Seniors A

http://www.bcmess.lu
Verfügbare Informationen zu "Seniors A"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: adminbcmess - cadette - Christian - Sie - Mich - mitch - Ds:) - Knätzel - titti - Feierkroop - speitzmännchen - zillev - Pitti - Kaisi - Michel Rodange
  • Forum: http://www.bcmess.lu
  • Forenbeschreibung: BCMESS ONLINE
  • aus dem Unterforum: BCMESS HOMMES A
  • Antworten: 17
  • Forum gestartet am: Mittwoch 11.10.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Seniors A
  • Letzte Antwort: vor 17 Jahren, 5 Monaten, 8 Tagen, 22 Stunden, 19 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Seniors A"

    Re: Seniors A

    adminbcmess - 11.10.2006, 11:59

    Seniors A
    Senoirs A



    Re: Seniors A

    cadette - 11.10.2006, 17:48

    hären A
    hey
    majo, ech wollt den hären awa vill gleck wenschen wann se geint steesel spillen, well ech mengen daat brauchen se lo, och no zwou nidderlaagen... ech hoffen dass den ami sech mol bessen besser drun get, well wann se lo na eng keia verleieren, mengen dass et dann zwa net sou weider kann goen :?
    vill gléck nach and keep on going :)



    Re: Seniors A

    Christian - 12.10.2006, 13:00


    nie ze fréi de Kapp hänken loossen. Den 22ten kommt der jo op Zolwer :)



    Re: Seniors A

    Sie - 16.10.2006, 16:44


    Et ass net emmer fier direkt dem Ami d'Schold ze gin.. ausser, dass deen Problemer matt sengen Fauten huet, huet deen awer net schlecht gespillt. Eis jongen mussen just ganz vill um rebond schaffen, well do war et ganz mies e samschden!



    Re: Seniors A

    Mich - 17.10.2006, 09:30


    Eisen Ami as top an et leit bei weitem net un him dass maer nach net gewonnen hun!
    Eis fehlt just Erfahrung en Match ze Beenden wei ma en Ufänken! Sin ma awer secher dass ma daat nach leieren an dann gewannen ma och dei Matcher wou zum Schluss Entscheed gin!!



    Re: Seniors A

    mitch - 17.10.2006, 10:33


    Do wees een vun waat e schwetzt RESPEKT Michi Back :D



    Re: Seniors A

    Ds:) - 17.10.2006, 16:25


    ehm,alos eierleg gesoot mengen ech net dass d'cadette lo sou immens geint den ami geschwaat huet. huet jo just seng meenung gesoot,an dobei stemmt et jo awer dass en sech net souvill mei gin huet(den 1ten match geint sparta) wei lo den leschten match geint steesel. daat muss een awer agesinn. mol kucken wi et lo weider geet..



    Re: Seniors A

    Knätzel - 18.10.2006, 09:19


    Also ech fannen den Ami wiirklech guer net schlecht...en mecht vill verstoppten Saachen (wéi vil Rebounds an gudd Passen no baussen fir shooteren wann en bannen gedoubelt get ) ...Daat eenzecht waat eben as vun menger Siicht aus: et fehlt e besi Konditioun..En war et secherlech net gewinnt en ganzen Match duerchzespillen op der Uni...an am 4 quarter do as beemol e besi Loft eraus...Mee do as et um Coach ze miirken en eenmol am Match vleit eng Kéier kuerz eraus ze huelen fir em eng Verschnaufpaus ze gin...Sin awer secher dass lo lues an lues eis Hären rem den Dréi kréien fir sou ferdech ze spillen wéi se unfänken an dann heecht et gewannen an frou sinn...an deem Sënn :lol: ...Allez Mess!



    Re: Seniors A

    titti - 22.10.2006, 22:27


    et as lamentabel waat am moment leeft den treainer as un der ganzer misere schold wann hien nemen seng siewen leit spillen leist an egaal wei auswieselt



    Re: Seniors A

    cadette - 23.10.2006, 14:58


    @Titti

    nee, also ech fannen net dass den trainer nemmen schold huet
    et sin och spiller, kuk mol mei genau hin, weivill bäll se verleiaren, wei se iwwerhapt am groussen ganzen spillen !
    wann ma bis 5 punkten hannen sin kommen ma mol guer net mei drun, an soss wua daaat NIE sou, d spiller probeieren metlerweil alles alleng ze man, an dofiir gin och soufill kief dolaanscht an mir verleiaren och rem sou vill bäll, as jo net normal daat, ok et as net nemmen den spiller hier schold, mee mengen kaum dass den trainer seet, dass all eenzelen alleng soll spillen, wei gesoot et as en equipesport, an dann as et net, dass een alles soll alleng probeieren, dorems geet et net, mee bon, wann et zwa SOU weider geet, dann muss een sech wirkelleg mol gedanken man, waat lass as !? mee honnert prozent as net nemmen den trainer schold, ok, hen leisst baal emmer dei selwescht spillen, mee daat decideiert hen nach emmer, ween um trai9 as, an ween net, ween en mengt den an form as an ween net... zB. gesta as den tierry ganz zum schluss agesaat gin, wiesou net schon mei frei, fannen hen huet gudd gespillt, puer mol denen aneren den ball weggeholl, puer conterattacken gemat, mee bon, wei gesoot et as net nemmen dem trainer seng schold...
    ech froen mech heinsdo wirkelleg waat en den spiller hiren käpp graat sou fiirgeet, well dei eischt hälschend wua jo nach ganz ok, mee dono, schreckleg kaan een baal nemmen soen, wann ma bis puer punkten hannen sin, komme ma mol net mei run, an daat as deen decksten problem, daat wua nie sou... firun puer joer haate ma nach geint sparta an sou gewonnen, an lo schon net mei geint zolver, hmm mengen sie mussen sech mol all eng keier zesummen setzen, an driwwer schwetzen, an soen, waat se na alles fiirhun !!! also ech hoffen dassen ma na iegent en match gewannen, well mengen soss, huet et keen wert mei, well sou mies hun se schon laang net mei gespillt... mee bon, ech gleewen awa na drun dass ma een match gewannen :)

