Airbox mat Apha n oder Lmm?

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Airbox mat Apha n oder Lmm?"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: M3 Competition - M Driver - ZM4000 - M-Driver - Harcy480 - ollm3 - Fighter
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: ///M Allgemeines
  • Antworten: 26
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Airbox mat Apha n oder Lmm?
  • Letzte Antwort: vor 13 Jahren, 2 Monaten, 5 Tagen, 13 Stunden, 40 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Airbox mat Apha n oder Lmm?"

    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M3 Competition - 03.02.2011, 12:14

    Airbox mat Apha n oder Lmm?
    Salut alleguer,
    Wou sin hei d'Airbox Spezialisten ? :D
    Et ass esou, ech geng gären eng Airbox op main M3 E46 dropbauen lossen.
    Do virdrun stellen sech mir awer nach puer Froen, di ech mat ärer Hellef hoffen beäntfert ze kreien 8)
    1) Waat mecht mei Senn, eng Airbox mat Alpha n oder mat LMM (Luftmengenmesser) ? A savoir, dass et mir haaptsächlech em de gailen Usaugsound geed wi beim Csl a net onbedengt fir Ps ze gewannen.
    2) Wann ech mech sollt fir eng Airbox mat Lmm entscheeden, ass daat absolut Alldachstauglesch ze fuern? Wi ass et mam Lmm selwer, packt deen iwerhaapt dei vill mei Loft dei do duerch d'Airbox era kennt, oder ass do di ganzen Zait neien Lmm kaafen ugesoot?
    3) Wann ech mech fir eng Airbox mat Apha n entscheeden, wi ass et do mat der Alldachstaugleschkeet? Kann daat esou propper agestallt gin,dass een do keng Probleemer mat ruckelen, Feelermeldungen etc huet?
    4) Mat beiden Airboxsystemer, wei ass et wann eng Inspektioun oder doss eng Arbescht um Auto muss gemach gin, gin do d'Meschaniker vu Bmw nach emmer eenz oder gin daat Schwiereschkeeten?
    5) Mat beiden Airboxsystemer, wi ass et mam passage beim Snct ? Krut iergendeen Probleemer? Huet vlaicht een Pabeiren fir d'Airbox? Huet vlaicht suguer een et opt Gro Kaart androe geloos?
    6) Waat fir Airboxen kennt dir emfeelen? MAC an Göke solle ganz gut sin. Wei eng hun daat beschten Praisleechtungs Verhältnis?
    7) Prais, waat muss ech ongefeier rechnen?

    Voila ech denken daat ware mol meng haapt Froen. Ech hoffenech iwerennen iech lo net hei mat deem ganze gefrots :roll:

    Oballefall Merci fir Hellef :D



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M Driver - 03.02.2011, 12:46


    Ech schwaetzen lo vun der originaler CSL Airbox

    Et as definitif alldaagstauklech, well ab 3500 Touren geet d Klapp reicht op, sou hues de bis do hinner een gudden Auspuffklang.

    Bei mei kritelesch Inspektiounen geif ech oppassen wouss de gees, um Ring sin jo puer Garagen dei gudd am Motorsport dabei sin, Raeder Motorsport,...

    Fenns der jo puer am Internet. Preis aleng fier d Airbox leien emmer em dei 1500 Euro. Mee daat as net den leschten Prais.

    Hei am Forum sin vill Leit mat Airboxen vun Tuneren, dei hellefen der dann nach mei weider :wink:



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M3 Competition - 03.02.2011, 14:16


    Am leifsten hätt ech jo och eng orginal Csl Airbox.
    Leider ass deen Embau anscheinend richteg deier :roll:
    Als eischt brauch een jo mol eng Csl Chassisnummer, soss kritt een jo mol d'Airbox guer net. An da kascht dei jo schon alleng 3000€ wann ech mech net ieren. Dann asd se nach net agebaut a net agestallt. :roll:



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M Driver - 03.02.2011, 16:43


    Jo ech haet se selwer och net kaaft. Haet dann eischter eng aner verbaut.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ZM4000 - 03.02.2011, 18:07


