Bjour; Update Sait 5

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Bjour; Update Sait 5"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: ollm3 - getri - ///M Flipy - ///M Gilles - Dr. M-Power - E28 - jayjay - Harcy480 - E30 - wsteve - Laurent - dantouring - Maschi - M Driver - M-Driver - Eric - Ibanez - chrescht - Georges - Fighter - Bifi - Querfahrer
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: Uservorstellung
  • Antworten: 176
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Bjour; Update Sait 5
  • Letzte Antwort: vor 11 Jahren, 11 Monaten, 12 Tagen, 17 Stunden, 36 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Bjour; Update Sait 5"

    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 08.09.2006, 22:36

    Bjour; Update Sait 5
    ech sin den Oll, 26 Joer an och e bessen 'M' infizèiert, sammelen Modellautoen an fueren alt op Treffen hun alles ronderem den Auto gaer...

    Haat schons e puer BMW, etlech E30, 1 E34, 2 E36 an lo zenter neiem een schwarzen E46D Limo Mtech1 als Alldags an Wanterauto, deen Auto ass herrlech, huet zimlech all Optioun (Xenon, Klima, Navi, Standheizug, Setzheizug...) Fillen mech wèi an engem UFO, sin daat jo net gewinnt an daat bescht, ech kommen duebel sou wait mat engem Tank wèi mam E30 (keen Witz, leider)

    Hei puer vun mengen Ex-M Autoen:

    E30 M3 Evolution (Nr: 82/500) Bj. 89 E36 M3 QP Setzer, Wiechers Iwerollb, Evo3 Spoiler, Schnitzer Felgen... (den Auto gett et leider net mèi)









    E30 320is (E30 M3 an der Sonndestenue)




    E30 M3 Cecotto (och eng rar Maschinn)




    E30 M3 Sport Evolution Bj 90, Ez 91 (main Bèischt am Moment an hoffentlech nach ganz lang)








    Sou, merci fir d' Kucken an Liesen...

    @Flep, thx fir dei mecht Fotoen an dèi super MPOWER Sait hei natirlech

    @all, haalt iech net zereck mat Fotoen... an macht wegl eng kleng Presentatioun
    Allez bis dann,



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 08.09.2006, 22:46


    All keier wann ech dein aalen Evo gesin, kreien ech Treinen an d'Aan. :cry:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Flipy - 09.09.2006, 11:13


    salut olli :P



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 09.09.2006, 12:44


    ey oll !



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Dr. M-Power - 09.09.2006, 12:48


    Moin Moin Oll!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    E28 - 09.09.2006, 12:58


    auch soviel aus noojhem :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    jayjay - 09.09.2006, 13:15


    Salut Aalen !

    P.S. : Géi mol an d'Haal du Jéng! ;-) (Insiderwitz)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 14.09.2006, 13:27


    jayjay hat folgendes geschrieben: Salut Aalen !

    P.S. : Géi mol an d'Haal du Jéng! ;-) (Insiderwitz)

    Moin moin alleguer.

    @JJ, wèi wier et mol mat enger Presentatioun? PS: CT gepackt?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Harcy480 - 14.09.2006, 13:43

    Re: Bjour;
    ollm3 hat folgendes geschrieben: ech sin den Oll, 26 Joer an och e bessen 'M' infizèiert
    Zali Oll... 8)

    WOW Gail Wéen...!! Dei Photoen hun mech infizeiert...!! Mengen enges Daags muss och eng keier een e30 M hier...!!! :roll: :twisted:

    Deen eischten e30er M wua deen net och eng keier an enga Bmw Scene dran gewiecht firun e puer Joa...??? :roll:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 14.09.2006, 14:42

    Re: Bjour;
    Harcy480 hat folgendes geschrieben: ollm3 hat folgendes geschrieben: ech sin den Oll, 26 Joer an och e bessen 'M' infizèiert
    Zali Oll... 8)

    WOW Gail Wéen...!! Dei Photoen hun mech infizeiert...!! Mengen enges Daags muss och eng keier een e30 M hier...!!! :roll: :twisted:

    Deen eischten e30er M wua deen net och eng keier an enga Bmw Scene dran gewiecht firun e puer Joa...??? :roll:

    Merci.

