Emfro: Pneuen um ///M

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Emfro: Pneuen um ///M"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: ///M Flipy - M-Driver - Dr. M-Power - ollm3 - M3deluxe - ///M Gilles - Bifi - Ibanez - E28 - Harcy480 - ZM4000 - Eric - M Driver - Georges
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: ///M Allgemeines
  • Antworten: 44
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Emfro: Pneuen um ///M
  • Letzte Antwort: vor 13 Jahren, 6 Monaten, 15 Tagen, 16 Stunden, 3 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Emfro: Pneuen um ///M"

    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Flipy - 13.02.2007, 12:46

    Emfro: Pneuen um ///M
    Sou, elo wellen mir vun ierch wessen:

    Waat fir eng mark vun pneuen fuert dir op ärem ///M am Summer. An sid dir zefridden oder nett?

    Hei kann een dann och driwer diskuteieren.

    ciao

    PS: ech konnt leider nett mei Marken opzielen, geet technesch nett.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Flipy - 13.02.2007, 12:49


    Ech wollt vleit des joer mol eppes testen. :lol:

    Ech haat lescht joer op mengem e30 Nankang drop. war nett deier, an hun dei richteg gut font! Mir haaten se dun och emol um 320is vum Tom drop, an heen huet och nemmen positiv driwer geschwaart herno. Ausser vleit am nassen... :roll: :P

    also mol gucken, vleit probeieren ech dei mol des joer...


    @ Gilles, du hues dei dach och um 1er gehaat?



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M-Driver - 13.02.2007, 12:56


    Fuern op mengem E46er den Bridgestone S03, deck begeschtert vun dem Pneu, am Dreschenen wei am Nassen, an super um Ring
    Haat virdrun den Michelin PS2, war och en gudden Pneu am normalen, just wann den Pneu mei belascht gin ass, ass en schnell mell gin an huet ungefang zeschmieren. 2 Ronnen Ring war Schluss.
    Am Nassen awer och positiv iwerascht
    Huelen mer lo dest Joer na den Michelin Cup op CSL Felgen fir den Ring, mol kucken waat deen brengt

    Um E30er ass den Falken FK451 oder sou eps, am Dreschenen net schlecht, am Nassen guer net zefridden. Kennt mer nie mei an Haus



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    Dr. M-Power - 13.02.2007, 22:16


    Ech hun an haat emmer bis elo iwerall den Dunlop SP9000 drop an sin och ganz zefriden domat! Mee hannen as et mer emmer egal! Haptsaach kascht nit vill an dämmt gudd!!



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ollm3 - 14.02.2007, 00:23


    Ech hun och meeschtens den Dunlop Sp 9000 oder Goodyear Eagle F1. Fannen dei 2 Pneuen gudd, fannen awer datt den F1 net sou lang hält!

    PS: Op meng 16'' wollt ech lo Semi Slicks machen, wei eng Marquen kann een huelen? Kennt daat ganz secher duech Sandweiler CT?



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M-Driver - 14.02.2007, 09:22


    ollm3 hat folgendes geschrieben: PS: Op meng 16'' wollt ech lo Semi Slicks machen, wei eng Marquen kann een huelen? Kennt daat ganz secher duech Sandweiler CT?


    Mat Sandweiler ass sou eng Saach, wann dei Semi-Slicks Strosssenzoulossung hun, soll et keen Probleem gin. Mee wei mer all wessen, huet daat och net all zevill zesoen, wann den Frendlechen mengt dei wieren net erlabt, bass de rem enmerdeiert an laang am dikuteieren.

    Zu den Semis selwer, kriss der an verschidden Preisklassen
    wees net wann et den Michelin Cup an sou klengen Greissten gett, soll en super Pneu sin, mee kascht och en Steck weider wei z.B. een Kumho an co.
    Den TOYO Proxess soll mol gudd sin, sou wei den Pirelli PZero Corsa
    Bei Kumho oder Bridgestone kanns de och mol kucken, den Br. RE540 geseit een och zimlech op Autoen um Ring

    Eps ass secher, een Semi hällt net laang wann en net seng ideal Temperatur kritt, deis am Strossenverkeier secher nie hinkriss. Wanns de der Semis kaafen wells, dann schnall der se awer nemmen op wanns de op den Ring fiers oder op Trackdays
    An dann ass na dei Saach, brauchs de deen Pneu wierklech????



