Seniors A

http://www.bcmess.lu
Verfügbare Informationen zu "Seniors A"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: Fraenz - Mich - schlinn - Knätzel - Giele Jong - Gilles6
  • Forum: http://www.bcmess.lu
  • Forenbeschreibung: BCMESS ONLINE
  • aus dem Unterforum: BCMESS HOMMES A
  • Antworten: 12
  • Forum gestartet am: Mittwoch 11.10.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Seniors A
  • Letzte Antwort: vor 17 Jahren, 4 Monaten, 15 Tagen, 11 Stunden, 4 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Seniors A"

    Re: Seniors A

    Fraenz - 11.12.2006, 16:45

    Seniors A
    Ech muss déenen gratuléieren fir déi leischtung vum samsten. Daat war daat schlemmst waat ech séit joeren op der mess gesin hun. Do froen ech mech waat daat mam trainerviessel ze din haat. Lo missten all déi sech mol froen stellen déi de Jang ofgesait hun, well déi eng hun nach nett besser gespillt an déi wou gudd drop waren hun sech elo och nach ugepasst. An all déi virförf déi dem Jang gemach gi sin no dem Match vun Conter, kann ech nemmen soen dass mer nach genau sou an nach vill méi schlecht gespillt hun. Daat as e beispill wéi éen et nett soll machen.
    Hoffen dass geschwenn en neien trainer do as an dass sech e mol verschieden spiller selwer a fro stellen.



    Re: Seniors A

    Mich - 11.12.2006, 17:42

    Re: Seniors A
    Den ironesch gemengten Sproch mam Gratuleieren hätt net missten sin, maer sin jo nemei an der Spillschoul!!!!
    Mee gin der recht an froen mech och waat dei leechtung vun en Samschden mam Trainerwiessel zedin haat, nämlech absolut naischt! Well maer hätten mam Jang net besser gespillt, vieleicht awer och net mei schlecht!
    Zu daer Fro mam ofsähen, wuar jo och een vun denen wou den Jang nemei wollten! Net well ech Problemer mat him perseinlech haat mee einfach nemen wel ech ma geduecht hun dass an der Situatioun wou maer wuaren eppes muss gescheihen! Daat as nunmol esou, wan een all Match verleiert dann muss eppes gescheihen!
    Et huet sech elo awer eraus gestalt dass maer einfach net besser gin sin! Daat leit awer net dorun dass den Trainer net gud genug as, mee einfach nemen dorun dass net all mensch motiveiert as wan en um terrain steht oder daat mecht wou den Trainer him seht! Wan ma aleguer zu 150% motiveiert wären an daat geifen man wou ma gesot kreien dann wären ma elo net an deser Situatioun!!



    Re: Seniors A

    schlinn - 11.12.2006, 22:49


    ech wees lo net wann ech recht hun daat heien lo ze soen, mee wollt mol einfach soen, dass ech daat scheiss fond hun, dass d spiller den jang rausgeheit hun an net den comité, well et as dach normalerweis um comité een rauszegeihen an net un den spiller oder hun ech do epps falsch verstanen? :?



    Re: Seniors A

    Mich - 12.12.2006, 09:50


    Daat as schon richteg, mee Spiller hun en jo och net eraus geheit! Spiller hun just gesot dass sie eng änerung ob der Trainer positioun weilten! An dann as et um comité en entweder ze haalen oder en ze entlossen!
    Mee et as nunmol esou dass wan dei meecht Spiller netmei domat averstanen sin dann huet et och keen waert den Trainer ze haalen. Daat eenzegt wou een domader erreecht as dass Spiller lues an lues emer mei onzefriden gin! An dat brengt jo och kengem eppes.

    Mee dei entgülteg Decisioun leit beim comité an net bei den Spiller! Obwuel een soen muss dass den comité bal keng aner wiel huet wei den Trainer ze entlossen wan dei meecht Spiller dogeint sin!



    Re: Seniors A

    schlinn - 12.12.2006, 16:04


    jo ok, muss da Recht gin, mee dir hud jo awa gesinn, dass daat net vill gedingt huet wei den Trainer rausgeheit gin as oder? :roll:



    Re: Seniors A

    Mich - 12.12.2006, 16:14


    Jein, obmasnt wuaren ma dehn match gein Pikes motiveiert durch dei decisioun!
    As awer richteg dass ma durch den Trainerwiessel net mei Matcher gewonnen hun wei virdrun! Trotzdem sin ech der meenung dass et eng gud decisioun wuar. Mee daat as elo just meng Meenung dozou, ech hun font dass ma mam Jerome gud traininger haaten an dass hien eis och gud ob Matcher virbereed huet! Dass maer net daat maachen wou ma gesot kreien oder eben keng 100% gin, daat as net dem Trainer sein fehler!