    Jo, daat ass richteg, an der Scene an dueno an der BMW Tuning... muss 2004 gewiecht sin.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.03.2007, 20:36


    Ech hun den schèinen Dag domat verbruecht den Sportevo ze erwächen an een gudden Tour gedrèint, deet daat gutt. 8)
    Haat mech schon drop agestallt datt en net gudd ugeet nom Wanterschloof, mee guer naicht, Batterie ugeklemmt, ugedreint, war direkt do op sengen 4 Patten... :twisted: Sou soll et sin. :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 11.03.2007, 00:03


    Ouh, dann fiert jo lo rem en Evo mei hei am Eck. :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 12.03.2007, 15:18


    Jo bei deem Weeder get et emmer mei schweier sech ze packen.... :roll:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 13.03.2007, 00:38


    ///M Gilles hat folgendes geschrieben: Jo bei deem Weeder get et emmer mei schweier sech ze packen.... :roll:

    Komm. Hei hues de nach een klengen Virgeschmach op daat waat kennt.... :lol:
    Ah jo, Getri, an wann mer schon dobai sin mat den Fotoen... dei do willt ech och nach emol. (op enger anerer Platz, mat flottem Hannergrond) 8)






    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 13.03.2007, 16:26


    Du Sau !



    Re: Bjour; Update Sait 5

    E30 - 13.03.2007, 21:37


    ola schein autoen...an dann och nach dei Felgen drop dei ech well mee wahrscheinlech nie wert kreien...:)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Harcy480 - 13.03.2007, 23:54


    3 GAIL Autoen dei an menga Collectioun na feehlen...!! :shock: :lol: :wink:
    Mee bon een gewessenen Letz. huet sech deen Draam jo schon erfellt...!! :shock:
    Vlaicht kennt jo éen vun Iech déen Herr.... :roll:
    (Quelle: BmwWorld)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    wsteve - 14.03.2007, 12:02


    ech kennen den herr waar schon bai him war mir dei bijouen do moll ukuken :shock: :shock:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 25.04.2007, 08:06


    Nach en gailen trio:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Laurent - 05.05.2007, 22:23


    Harcy480 hat folgendes geschrieben: 3 GAIL Autoen dei an menga Collectioun na feehlen...!! :shock: :lol: :wink:
    Mee bon een gewessenen Letz. huet sech deen Draam jo schon erfellt...!! :shock:
    Vlaicht kennt jo éen vun Iech déen Herr.... :roll:
    (Quelle: BmwWorld)





    Dei 3 ///M sin ze verkaafen!
    www.mobile.de & www.luxauto.lu



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 05.05.2007, 23:13


    Dei Preisser sin zwar net ze deier. :shock: :?:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    dantouring - 05.05.2007, 23:21


    hun ech mer och schon geduecht, zumols den GT, hun geduecht dei giff een och net enner 20.000 kreien.
    muss mol mein spuerschwein schluechten, oh merde do ass jo neischt mei dran :cry: :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Harcy480 - 06.05.2007, 09:04


    dantouring hat folgendes geschrieben: hun ech mer och schon geduecht, zumols den GT
    Hun se All op Luxauto entdeckt bis op den GT...!!? hmmm... :roll: :roll: :oops:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 06.05.2007, 11:12


    Harcy480 hat folgendes geschrieben: dantouring hat folgendes geschrieben: hun ech mer och schon geduecht, zumols den GT
    Hun se All op Luxauto entdeckt bis op den GT...!!? hmmm... :roll: :roll: :oops:

    http://www.luxauto.lu/fr/details-160894-BMW-M3.html

    :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.05.2007, 14:02


    Daat stemmt den Gt ass belleg... komesch...



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 06.05.2007, 23:23


    Vläit presseiert den Verkaaf jo.
    Ech kennen den Proprietaire net mee souepes huet en bessen den Gout vun finanziellen Probs.
    Wei gesot, dat muss net den Fall sin!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 12.02.2008, 22:45


    MPOWER






    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 12.02.2008, 22:54


    100 Punkten! 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Maschi - 12.02.2008, 22:58


    Harcy480 hat folgendes geschrieben: 3 GAIL Autoen dei an menga Collectioun na feehlen...!! :shock: :lol: :wink:
    Mee bon een gewessenen Letz. huet sech deen Draam jo schon erfellt...!! :shock:
    Vlaicht kennt jo éen vun Iech déen Herr.... :roll:
    (Quelle: BmwWorld)


    salut jo kennen deen Haerr och, mein 323i koennt och vun deem Haerr
    hien haat bessi mei ewei just dei 3 M3 :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Maschi - 12.02.2008, 23:00


