat gudd iwerluecht Eric!!!
    Deen ///M3 ass sou gäil.... :D

    Awer ech verstin dech!!!!!
    Mir ass d'Haus och méi wichteg wéi den Auto....
    Obwuel mat mengem Haus kann ech nit duerch d'Géigend fueren :wink:



    Re: Grüne Hölle M3

    chrescht - 19.04.2011, 07:38


    Daat ass wierkleg schued datt en fort muss. Mee en Haus geet fiir...daat ass dei beschten Investitioun fiir Zukunft.



    Re: Grüne Hölle M3

    ZM4000 - 19.04.2011, 07:54


    Elo soen ech fier eng keier eppes am Eescht. Wnas de en crédit froen wells dann kontakteier mech. Meng Frendin schafft an der Bank. All détail iwer PM.
    Och fier dei aner interesseiert natierlech :)



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 19.04.2011, 17:28


    Merci Levi mee daat mam pret unfroen maan ech freistens reicht an 2 joer.

    Un dei aner och all merci.

    @getri: jo genau wei bei dir :wink: jo bis op puer steeenschlei dei bei komm sin as den auto nach genau sou weiss du en haas 8)



    Re: Grüne Hölle M3

    ZM4000 - 03.05.2011, 22:48


    An M-Driver wei vill interesse kris de?
    Mfg



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 04.05.2011, 11:59


    Bis lo just Leit dei sech iwert email gemelt hun. Also bis lo nach keen richtegen interessent do.

    En steet lo 27 deeg am
    luxauto an as well ron 700 mol ungekukt gin.
    As eng schein Zuel mee wann keen sech melt :wink:

    Am deitschen internet steet en sait 2 wochen wann ech mech lo net ierren.

    Warden lo mol bessy of an dann gin ech mol 500 € rof.



    Re: Grüne Hölle M3

    Harcy480 - 07.05.2011, 22:43


    Freck, haat zwar geduecht dass do mei Feedback keim!!?
    Opjiddenfall lait et Secher net um Praiss, du muss just deb Richtegen Amateur dofier fannen! Och wanns du en elo 500€ eroofsetzt verkeeft en sech Net onbedengt Besser...!



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 09.05.2011, 20:06


    Jo wei gesoot, as net een Auto fier jidderen, do muss schons den richtegen kommen.



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 20.05.2011, 16:21


    An fort as en :cry: zreck an Deitschland.



    Re: Grüne Hölle M3

    Harcy480 - 20.05.2011, 17:54


    Main Herzlescht Baileed Eric!! Ech wenschen dier Vill Kraft fier dei Trauresch Nouvelle ze iwastoen...!!! :cry:

    Besser fort an aus dem Sinne ewei dass du en All Daag hei am Land mat iergendengem Hennes geings gesinn ronderem fueren!!

    Soot jo brauchs just den richtegen Amateur ze fannen...! ;)

    Houeren Eric an e puer Joer renns du dech mam Fouss dei Gail Maschine verkaaft ze hun!!!!!!!!!!!! ;)



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 20.05.2011, 18:52


    Merci Cyril :wink:
    Hun d moto jo mol fier dessen Summer, daat treischt mech weinstens bessy 8)
    An 2 Joer steet en bestemmt rem am Internet :lol:



    Re: Grüne Hölle M3

    getri - 24.09.2011, 02:13


    M Driver hat folgendes geschrieben: Merci Cyril :wink:
    Hun d moto jo mol fier dessen Summer, daat treischt mech weinstens bessy 8)
    An 2 Joer steet en bestemmt rem am Internet :lol:

    Huet net sou lang gedauert. :shock:

    http://suchen.mobile.de/fahrzeuge/details.html?id=151380730



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 24.09.2011, 11:18


    Jo as wouer :shock: Prais bleiwt emmer zelwescht.

    Den Auto kritt emmer mei Vierbesetzer. Lo sin et der well 5. Deen en lo keeft as also den 6 :roll:



    Re: Grüne Hölle M3

    ZM4000 - 27.09.2011, 10:16


    Ass en ze extrem mengs de? Fier den all Dach?



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 27.09.2011, 17:25


    Nee net ze extrem, war mir einfach ze schued an wollt einfach een auto
    Deen besser fier den alldaag as.



    Re: Grüne Hölle M3

    Harcy480 - 27.09.2011, 21:50


    2 Wochen mei frei an ech waer en toute suite sichen gefuer...!! :?
    Mee bon vlait och Besser esou..!?? :roll:



    Re: Grüne Hölle M3

    M Driver - 28.09.2011, 07:19


    Jo ween wees wat den getri, ech an deen anneren alles schlemmes mam auto gemach hun :wink: :wink:



    Re: Grüne Hölle M3

    getri - 07.10.2011, 05:42


    M Driver hat folgendes geschrieben: Jo ween wees wat den getri, ech an deen anneren alles schlemmes mam auto gemach hun :wink: :wink:

    Ech war den Paris-Dakar dermat gefuer. :lol:



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team



    Ähnliche Beiträge wie "Grüne Hölle M3"

    Der Gangbang2007 ist online! - chrise (Sonntag 27.05.2007)
    Bin Online - Admin-Ätchen (Dienstag 20.03.2007)
    Weitere Online-Games - -onkelz- (Sonntag 15.01.2006)
    Wer ist heute online? - Chris Larabee (Dienstag 24.01.2006)
    Endlich online!! - Angelika (Sonntag 05.08.2007)
    online spiele - jediman (Sonntag 08.05.2005)
    Was macht die Online Version - TruckerBenjamin (Sonntag 19.08.2007)
    Neue Bereiche Online - joddii (Dienstag 01.03.2005)
    Einladungen Online gestalten ?? - Kerstin (Sonntag 06.08.2006)
    Forum online! - Achaon (Donnerstag 17.05.2007)