Kleng Story aus dem APL

Endlech en Forum
Verfügbare Informationen zu "Kleng Story aus dem APL"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: marcflammang - antoine_spautz - LS
  • Forum: Endlech en Forum
  • aus dem Unterforum: Forum
  • Antworten: 10
  • Forum gestartet am: Montag 09.04.2007
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Kleng Story aus dem APL
  • Letzte Antwort: vor 17 Jahren, 17 Tagen, 8 Stunden, 41 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Kleng Story aus dem APL"

    Re: Kleng Story aus dem APL

    marcflammang - 11.04.2007, 11:16

    Kleng Story aus dem APL
    Salut Leit,

    Ech war den moien am APL an hun eppes erliewt wat mer wierklech bessen d'Flemm agedriwwen huet...

    Ech kommen ran, muss bessen waarden bis ech dann vun dem zerveiert gouf deen ech op keen Fall wollt (hun mat der Zeit sou meng Favoriten ennert hinnen, dei eischtens eppes vun BMW kennen, an zweetens mei kennen wei domm spacken...), mais bon ech konnt et net änneren.
    Sou huet "d'Verkaafsgespreich" dun ugefaang:

    Typchen: Moien

    Ech: Moien, ech breicht fir en 325e vun 1987 Pleuellagerschuelen an en Blockdichtsatz.

    Typchen: Wat?

    Ech: <Erklären wat Pleuellagerschuelen sin...>

    Typchen: <leeft senger Wee an kennt mat engem weissen "Bon de commande" erem an seet:> muss ech kucken ob ech dat iergendwou hierkreien, hun ech net do.

    Ech: An dir kennt mer net soen wat dat kascht?

    Typchen: Nee, muss mol kucken dass ech dat iwerhapt iergendwou hierkreien. Denken dat as sou em 50 Euro. Firwat macht der dei Reparatur iwerhapt?

    Ech: Ma well den Motor en gutt Steck iwer 200'000km huet an well ech net well dass eng Keier en Kolwen un d'Dagesliicht kucken kennt...

    Typchen: Dat as awer eng Reparatur dei geif ech net machen. Wann dann macht direkt alles.

    Ech: Et huet keen wärt alles ze machen, wann den Rescht nach gutt as. Ech hun d'Kompressioun gemooss an dei as gutt, firwat sollt ech dann alles machen?

    Typchen: Wann d'Kompressioun gutt as dann hun och d'Biellenschuelen (Pleuellager) neischt.

    Ech: Wei, wou as dann den Zesummenhang tescht Kompressioun an Pleuellager???

    Typchen: tuddel tuddel

    Ech: Also vun denen Leit dei deen Motor kennen krit een emmer rem gesoot dass een soll em 200'000km d'Pleuellager wiesselen.

    Typchen: Mais verleiert en dann Ueleg un denen Lageren?

    Ech: :?: :?: :?: :?: :?: Wei soll en do Ueleg verleieren?

    Typchen: Ma un den Lageren

    Ech: Ok, ech wees jo dann Bescheed mam Preis, ruffen dann eng Keier un fir se ze bestellen. Eddi.


    Kann een mer soen wat leeft? Wei kommen dei op d'Iddi den Leit sou en onkompetenten Idiot dohinzestellen, deen mir am Fong als eischt kloer mecht ech hätt keng Ahnung, an dann freet d'Sau mech ob den Motor un den Pleuellageren Ueleg verleiert??? An wei hun mer et dann?? Dobei hun ech hien jo guer net seng Meenung gefroot...

    Iwerall regen d'Leit sech op dass zevill am Internet kaaft get, an dass doduerch den Eenzelhandel zersteiert get. Ma wann den Eenzelhandel emmer mei lamentabel get, dann bestellen ech emsou mei am Internet. Do fennt een weinstens kompetent Leit, dei Ahnung hun vun wat se schwetzen...

    Sou, genuch opgereegt...