    Den probleem ass duerno se androen! Goeke verkeeft mir eng mee ouni Tüv



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M-Driver - 03.02.2011, 21:27


    Airbox ass emmer een scheint an längert Thema :P

    Do muss de dir vun Unfank un fir d’eischt mol Fro stellen, weis du dein Auto genau wells notzen, sierf et als Alldaagsauto oder just fir Weekender am Summer. Airboxklang hin oder hier.
    Wanns du den M3 emmer fiers, am Summer wie am Wanter, geif ech leiwer Lmm Variante notzen, manner Probleemer mat der Motorelekktronik an den Temperaturschwankungen.
    Wanns de den M3 als rengen Hobbyauto hues, nemmen am Summer fiers asw., dann kann een iwert eng Alpha-N nodenken.

    Lo mol dengen Froen no.

    1) Waat mecht mei Senn, eng Airbox mat Alpha n oder mat LMM (Luftmengenmesser) ? A savoir, dass et mir haaptsächlech em de gailen Usaugsound geed wi beim Csl a net onbedengt fir Ps ze gewannen.

    Wann et nemmen emt den Klang geed, huel Variante mat Lmm.
    Muss net extra op en Preifstand fir do die nei Motorkennlinen rauszefueren, well all die Varianten wou nemmen eng aaner Software opgespillt gett, kanns de vergiessen. Dann ass et nir op dein Motor ofgestemmt.
    Mat Lmm kanns de just net all Airbox fueren, muss der dann eng kaafen wou den Unsaugduerchmiesser plus-minus dem entsprecht, waat lo org. der Unsaugung entsprecht. (emt die 100mm Duerchgang)
    Do ass z.B. die vun Mac net ganz unzeroden, entweder die vun Göke mat Lmm-Variante oder die aus dem m3shop mam Reduktiounssteck z.B.
    Falls de lo sou eng wells ala CSL mat 300mm Öffnung, kann den Lmm net mei richteg regelen an die Motor stockt die ganzen Zeit rem.
    Ech hun der zwar eng verbaut, mee fueren mat enger um Preifstand ofgestemmter Kennline.

    2) Wann ech mech sollt fir eng Airbox mat Lmm entscheeden, ass daat absolut Alldachstauglesch ze fuern? Wi ass et mam Lmm selwer, packt deen iwerhaapt dei vill mei Loft dei do duerch d'Airbox era kennt, oder ass do di ganzen Zait neien Lmm kaafen ugesoot?

    Mat Lmm ass mat kengen greisseren Probleemer ze rechnen, well et jo die org. Motorsoftware ass an bleiwt.
    Dein Motor kann sech also wie virdrun och emmer den Verhältnisser regelen, wie mat der org. Unsaugung. Eben just oppassen, dass de der eng Airbox keefs, wou Unsaugsöffnung der richteger Greisst entsprecht. Do bruachs de dann och keen neien Lmm kaafen, schrauws den org. Lmm einfach op die virgesinnen Platz ran an faerdeg. (resp. muss nach Lach bouren, fir den Lmm ze verschrauwen.
    Oppassen, op den meeschten Fotoen vun Airboxen, geseit een vir emmer een Aluminiums Rang, deen ass nemmen fir een Loftmassenmiesser dran ze verschrauwen, daat kennt nemmen an den Fall, wann een op Alpha-N geed, well deng Elektronik emmer wessen muss, weivill Loft ran kennt an mat wie enger Temperatur.

    3) Wann ech mech fir eng Airbox mat Apha n entscheeden, wi ass et do mat der Alldachstaugleschkeet? Kann daat esou propper agestallt gin,dass een do keng Probleemer mat ruckelen, Feelermeldungen etc huet?