    ALLEZ MESS :wink: :wink:

    PS. bon mir (cadettes) sin och net besser, mee mir hun schon vill progès gemat, daat geseit een :) hehe
    hoffen, daat hellt lo keen hei falsch op :?



    Re: Seniors A

    Feierkroop - 23.10.2006, 15:41


    ALSO CADETTE ECH WEES NET WIENS DU BAS , mee Viel Ahnung hues du jo anscheinend net. Kloer mussen spiller sech aleguer mat hieren eegenen Feiss huelen ,mee onrecht gin ech dem Tiiti net. Kritt en och emmer viel kritik erzielt mee et mus en emmer seng egen Mehnung hun!
    Mee et schengt mir net wei wnan den trainer do net vill ahnung haet. mee irgendswann waet et schons goen.

    Alllez BCMESS



    Re: Seniors A

    speitzmännchen - 23.10.2006, 15:41

    zwee Bäll firt Herrenequipe
    Leider ass esou daß esou lang Basket mat engem Ball gespillt get, eis Herrenequip nach ganz laang wärt hannert deenen aaneren hier spillen. Sou laang den Darrel do war war einfach een mei do den kunnt Kontroll iwert di ganz Saach maaen. Et stemmt am Prinzip muss eis Equip en Zenter hun, di meescht Leit aus der Quip verstinn awer net dass en Zenter iwert 40 Minuten muss ugespillt gin fir en effektiift in out Spill dobei eraus ze kreien. Gewesse Spiller, net alleguer glänzen gären selwer och wann et zum Schluss net duergeet.
    Bei sou engem Spill wou den Aus länner en Center ass muss awer opmannst een Spiller an der Equip sin deen daat ganzt och kann gereiren an den Senn vum Spill versteet.
    Sollten mir deen Amerikaner behaalen wär den eenzegen Wee zum Erfolleg eng konsequent Press während 40 Minuten wou d`Equip kann einfach Kierff maen an doduerch mei Vertrauen an sech selwer kritt.Geschter hätt et och net geschued eischter Defense ze änneren an eng Match up Zone ze spillen respektiv eischter mat schnellen Leit eng agressiv Mann ze spillen. Leider hun mir awer e pue Leit deenen Vitesse net sou gudd leit.

    Nun et ass nach vill Aarbecht an am momnt geseit et eischter nees no National 2 fir di next Saison aus. Nach kompliment fir den Mich, en huet en gudden match gemaat.



    Re: Seniors A

    zillev - 25.10.2006, 18:10


    @ späitzmännchen


    eeeehh, 40 minuten Press???? ech mengen net datt et daat iergendwou gett! (dach vläit beim Brooks, an dann nach)!
    ech hoffen just dass d'Hären och geschwenn e Mätch gewannen, obwuel et des Saison ganz schwéier gett, mee ech sin guer net der Mehnung datt sie rem nationale 2 wärten spillen, mier sin réischt am Ufank, an et soll keen d'Mess ennerschätzen!!! et ass nach laang :)



    Re: Seniors A

    Pitti - 05.11.2006, 12:27


    Gewooooooooooooooooooooonennnn



    Re: Seniors A

    Kaisi - 09.11.2006, 15:48






    So sehen Sieger aus shalalalala So sehen Sieger aus shalalalala :wink:

    Scheinen Bonjour un mein Mann den Yvo "the Pivot" Recken 8)



    Re: Seniors A

    Michel Rodange - 09.11.2006, 16:14


    Faaaaaaaaak, wou as déi Foto gemaach gin? Am Mess Café? Ech gleewen jo kaum, dass den Yvo sech nach iwwert en Basketsballterrain schleeft.



    Re: Seniors A

    Kaisi - 09.11.2006, 16:23


    Dei Foto as wei den Yvo selwer! Einfach WELTKLASS!!



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum http://www.bcmess.lu

    PAPEIERSAMMLUNG 13/01/2007 - gepostet von adminbcmess am Dienstag 09.01.2007
    Saison 2007 - gepostet von Christian am Mittwoch 23.05.2007
    Coupe du Mini-Basket - gepostet von Dani am Dienstag 20.02.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Seniors A"

    Seniors A - Fraenz (Montag 11.12.2006)