    Deng 2 M3 sin top an en super Kontrast :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Dr. M-Power - 13.02.2008, 18:22


    :shock: Gesait mega gail aus dain M3 am weissen :lol: !Wollt och emmer den M5 am weissen mee hun demols keen fonnt! En ///M am weissen ass emmer gudd



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 31.05.2008, 15:46


    Drecks Mecken... :twisted:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Harcy480 - 31.05.2008, 22:27


    GAIL MASCHINE !!! :twisted:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Dr. M-Power - 31.05.2008, 23:36


    Ah waren mer um Stau! :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 02.06.2008, 18:04


    Stramm 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Harcy480 - 05.06.2008, 23:30


    Elo wou ech en endlech Live gesinn hun, kann ech nemmen na emol soen: MEGA GAIL !! :shock:

    Falls du haut den Owend geint 21h30,
    4 EISENMÄNNER firun denga Dier heieren haas, daat wua Ech !! :twisted: :twisted:

    Cu....



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 08.06.2008, 00:27


    Ah du wars daat, hun mer schon geduecht ween daat soll sin?!? Häss sollen tel dann häss de 1 Flesch Bèier kritt. :)

    Ma merci glaichfalls, deng Maschin gefällt mer och ganz gudd. (wollt na bal raussprangen fir Forumlink ze gin...)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 14.07.2008, 10:30


    Majo, lo ass den waissen verkaaft, main Appartement ass och verkaaft an et gett Zait fir deen nächsten Schratt an zwar sichen ech no engem Haus...

    Bis dohinn muss deen heiten eben duergoen, ass jo och ganz flott an schlecht geet en och net, 120d... wou ech nach mam E30 M3 gefuer sin haat ech eng Keier een hannert mer deen ech net mei lass gin sin... lo wees ech firwat. :wink:

    Haat evtl mam Gedanken gespillt ir en waiss 'folèiren' ze lossen! Et huet och een mer een chip proposèiert fir em di 500Eur 430Nm an 205Ps! Bis lo hun ech just dei 18'' Alpina drop dei ech nach vum 320d do leien haat.




    Et huet mer zwar leed gedoo fir den waissen mee ween mech kennt wees datt ech schon mei Autoen haat wei Gebuertsdeeg an deen nexten kennt bestemmt. :D (Den Sportevo willt och mol rem erwächt gin)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M-Driver - 14.07.2008, 10:56


    Hues jo schons mei laang vun deem Schrett geschwaat an secher net den schlechten Wee deens du lo anschleits mat Hauskaaf.

    An den 1er mecht och vill Spass, war jo och gudd 3 Meint mam 120d ennerwee.

    Dann nach bonne Chance beim Hauskaaf



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Eric - 16.07.2008, 18:49


    ass dach mega dein woon do!an ausserdem en Haus ass en investissement en Auto net!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Harcy480 - 16.07.2008, 19:05


    Richteg Decisioun !! Haett mech an denga Situatioun och esou endschéet !! 8)
    Mee du hues jo na dain Sportevo !! An un déen kennt den e46er net un...
    Iwahaapt du keins eis emol e puer recent Photoen vun déem hei an den Forum posten... :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 16.07.2008, 20:59


    Merci Jungs, daat ass richteg.

    @Harc, keng aktuell lait @home ennert dem Autopyjama. :oops: hei dei eng oder aner awer:






    Re: Bjour; Update Sait 5

    Ibanez - 16.07.2008, 21:59


    Ech hun den Hauskaaf jo schon epuer Joer hannert mir an kann just soen, dass et eng aner Liewensqualiteit ass wei en Appartement.

    Fir all Dag schaffen ze'fueren, bei den aktuellen Spritpräiser, ass den 120d en exellenten Auto. An fir den Pleseier hues du jo nach een vun den scheinsten Autoen deen BMW je gebaut huet. :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 17.07.2008, 18:03


    Majo, ech war souwisou net gaer an engem Appt dach am Ufank ass et flott, doheem raus, deng Rou asw mee dann emmer dei aner do ze gesinn, an virun allem ze hèieren?!? Oder sie dech! Et ass een awer bei waitem mei frai an sengen 4 Wänn.