    Du kanns enger equipe wou net mecht waat den trainer hinen seht och den bechten Trainer dohiner stellen! Dann klappt dei Saach net!
    Können vun engem Trainer erkennt een ereicht wan equipe daat mecht waat den Trainer hinen beibrengt an seht!
    Wan een aus equipe eppes anescht mecht wei daat wou den Trainer wel dann kann een och net soen dass den Trainer net gud as!

    Mee bon, daat as elo meng Meenung dozou! Do huet jidereen eng aner.



    Re: Seniors A

    schlinn - 12.12.2006, 17:12


    ma dann maat dach mol entlech waat den trainer zu iech seet :wink:



    Re: Seniors A

    Knätzel - 13.12.2006, 00:21


    Den neien Trainer an den éichten Training lo mool gesin...mengen do kent freschen Wand op hehe..Huet mer mool gud gefall! Well eis Hären waren ellen midd dono..mee se hun sech gudd drugin an sie haaten Spaass, daat huet een gesin..
    Michi waat ses du dozou?



    Re: Seniors A

    Giele Jong - 13.12.2006, 09:31


    Jo Mich. Eng Äntwert, eng Äntwert, eng Äntwert...
    Se kennen geschter osech och den Arsch opgerappt hun an d'nechst Woch net mei. Stell, daat ass emmer am Ufank. Bei ierch ass daat dach och emmer. Wells dech beim Trainer beweisen an dono, wanns de en op denger Säit hues oder dass de gesais dass de emmer spills, dann gess de dech och net mei esou drun wei am Ufank!!!



    Re: Seniors A

    Mich - 13.12.2006, 10:38


    Ma den Mich seht dozou:

    Hun den Training geschter ganz gud fond! Jidereen huet haart traineiert, waat zum engen dorun lung dass keen wollt Pompelen wei en verreckten an zum aneren eben dass jidereen en Sonnden wel beim neien Coach spillen! Dann muss een eben weisen waat en kann!
    Mengen och dass en Ahnung huet vun dem wou en mecht, wou ech awer soen dass bal all Trainer den eischten Training Ahnung huet! Mee hun daat gevil bei him dass en och wirkelech wees vun waat en schwätzt an net iergendwelch Wierder do an den Raum geheit wou hien an maer net verstin!
    Waat ech ganz gud fannen daat as dass en, mengen ech, equipe motiveieren kann an dei Leit bestroft wou net welen! Fannen daat ganz gud, well daat den eenzegen Wee as fir dass jidereen alles get um Training! En daerf just do net labber lossen an daat durch zeihen bis zum Schluss! Wan en daat faerdeg brengt dann kann hien der equipe ganz vill hellefen.
    Mei kann ech no engem Training net iwert en soen! Hoffen dass en den as wou ma gebraucht hun an dass ma endlech dohiner kommen wou ma an der Tabell missten stoen!!
    Lo kucken ech emol wei en dei Saach weider mecht an wei equipe en Sonnden an dei next Matcher enert him spillt!!

    Hoffen Leit sin all zefriden mat mengem Kommentar! :D



    Re: Seniors A

    Gilles6 - 13.12.2006, 12:44


    Majo Mich, ech gin dir do och vollkommen rescht, an mengen dass hien dat ganz gudd wärt maachen! alleng sain Speech huet mech scho faszineiert, an wann sain Training emmer sou oofleeft, verbrengen mir nach oft schein Stonnen! Hoffen dass mer als Equipe nach all um Ball bleiwen, och wann den Rimm lo mol ordentlech beigezun gett(wat ech mol hoffen :lol:)

    1 - 2 - 3 - family :D :D :D :D :D :D :D



    Re: Seniors A

    Knätzel - 13.12.2006, 13:10


    @giele Jong: jo do kéins de och Recht hun, mee et leit awer un der Ekipp emer déi Energie um Training opzebréngen an et Leit um Coach déi kennen ze haalen...

    @Mich: gudd Äntwert :lol:

    Natiirlech as den Sonden och net grad deen einfachsten Match. An eng Equip kritt een och net vun haut op muar geännert oder verbessert. Et fehlen Basis Saachen an déi kommen lo.

    An deem Senn: Allez Mess!



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum http://www.bcmess.lu

    Zreck ant National 2 - gepostet von speitzmännchen am Dienstag 27.03.2007
    Journee du Basket - gepostet von Dani am Sonntag 12.11.2006
    Darrell Moore - gepostet von mitch am Freitag 15.12.2006
    Seniors A - gepostet von cadette am Mittwoch 11.10.2006
    Petitioun FLBB - gepostet von Minutt40 am Montag 29.01.2007
    PAPEIERSAMMLUNG 13/01/2007 - gepostet von adminbcmess am Dienstag 09.01.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Seniors A"

    Seniors A - cadette (Mittwoch 11.10.2006)