    Re: Kleng Story aus dem APL

    antoine_spautz - 11.04.2007, 11:50


    hmm jo also ales kloer. lagerschurlen wirselt ehn just wann se urlech verleihren oda wann se net mei lageren.
    an d kurbelwell muss ehn reicht ersetzen wann se net mei kurbelt an wanns du keen problem mat der komressioun hurs dann brauchs du jo och keen kompresser leit dach ob der hand.
    d ventillspill ass wichtech dat net zevill loft aus den pneuen entweichen kann.

    wann ech gewousst haet dass du an den apl wars dann häss du mir ep90 boitenuhrlech matbrengen kennen. hmm

    ass dach eng witzech geschicht
    ech wir mir allerdengs net secher ob sie deih net ob lager haten well dehn scheint jo net allzevill ahnung zehun. dehn hurt secher no enger karterdichtung gesicht;) hmm 325e Hmm dehn mazda kennen ech nach gur net ech kennen just den 323. lol



    Re: Kleng Story aus dem APL

    marcflammang - 11.04.2007, 11:58


    jo kann gutt sin dass sie et awer op lager hun... egal, lo as et iwer internet bestallt...

    ajo wat an menger story fehlt:

    ech: as en 325e

    Typchen: as dat en 2500er?

    ech: nee en 2700er

    Typchen: Mais dann as et jo en 328???



    Re: Kleng Story aus dem APL

    antoine_spautz - 11.04.2007, 12:04


    wei gesoht mazda 325e kenn ik nich ik hab n 323 16v



    Re: Kleng Story aus dem APL

    LS - 11.04.2007, 13:37


    :D :D :D jo, Marc, wanns du dem Typchen schon ganz am Ufank Märecher erziels, dass den 325e trotzdem 2700ccm huet... :D :D :D .

    Jo Pech, deen haat dann eben net vill Ahnung



    Re: Kleng Story aus dem APL

    antoine_spautz - 11.04.2007, 14:29


    mach et wei mein pap
    wanns du an den guichet kenns fres du ob deih persou competent ass an falls dat net den fall sollt sin soll hirn direkt sein chef sichen gohen ;)
    dann sin se esou veronsechert dass du den man kriss dehn alles wess.



    Re: Kleng Story aus dem APL

    LS - 11.04.2007, 14:35


    Jo ass wouer :) :) :) , ass genial...


    "Moien, sidd dier kompetent???"



    Re: Kleng Story aus dem APL

    antoine_spautz - 11.04.2007, 14:44


    pa an voll an d schness.



    Re: Kleng Story aus dem APL

    marcflammang - 11.04.2007, 15:36


    sou wärt ech et d'nächst keier wuel machen...



    Re: Kleng Story aus dem APL

    antoine_spautz - 11.04.2007, 15:38


    dat kent fein. ass bessi rock star meissech.



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum Endlech en Forum

    Stockholm - gepostet von antoine_spautz am Mittwoch 02.05.2007
    Isetta - gepostet von LS am Mittwoch 05.09.2007
    Bauma 2007 - gepostet von LS am Sonntag 15.04.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Kleng Story aus dem APL"

    Crazy Story - >US5B@be< (Samstag 21.10.2006)
    Neues Logo! - Tron (Mittwoch 20.02.2008)
    Kleine Love Story Part1 - uranus (Donnerstag 14.04.2005)
    AC/DC Revival Band - angus-e (Mittwoch 27.08.2008)
    Story of my Katana - NR-Patrick (Donnerstag 01.02.2007)
    Story - alexserious (Samstag 12.05.2007)
    Die wahre Story von der Nacht in der Langen Theke - Jazz (Montag 27.08.2007)
    Unendliche Story - Anonymous (Mittwoch 05.10.2005)
    Kino: 20. November - Lyrdana (Freitag 16.11.2012)
    {Story} Dark Era Rising - Lord Angmar (Montag 11.09.2006)