    Wanns de op Alpha-N gees, kann et gaeren virkommen mat enger schlechter Ofstemmung, dass dein Motor ruckelt oder Fehlermeldungen kommen.
    Wann et awer vun engem „Profi“ angestallt gett, dierft normalerweis keen Probleem optauchen. Betounung op dierft.
    Falls de geifs op Alpha-N goen, loss der nemmen net nemmen eng aaner Software opspillen. Wann een schon dorober geed, dann soll et och richteg gemach gin, an die nei Motronik schein um Preifstand rausgefuer gin. Do gin et puer gudd Adressen an Daitschland, sierf et z.B. bei VGS zu Köln oder beim Henni, wou den Oll och seng Anstellung krut um M3.
    Och oppassen, weens de daat machen lossen wells, do sin der och puer dei der vill verspriechen, mee herno eng schlecht Ofstemmung raus kennt.


    4) Mat beiden Airboxsystemer, wei ass et wann eng Inspektioun oder doss eng Arbescht um Auto muss gemach gin, gin do d'Meschaniker vu Bmw nach emmer eenz oder gin daat Schwiereschkeeten?

    Ob Mecanicien’en bei BMW dann nach emmer eenz gin, ass eng Fro fir sech :lol: hengt emmer davun of wou’s du gees
    Nee Spass bei Seit.
    Also mat der Lmm Variante kreien se keen Probleem, ass jo bis op Airbox selwer nach emmer alles Original. Daat eenzegt ass eben den Filter, deen muss de emmer selwer wiesselen wann et kang CSL Airbox ass, oder eng CSL-Nobauairbox (wou den Filter bannen an der Airbox verbaut ass)
    Mat der Alpha-N Variante gett et schon bessen mei kritesch. (schwaetzen aus Erfahrung)
    Do muss de ALLKEIERS wann dein Auto an Garage geed drop hinweisen, dass se nemmen ne tun DME gin (Dynamesch Motorelktronik) well soss nees die normal Elektronik dropgespillt gett. Well dann kanns de nees op den Preifstand goen an der nees eng nei rausfueren lossen.
    Den Probleem ass deen, dass wann se den Computer un den Auto haenken, deen emmer freed, fir die neitstens Versioun vun der Software dropzespillen. Scheinbar soll daat vun BMW selwer kommen, das se daat emmer sollen maan fir den Auto u pro date ze hun.
    Den Computer freed awer scheinbar och, ob en DME soll updaten, an do MUSS du drop bestoen, dass se daat nemmen net maan.
    Ausser der Saach mat der DME, ass awer soss och naischt extras wou se mussen drop oppassen.

    5) Mat beiden Airboxsystemer, wi ass et mam passage beim Snct ? Krut iergendeen Probleemer? Huet vlaicht een Pabeiren fir d'Airbox? Huet vlaicht suguer een et opt Gro Kaart androe geloos?

    Do gin Meenungen auserneen. Fir richteg misst du se androen lossen. Kanns de awer ouni een TUV-Gutachten hei an Lux. Vergiessen, Sie maan der daat net hei, ausser du hues gudd Kontakter.
    Bei mir hun se bis dato nach nie eps gesoot vun der Airbox. Haengt vill davun of, weens de op der Piste hues.
    Waren der scheinabr schon, die um CSL gemekert hun, dass Airbox net original ass an se misst angedroen gin. Also wie gesoot, entweder hues Chance an kennst ouni Diskussioun duerch, oder du hues Pesch an se maan der en decken Kapp weilt der Airbox.


    6) Waat fir Airboxen kennt dir emfeelen? MAC an Göke solle ganz gut sin. Wei eng hun daat beschten Praisleechtungs Verhältnis?