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ollm3 - 14.02.2007, 14:15


    Merci mol, eigentlech brauch ech se net... haat just welles fir dei op 16'' ze man an dei Felgen dann effektiv ze fueren wann eppes ass wei Slalom, Ring... am Alldag hun ech jo dei vum E31 drop am 17'', mee dofir missten dei Semi dann och secher duech Sandweiler...
    Muss mer et iwwerleen an mol kucken wei eng Moosen et gin, braicht dann am beschten 225/45 oder 225/40.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M3deluxe - 14.02.2007, 17:54


    Haat virdrun den Conti Sport Contact an elo den Michelin PS1 drop.
    Den Michelin fannen ech besser, awer den Conti ass och OK :)



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Gilles - 14.02.2007, 19:34


    Hun um Csl den Dunlop SP Super Sport drop, am fong gudden Pneu deen et awer net mei get. Um E36 haat ech den Pirelli Pzero Rosso, ganz gudden Gripp awer gehirlosen Verschlaiss, haat och den F1 drop mee do fannen ech daat deen pneu naischt fir M3en ass, soubal et iwer 250 Ps geht as den F1 iwerfuerdert fannen ech...ausser am Reen , do as en saugudd waat ech vun deenen aneren net behaapten kann.Jo den Csl kritt am Summer och mol hannen neier me wees na net weieng...mee keen Cup well en eischtens richteg deier an 2ens fir normal stroos net sou daat gielt vum Ee ass :roll:



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    Bifi - 16.02.2007, 19:04


    Bon ech fueren zwar ken M mee well ech heiansdo mol iwwert de Ring Tuckeren, wollt ech dann awer main Pefferkär beileen!

    Ech kann als Strossenpneu nemmen den Goodyear Eagle F1 empfehlen, war immens zefridden domat an och am schnellsten um Ring domat! An dann am naassen, souguer baal ofgelaaf hatten di Pneuen super GRIP! An praislech leien se och gut!

    Als Semi-Slick kann ech den Toyo 888 empfehlen, bei Kollegen funktioneiert den Top um Ring (Autoen: e30 325i, Z3 M an Evo7)

    Pneuen di an der Rei waren fir mech waren den Vredestein Ultrac (dreschen an naass) an den Conti Sport Contact 2 an Michelin Exalto just am dreschnen

    Net empfehlen kann ech den Pirelli Asimetrico, no 6 Ronnen glaat an dauernd enersteieren!!! An och den Firestone Firehawk war net der Brüller.

    ECH EMPFEHLEN DEN GOODYEAR EAGLE F1!!! :twisted:
    BIFI



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Flipy - 06.03.2007, 15:23


    kennt een vun ierch den Dunlop SSR?

    as een semislick. schon een gestest?



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Flipy - 07.03.2007, 09:47


    hun en font.

    http://www.dunlop.de/de/data/tyre/sssr.html


    mengen deen kennt elo drop. :wink:



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    Ibanez - 07.03.2007, 10:37


    Kennt een den AVON ZZR
    http://www.avonreifen.de/car/index.php?page=1861267041&f=1&i=1861267041
    Bei AVON huet an der Zeit emol emmer d'Präis/Leeschtung Verhältnis gestemmt. :wink:



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M-Driver - 07.03.2007, 16:30


    Wanns de keen rengsassechen Semi wells hun, kanns de och den Kumho KU15 an deng Wiel huelen, leit no un engem Semi drun, awer na mei fir den Alldaag ausgeluecht
    Soll en super Pneu sin deen och um Circuit funktioneieren soll ouni am Alldaag anbüssen zemussen



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    E28 - 08.03.2007, 00:38


    mein Favorit, zwar nicht auf´m M, aber trotzdem sehr sehr zufrieden.
    Federal SS595



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    Harcy480 - 09.03.2007, 19:04


    Jongenz brauch aeren Conseil...!!
    Wua elo meng Devis'en ufroen gaang fier d'Summerpneuen...!! Onwahrscheinlech waat do vun Pneuen zu PneuenHändler ennascheeda sinn an den Praisser...!! Heinsdo ass deen een Händler gudd 100€ mei belleg ewei den aaneren...!! :shock: :shock:
    Bon wann ech elo o na d'Felgen flecken lossen dann gett et mech fier meng Verhaeltnissa eng Deier Wix mat den Pneuen zesummen gerechent dei ech waert ausginn...!! :oops: :oops:
    Mee bon kruut elo vun engem Haendler eng Offer gemaa wou ech baal 400€ keint spueren....!! :shock:
    Eenzegen Hoocken et sinn Hancook an vun 2004... :roll:

    Waer daat esou vun Noodeel wann se 3 Joa all sinn ?? Huet keen vun Iech Erfahrungen mat daer 'Marque' ??
    Wi gesoot geing 400€ spueren an waer dofier fier all Tipp dankbar...!!