    Vun der MAC sin ech perseinlech lo net sou iwerzeegt, aanerer schwieren awer drop.
    Perseinlech haalen ech mei vun der Göke Airbox. Die Airboxen sin eichtens mei Formschein, besser Duerschfloss fir Loft an besser Trichteren dran verbaut. Enplus leit den Filter bannen an der Kescht an ass baugleich dem CSL-Filter. Kanns se mat Lmm fueren, awer och mat Alpha-N an wann de een Schlauch no ennen lees, kriss de nemmen fresch Loft vun baussen ran an se saugt keng warm Loft aus dem Motorraum.
    Die och nach gudd ass, ass eben die aus dem m3shop. Daat eenzegt waat mir do perseinlech net gefällt, ass dass de een Champignons-Filter ennen am Parechoc muss setzen mat enger Schlauchfeierung rop zur Airbox. Fir een deen Airbox am Alldaag fiert, trauen ech der Saach mam Filter net richteg well een awer permanent dem Knascht ausgesaat ass, den die Autoen virun dir opwirbelen, zumols bei Reen.
    Die beschten soll awer nach emmer die org. CSL Airbox sin, ass eben jsut ganz schweier ze kreien an kascht Aan aus dem Kapp.

    Ech selwer fueren eng Göke, ähnlech der CSL mat der 300er Öffnung, extra Loftfeierung an aanerer Motorofstemmung.
    Daat kennt zwar net nemmen duerch Airbox, och duerch verschidden aaner Saachen die nach verbaut sin 


    7) Prais, waat muss ech ongefeier rechnen?

    Fir eng gudd Airbox, mat oder ouni Lmm kanns de gaeren emt die 2mille rechnen, demno wie eng nach bessen mei
    Fiers de Lmm, kanns de se och selwer verbauen, stechs den Lmm ran an du bass faerdeg.
    Mat Alpha-N, kanns de se selwer verbauen, mee fiers dono op der Remorque bei die Leit, die dann Ofstemmung um Preifstand sollen maan.
    Keinns zwar och op eegener Achs dohinner fueren am Notlauf-Programm, mee schueds dengem Motor just an en ruckelt wie Sau an geed och mol gaeren beim Gangwiessel aus.
    Ofstemmung um Preifstand leit meeschtens zweschend 1200 an 1500 € bei deenen gudden Leit.



    Zum Thema Klang, do ass och nach en klengen Enerscheed vun Box zu Box.
    Hells de org. CSL, die klengt richteg gudd an hard wann Klapp bis opgeed.
    Hells de die wie ech, klengt selwescht wann net souguer nach en Tik besser, well vir bei der Unsaugung manger Materialdeckt ass, an sou besser Resonanzen opkommen.
    Die aaner vun Göke fir den M3, klengt net grad sou kreischent wie CSL’s, eben duerch den mei klengen Duerchmiesser an der Öffnung. Awer nach besser wie die vun Mac, die ass ze Deckwandeg gebaut, kommen manner Resonanzen op an doduerch bessen mei een dompfen Klang.
    Mee lo keng Angscht, egal wie engs de hells, deen typeschen Airboxklang kennt awer emmer dabei raus.

    Zum Thema Leeschtung, verspriecht der do net zevill.
    All Verkeefer oder Tuner die der verspriechen mat enger Airbox hells de 20-30 PS raus, vergies et. Nemmen duerch Airbox kanns de mat enger gudder Ofstemmung um Preifstand mam E46 M3 vleit richteg 5-6 PS raushuelen.
    Do gin et der vill, die dier Leeschtungskurv sou verfälschen, dass de herno 15-20 PS mei ze hun.
    Mat Lmm kriss de naischt raus ausser Klang, an vleit engem bessen besser Unspriechen vum Motor

    Virdeel Lmm, baus se drop, kanns ouni eps emzeänneren direkt fueren an du hues den Airbox-Klang.
    an falls de engker Flemm damat kriss oder den Auto wells verkaafen ouni Airbox, kanns de ouni groussen Opwand nees alles op Original zreckbauen.