    Greetz
    Cyril



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Flipy - 09.03.2007, 20:00


    Wann se vun 2004 sin, an se bei dir 2007 glat sin, gesin ech keen problem. Wanns du awer elo nach wells laang domat fueren, dann geif ech se perseinlech nett huelen. Een pneu gett mam alter nett besser, dat sin d'Weiner... :lol:

    mee hues de danns chon hei geguckt: www.reifendirekt.de



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    Harcy480 - 10.03.2007, 12:19


    An den Tester huet den Hankook jo mol na net sou schlecht oofgeschnidden! Zuguer an da 205'er Dimension VORBILDLICH an da AutoBild..!! Mee bon daat varieiert jo och vun Dimensioun zu Dimensioun!
    Waat den Alter ubelaangt do misst och keen Probleem sinn vue que dass se "ereicht" 3 Joa hun an een ab dem 5ten Joa d'Patten davun lossen soll...!! :roll:
    Lossen mier et na emol duerch den Kapp goen & soubaal ech meng Felgen erem hun gett decideiert waat kaaft gett oda net...!! :roll:

    Greetz
    Cyril



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M3deluxe - 02.04.2007, 20:56


    ///M Flipy hat folgendes geschrieben: kennt een vun ierch den Dunlop SSR?

    as een semislick. schon een gestest?

    Daar ass deen, deen den Gilles drop huet :D
    Daat ass den Dunlop Super Sport Race :twisted:



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 03.10.2010, 02:06


    hun Pirelli PZERO CORSA an se sin einfach nemen top. awer menger meenung en bessen ze daier. Next sin hankook semi-slicks mol kuken



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    Eric - 03.10.2010, 22:52


    hun den Pirelli P-Zero Nero an sinn deck zefridden mee bon dei hennescht hun des keier nemmen 9000km gehaal se sinn net geschenkt mee daat muss een sech bewosst sin :D



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M Driver - 04.10.2010, 08:59


    Hun den Pilot Sport Cup drop, wahnsinns Pneuen, am Naassen deif een just net iwerdreiwen. Mam Preis, jo, et deet richteg gudd wei wann een sou een Satz keeft, mee et lount sech wann en um Circuit fiert, versteet sech! Fier normalen Strossengebrauch, fannen ech, sin se zedeier an kommen reicht ab 25 grad richteg op Temperatur wei ech rausfonnt hun.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 04.10.2010, 10:42


    JO also Pirelli pzero corsa sin mega gudd op circuit mee se gin bessen schnell fort. scheiss burnouts :)
    Hun guddes iwer Hankook heieren dofier probeieren ech se next Joer eng Keier foren mech wei se sin um circuit.


    Ah jo Pirelli Corsa um naassen=Mord
    Se sin mega krass gefeierlech :D



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Gilles - 04.10.2010, 14:40


    @M Driver, hun den Cup jo mettlerweil och drop an daat as wirklech den gehirlosen Wahn..mee wei as et mam Prais be dengem Satz, wou waers du der en sichen, ass et den richtegen CSL Cup? also ouni Zousatzbezeechnung?



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    Georges - 04.10.2010, 16:14


    ZM4000 hat folgendes geschrieben: JO also Pirelli pzero corsa sin mega gudd op circuit mee se gin bessen schnell fort. scheiss burnouts :)
    Hun guddes iwer Hankook heieren dofier probeieren ech se next Joer eng Keier foren mech wei se sin um circuit.

    Ah jo Pirelli Corsa um naassen=Mord
    Se sin mega krass gefeierlech :D

    Ech hun den Hankook V12 Evo am 235/35R19 um E90. Ech sin ganz zefridden domat. Sie kennen mat den Top-Marken mathaalen, sin e gudd Steck méi belleg an am Reen deelweis souguer besser.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 04.10.2010, 16:34


    oh daat ass zwar gudd zw wessen :)



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 04.10.2010, 16:36


    http://www.tirerack.com/tires/tires.jsp?tireMake=Hankook&tireModel=Ventus+R-S3

    Hai sin dei dei ech mer normalerweis huelen.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ollm3 - 04.10.2010, 17:11


    Ech haat och welles en Semi Slick ze kaafen, den Toyo R888...