    Bon hoffen der lo bessen den Froen beäntwert ze hun an dass der Entscheedung vun deem ganzen Airboxgedeesems mei einfach fällt.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    Harcy480 - 04.02.2011, 00:13


    Luc dain Ganzen Beitrag ass TOP an wierklech Hellefsraich!! Merci fier deng Meih! 8)



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M Driver - 04.02.2011, 08:33


    Dofier hun ech den Pascal jo hei hinner gescheckt. Well ech wees daat den Luc hei dran as an em helleft :wink:



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ollm3 - 04.02.2011, 08:47


    :twisted: Dei schèin Airbox' en 8)



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ZM4000 - 04.02.2011, 10:10


    Super Beitrag M-Driver.
    Ech sin jo och super interesseiert un Airbox awer mat LMM well wei jidereen sin extrem Problemer wann et drop unkennt Z4M op ALPHA-N emzewiesselen weins der Software.
    Krit een eng Airbox awer net duerch eenel opnahm am Tüv vun Deitschland ungemellt?
    An dann mam Gutahten hai duerch den Tüv?



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M3 Competition - 04.02.2011, 10:39


    Salut alleguer,
    Merci fier är Hellef an är Beiträg zu desem Thema :-)
    @ M-Driver (Luc) : Wow, daat ass dach mol eng anstänesch Entfert !
    Daat helleft mer weider! Villmols merci fir deng Mei! Super! :wink:



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M3 Competition - 04.02.2011, 11:26


    D'Situatioun bei mir ass elo di heiten. Ech ka mech tescht 2 Varianten entscheeden :
    1) Ech hätt d'Meigleschkeet iwert letzebuerger Racing Team DUWO eng gebrauchten Alpha n Airbox mat allem drum und dran ze kreien. Si gengen se och selwer um Preifstand astellen. Ech denken si maan daat jo net zenter geschter, also gin ech mol dovunner aus dass si daat och gengen anstänesch maan.
    2) Hun mer en Devis gefrot bei Göke virun puer Deeg (nach keng Entfert kritt) fir eng Airbox mat Lmm. Ech geng den Abau dann och alles vun hinne selwer maache loossen. Sin lo net graad esou Handwierklesch begaabt. :D

    De Prais wär fir d'Variant 1 an 2 quasi d'selwescht. Göke huet jo zwa na net geäntfert, mee ech hu schon op mei Plaatzen gelies waat daat ongefeier kascht.

    Voila, lo di qual der Wahl :roll:

    Ajo, den M3 gett net am Wanter gefuer, an am Summer och haaptsächlesch de WE a wa schei Wieder ass. Heinsdo geed et och nach opt Schlaif et c tout.

    Fir beid Varianten hun ech natirlesch och keng Snct ofsecherung. Ech mengen ech muss mol mat engem Preifer schwetzen a froen ob een daat och hei am Land kann opt Pabeiren andro lossen.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ZM4000 - 04.02.2011, 12:35


    Jo daat mam androen wär mer och wichteg. oder et mist een se emer oofmonteieren an nees drop monteieren wann een op sandweiler geet.....
    ech wees net wei sou en opbau dauert mee daat giff mega nerven. Mir ass et awert wichteg se angedroen ze hun

    M3 Competition hat folgendes geschrieben: D'Situatioun bei mir ass elo di heiten. Ech ka mech tescht 2 Varianten entscheeden :
    1) Ech hätt d'Meigleschkeet iwert letzebuerger Racing Team DUWO eng gebrauchten Alpha n Airbox mat allem drum und dran ze kreien. Si gengen se och selwer um Preifstand astellen. Ech denken si maan daat jo net zenter geschter, also gin ech mol dovunner aus dass si daat och gengen anstänesch maan.
    2) Hun mer en Devis gefrot bei Göke virun puer Deeg (nach keng Entfert kritt) fir eng Airbox mat Lmm. Ech geng den Abau dann och alles vun hinne selwer maache loossen. Sin lo net graad esou Handwierklesch begaabt. :D

    De Prais wär fir d'Variant 1 an 2 quasi d'selwescht. Göke huet jo zwa na net geäntfert, mee ech hu schon op mei Plaatzen gelies waat daat ongefeier kascht.

    Voila, lo di qual der Wahl :roll:

    Ajo, den M3 gett net am Wanter gefuer, an am Summer och haaptsächlesch de WE a wa schei Wieder ass. Heinsdo geed et och nach opt Schlaif et c tout.

    Fir beid Varianten hun ech natirlesch och keng Snct ofsecherung. Ech mengen ech muss mol mat engem Preifer schwetzen a froen ob een daat och hei am Land kann opt Pabeiren andro lossen.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M Driver - 04.02.2011, 12:38


    anstellungen selwer geifen mei grouss problemer machen wei montage an demontage vun der airbox. am beschten einfach androen lossen an dann hues de deng rou :wink:



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ollm3 - 04.02.2011, 13:07


    Ech hun secherheetshalwer eng Tüv Kopie vun enger agedroener Airbox am Auto leien mee gouf bis lo na nie dorop ugeschwat. Meng Kollegen och net... (Beim E30 ass et zwar och oft datt se den Capot net ganz opman, well deen jo no viir sprengt an sie d chassisnr. dann awer kennen ofliesen)

    Also,ech fir main Deel lossen et sou lafen an wann emol eppes ass, lossen ech mer se an D androen, giff soen wann daat fachmännech gemach ass dann huelen sie daat och hei am Land un.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ZM4000 - 04.02.2011, 14:20


    Genau soubaals de an Deitschland se androen leiss dann kann ech mer net fierstellen dass sie se hai net unhuelen.
    Ass awer bestemmt nach eng keier gudd daier fier daat anzedroen. Zumols eenzeloofnahm



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M Driver - 04.02.2011, 15:46


    Hat deemols fier meng 2 Recaros Setzer mengen ech em sou 100 Euro bezuelt, wees et net mei genau.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M-Driver - 04.02.2011, 18:16


    wann der Airbox wellt androen lossen, dann fuert op Treier oder Bitburg op den Tüv, losst Iech een Onbedenklechkeets-Gutachten maan an dann fuert der op Sandweiler.
    Sou kennt der se hei am Land ungemellt kreien, well dann hun dei Haeren nämlech een Certificat vum Tüv kreien, dann ass alles an anderei.

    Hudd der deen net, besteet bal keng Chance fir se hei am Land ungemellt ze kreien.

    Wei soot mer engker een vun hinnen, wei ech en privat begeint hun, all hier Leit an der Agreatioun wellen keng Responsabiliteit op Saachen huelen, wou keng ABE oder Tüv-Gutachten drop ass.
    Hues da awer een Gutachten vun engem Preifer vum daitschen Tüv, dann ass alles ok an Sie droen der dei Saachen och hei am Land an.
    Sou hun Sie am Fall wou engker eng geschitt an een probeiert geint sie virzegoen, dass daat z.B. net legal wier waat se gemach hun, eng zweet Ofsecherung an Sie kennen sech dorober beruffen.
    Mei ass et net



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ZM4000 - 04.02.2011, 18:48


    The way to go



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    Fighter - 04.02.2011, 22:20


    Wow Luc!!
    Ech nennen dech vun lo un Mister Airbox :wink:
    Wats du alles iwert dat Thema Airbox weess....Respekt!!!!



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M3 Competition - 04.02.2011, 22:25


    Deem kann ech nemmen zoustemmen. War och paff :D
    De Luc dee gett eenz :lol:



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ZM4000 - 10.02.2011, 15:58


    Krut grand eng Offer vun myavg.eu

    Airbox LMM+anbau+software+TüV fier 3680€!

    Ass net schlecht als Preis. Putain daat ass mir ze daier awer fier eng Airbox
    Göke ass fier 1800€ +LMM awer ouni Tüv an wei soll ech se duerno opbauen? an wei machen ech mam Tüv?



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M3 Competition - 10.02.2011, 16:49


    Majo dee Probleem hun ech och. Dei Airboxen vu Göke sin top, mee wee baut se an??? Selwer trauen ech mech net drun. Mam Snct gengs de jo vlaicht nach eenz gin. Schwetz vlaicht mol mat engem Preiffer aus der Agrėatioun fir se ansroen ze loossen.
    Sin och amgaang doremmer Devis'en ze froen fir mer meng Calculen ze maan. :roll:
    Hu mech nach net entscheed op Airbox mat Alpha n oder Lmm.
    Well souvill mei kascht et dee Moment och net fir d'Alpha n Variant an dann hues de en+ och na besse Power weider.
    Ausser et keint een wann een elo eng Variant mat Lmm keeft di speider emmer nach op Alpha n embauen. Geed daat ???