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M Driver - 04.10.2010, 17:29


    @oli: kaaf der den michelin pilot sport cup, den prais as baal zelwescht AN deen pneu geseit weinstens "normal" aus. Beim toyo as den pneu op der sait baal eckeg, geseit bei villen Autoen, menger meinung einfach schaiss aus obwuel den Profil jo gail as mee wei gesoot, passt op vill Autoen net :wink:

    @gilles: Hun mer 2 Saetz fier Vier bei Ebay kaaft, hatten nach genug profil drop an krutt se dofier fier 1/4 vum Prais.
    Dei Hennescht hun ech nei kaaft, krutt se mat remise fier 650.
    Zousatzkennzeechen, keng anung mengen meng hun sou eppes net, deng? N0 a jo fier Porsche. Kriss en och am + .Hun tragfähigkeit 87, net 91



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ollm3 - 04.10.2010, 17:52


    Deen krein ech net an denen Moosen wei ech en brauch, just na Federal SS...



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Gilles - 04.10.2010, 18:56


    @M Driver, nee dei sollen och keng hun...ech froen well et gin 3 verschidden Cupen, N0,N1 an den + , an do gin et Praisennerscheeder an natirlech och Ennerscheeder am Gripp. Den CSL Cup as am Gripp deen beschten, jo Tragfähegkeet as fir 87y an hannen 89y , dann wees de daat et deen richtegen ass. Also 650 Euro as e Super Prais , meng hennescht hun 715 Euro kascht(265/30/19)..beim Schaal, fannen daat nach ok fir eng Garage.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M-Driver - 04.10.2010, 19:49


    @ Oll
    Wanns de wells en Semi-Slick kaafen, sierf der bewosst dass de vill manner KM mat engem Satz mess op den öffentlechen Strossen wei mat engem Strossenpneu, den Grip je no Semi-Slick manner kann sin well den Pneu net seng richteg Betriebstemperatur kritt an bei Reen demno null Grip bis bal keen Grip do ass, wann et mol engker mei schetzeg an Keieren geed. Haat do meng eegen Erfahrungen och mussen maan wei ech den eichten Satz Cup's haat.

    Den Toyo ass schon en gudden Pneu, mei wei mein Namensvetter schons geschriewen huet, bauen dem seng Flanken richteg eckeg. Wann ech richteg an Erennerung hun, sin deng jetzeg Pneuen schon mei schmuel wei Felg, daat kanns de beim Toyo knecken, Flanken gin sou ze warm. Beim Toyo muss de do schon vleit eng Nummer mei grouss huelen an oppassen mat der Radkescht.
    Soss kuck mol nom Dunlop Direzza, ass och en ganz gudden Semi-Slick.
    Sin deen dest Joer engker op engem Kolleg sengem M3 um Ring gefuer, kennt no un den Michelin drun an ass mam Toyo gleichwerteg, wann net souguer en Tick besser. Baut och mei schnell Temperatur op an soll mei lang haalen wei den Toyo.
    Hei en Link: http://www.dunlop-tires.com/dunlop_dede/Images/2010-04-30%20Direzza%202010%20Infoblatt_tcm430-85618.pdf



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 04.10.2010, 20:32


    Jongen gidd op www.tirerack.com
    Am internet get gesoot dass sie einfach die bescht sin fier Pneuen do fand der all Pneu all Kritik Videos an erklärungen hun Stonen do verbruescht fier Pirelli ze wielen um end :)



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 04.10.2010, 20:42


    Voila vill spaas :)

    http://www.tirerack.com/tires/surveyresults/surveydisplay.jsp?type=MP



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ollm3 - 04.10.2010, 21:10


    @Luc, ech fueren net vill (3000-5000km/Joer) souwait ech wees faalen d semi slicken awer mei breed aus wei en normalen Stroosepneu, oder? Ech giff am leifsten en 225er huelen an net mei grouss wei 40, mee do fenns de naicht, misst also op 45 serie rop an demno wei 235, waat awer viir vlait ze breed giff, obschons ech Kollegen hun dei op een 235 um Carre um E30 M3 schwieren...
    Muss mer et iwwerleen, meng Dunlop (Sp9000) hun souwisou nach Profil.
    Eng aner Alternative, den semi op dei original 16Zoll fir wann en op de Ring oder Slalom oder sou, an dei 17 just eben Stroos an Treffen, mee emmer daat gewiessels :?



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M Driver - 04.10.2010, 22:34


    Lount et sech dann iwerhapt fier Semien Oli. Mat engem Michelin PS2 oder anneren mecht een naischt falsch. Jo dann wiesels de hin an hier, mechs de och net eiweg, geet der iechent engkeier op den Sack :wink:

    @Gilles: Hun jo och CSL Felgen drop an dei moss och. Jo hues Recht, fier eng Garage as et een gudden Prais. Mee hat geduecht den Fodes haet der een Satz verkaaft ??