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    M-Driver - 10.02.2011, 20:40


    Jungs dir macht iech jo nach verreckt mam Thema Tüv :roll:
    kaaft iech Airbox, dropbauen kann een se selwer, daat ass guer keng Konscht fir een, deen keng 2 lenkser Hänn huet, an dann fuert der op Treier op den Tüv an losst se androen.


    Zum Thema Airbox mat Lmm an duerno op Alpha-N goen.
    Daat ass guer keen Probleem an kann emmer gemach gin. Wanns de embaus, muss een just Öffnung, wou den Loftmassenmiesser dran verschrauwt gett, mat engem Deckel zou maan.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ZM4000 - 11.02.2011, 12:53


    An wann ech se net angedroen kreien? =) kuken grad mat goeke wei een daat machen kann.
    Ech hun wierklech keen Bock op Sandweiler an dei Nickien soen mer nix da.

    M-Driver hat folgendes geschrieben: Jungs dir macht iech jo nach verreckt mam Thema Tüv :roll:
    kaaft iech Airbox, dropbauen kann een se selwer, daat ass guer keng Konscht fir een, deen keng 2 lenkser Hänn huet, an dann fuert der op Treier op den Tüv an losst se androen.


    Zum Thema Airbox mat Lmm an duerno op Alpha-N goen.
    Daat ass guer keen Probleem an kann emmer gemach gin. Wanns de embaus, muss een just Öffnung, wou den Loftmassenmiesser dran verschrauwt gett, mat engem Deckel zou maan.



    Re: Airbox mat Apha n oder Lmm?

    ollm3 - 11.02.2011, 15:21


    Wei gesoot, kennen der vill mat Airboxen, et war na nie en Problem (ausser beim CSL 8) )
    Et muss en se vlaicht och guer net androen lossen well et eben och eng Usaugkescht ass an et dei eben och original gett, just net am Carbon... keng Ahnung, dei Champignons Loftfilteren zum Bsp muss en jo och net androen?!?



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    BRAUCH HELLEF - gepostet von ZM4000 am Freitag 15.10.2010
    S. CSL Airbox - gepostet von M-Driver am Freitag 18.04.2008
    Schein Feierdeeg... - gepostet von ///M Flipy am Sonntag 24.12.2006
    Sichen Styling 24 M-Doppelspeiche Felgen vum M3 GT - gepostet von Georges am Samstag 22.01.2011
    ARIEL ATOM - gepostet von Ibanez am Freitag 27.04.2007
    E90 M3 - gepostet von wsteve am Donnerstag 10.08.2006
    E36 316i Compact für 500€ - gepostet von ollm3 am Freitag 12.01.2007
    BMW M3 E46 with ESS supercharger - gepostet von E28 am Sonntag 10.09.2006



    Ähnliche Beiträge wie "Airbox mat Apha n oder Lmm?"

    Dann will ich mich jetzt auch mal vorstellen... - Berit (Montag 26.03.2007)
    Wir haben ein Problem!!! - Langi (Freitag 09.11.2007)
    ich auch mal will :-D - carmen (Dienstag 29.08.2006)
    linkspirouetten - spinnt jetzt auch noch das gyro ??? - snoopyh (Mittwoch 13.09.2006)
    So, auch ich habe es endlich geschafft!!!!!!!! - ullini (Sonntag 18.03.2007)
    spielt irgendeiner von euch auch gitarre???? - Sturmernte (Dienstag 12.09.2006)
    Tach auch! - Joe C. (Samstag 13.01.2007)
    Auch nix mehr los hier! - Max Moe (Freitag 30.03.2007)
    sebsoeb will sich auch mal vorstellen - sebsoeb (Mittwoch 30.08.2006)
    hey bin auch daaa - Blondi (Sonntag 01.10.2006)