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M-Driver - 05.10.2010, 18:36


    @ Oll
    am normalen baut en Semi emmer liecht mei breed wei en Strossenpneu
    dei eng mein, dei aaner manner, am beschten emmer um Detailblatt vun demjenegen Pneu kucken waat genau fir een Breed an mm se ungin.

    Bei dengen 17" gett et eh schons knapp mat Semi'en an der Radkescht, wanns de op 45er Serie muss wiesselen, also keinnt ech mer virstellen dass et mat 235er ouni ze bördelen ganz ganz knapp keinnt gin
    (oder du dreins en nees mei heich :P )

    An daat mat op 16" Felgen an allkeiers wiesselen, daat mess de net dachs an fiers herno awer emmer mat den selweschten Felgen ronderem
    Wees et aus Erfahrung, haat unfanks emmer nemmen CSL-Felgen mat den Semien an BBS CH'en mat Strossenpneuen, schlussendlech bloufen CSL Felgen bal emmer drop och wann et nemmen bessen iwert Landstross gung, well et mer einfach ze emständlech war allkeiers ier ech fueren wullt eng hallef Stonn ze verbrengen fir Felgen ze wiesselen.
    Lo hun ech op den BBS an den CSL Semi'en monteiert, dann ass mer den Praisennerscheed vun den Pneuen zimlech wurscht, weinstens ech kann fuern wann et dorunner ass.
    (Fuern jo och net vill mam M3, wann et heich kennt, wert ech dest Joer, wei dei lescht 2 Joer och, knapps un dei 3.000km kommen)

    Mein Tip, kuck vleit aal Semien an dengen Mossen ze fannen bei engem Pneuenhändler an monteier se einfach engker op deng Felgen, daat kascht keen Geld an geseis direkt op et passt oder net, iers de lo puer honert Euro ausgess an et herno net passt.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 05.10.2010, 19:41


    oh wei krass dir fuert guer net vill km an engem Joer. Ech hun bis elo des joer 11 000 km an fueren mol net op arbescht domat :( an den auto fiert just am sumer.



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M Driver - 05.10.2010, 20:05


    Jo, beim Luc as et lo bessen Extrem, hun geint 9000 km gema. Deen Ring as zeweit fort :wink:



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ///M Gilles - 05.10.2010, 20:40


    @M Driver, majo heen sollt mer als eischt een Satz verkaafen, mee well ech sws hun missten bei den Schal weinst enger Reperatur hun ech an engems een Prais gefroot fir den Cup an deen wär d selwescht wei beim Fodes ;)



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 05.10.2010, 22:17


    www.pneus-online.lu

    do sin preiser net schlecht an mengen 10 euro mei an et krit een se och monteiert bei engem Garage ganz noo



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    M Driver - 05.10.2010, 22:45


    Deen freet 740 den Satz hannen, dann as den Schaal jo mei belleg :wink:



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 06.10.2010, 09:08


    OH GUDD ZE WESSEN :D



    Re: Emfro: Pneuen um ///M

    ZM4000 - 08.10.2010, 16:48


    fuck hun grad gemierkt dass den naien M3 GTS mat PIRELLI P ZERO CORSA ASYMETRICO kent sin elo nach mei stolz op meng Pneuen :D



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    Rundfahrt zur Schweiz und zurück - gepostet von ///M Flipy am Mittwoch 07.02.2007
    Colin Mcrae - gepostet von Bandit am Sonntag 16.09.2007
    BMW Werksbesichtigung - gepostet von ///M Gilles am Freitag 12.05.2006
    M3CSL Tracktest Dsf !! - gepostet von Harcy480 am Donnerstag 23.11.2006
    E30 M3 racing pics - gepostet von ///M Flipy am Samstag 04.02.2006
    Rout MHW reckluuten fiir den e30 - gepostet von chrescht am Donnerstag 14.06.2007
    Bremsen e34 - gepostet von chrescht am Samstag 31.03.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Emfro: Pneuen um ///M"

    Nei Pneuen ouni Loft vun Michelin - dantouring (Dienstag 26.09.2006)
    Stolfelgen am 5 Lach mat Pneuen - Bifi (Mittwoch 17.05.2006)
    Emfro: Verbrauch vun Aerem M ??? - Harcy480 (Freitag 11.08.2006)