    PS: Wann een en iwwert een interessant Angebot fällt kann en mer jo een Tip gin, war zwar schon daat engt oder anert kucken mee hun nach naicht Konkretes! :arrow:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M-Driver - 17.07.2008, 18:58


    ollm3 hat folgendes geschrieben: PS: Wann een en iwwert een interessant Angebot fällt kann en mer jo een Tip gin, war zwar schon daat engt oder anert kucken mee hun nach naicht Konkretes! :arrow:


    Waat sin dann deng Virstellungen vun engem Haus??
    Wei grouss, Weivill Zemmeren, Weivill Stellplatzen??
    Wei eng Geigend?? asw.

    Och gaeren per PN



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 18.07.2008, 08:50


    Ma fannen eigentlech 'relativ' modern Heiser schèin, vill an grouss Fensteren, an ganz wichteg och 4 saiten frai, keng 'maison jumelée' terrain ab 6 Ar, 2 Garagen wieren gudd.
    Gèigend muss een kucken, kann gaeren Groussraum Mersch, Ettb sin mee och nördlech rop bis maximum Hosingen an westlech bis op Redange ongefèier. Emmer ze kucken waat en wou gebueden kritt, mee wei gesoot, Bissen, Vichten, Feulen, Mertzig... wier un sech perfekt.
    Praislech soen ech lo mol express naicht, ech war nämlech nach net op Bank, kennt och drop un op ech et giff aleng probèieren oder mat menger Madame zesummen kaafen.

    Hei mol 2 Bsp vun Objekter dei ech wirklech gudd fannen obwuel bei dem zu Mertzig den Problem ass datt et just 2 Zemmer huet, an natirlech praislech sin se net grat belleg.
    D' Praisser vun den Heiser sollen jo anscheinend lo glaich e bessen faalen, well einfach den ganzen Marché iwwerdeiert ass... vlaicht wir et och net domm nach bessen ze warden, ech sin sowisou net presseiert, keint also och een Neibau sin.

    http://www.athome.lu/immobilier_luxembourg/553998-Vente-Maison_individuelle-Mertzig

    http://www.athome.lu/immobilier_luxembourg/155562-Vente-Maison_individuelle-Niederfeulen



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M-Driver - 21.07.2008, 09:48


    Majo dann lauschteren ech mech mol em, hun jo bessen an dem Segment ze din.

    Selwer hun mir lo just jumeleiert Heiser zu Beiwen am Programm.
    An dass Preisser weit sollen rof goen, gleewen ech nach net sou richteg, ok bessen gin se rof weilt dem Wärmepass, mee lo och naischt graveierndes, leider

    Weinst dem Mertzeger Haus, kennen den Prop. selwer, naja seng Praisvirstellungen waren nach emmer zimlech heich. Fir deen Preis fenns de schon besseres.
    Mat deenen zu Feelen, stin schon laang am Verkaaf, mei wees ech och net vun dem ganzen Projet.

    Geif jo soen kaaf dir een Terrain an bau dir sein Wonschhaus, mee bis de mol een flotten/gudden an preiswerten Terrain fonnt hues vergeed och vill Zeit an Gedold.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 21.07.2008, 19:25


    Jo Terrain kaafen an selwer bauen wier och interessant. Haat eppes am Aan, mee daat war nemmen fir jumeleen ze bauen...

    Daat zu Mertzig ass menger Meenung no haut an muer och nach net fort, et gin der bestemmt vill et kucken mee genau souvill sprangen der rem oof well et wei gesoot just 2 Zemmer huet an eng jonk Koppel dei Kanner wellen brauchen eben mei Platz, an praislech muss och nach eng deck geschèien, mee probèieren kann een emmer, rofgoen kann een dueno nach....

    Majo, dann hèier dech mol em, sin och net sou pressèiert, dofir wanns de eppes wees roueg soen. :arrow:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    jayjay - 17.08.2008, 10:47


    Wënschen dir schéin Wakanz Aalen. Hoffen du hues net zevill Muskelkater fun gescht ! :P :lol:


    Bis dann

    P.S.: Bréng eis eppes mat aus der Provence ! 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 02.09.2008, 16:27


    Meng BBS RC sin jo verkaaft an no laangem hin an hier wei eng Felg an wei eng Farw den Staer hun ech mer lo dess Bijoux kaaft: Mega rar BBS RS am 17 Zoll mat göllenem Staer. Schèin klassesch wei daat soll sin:

    http://sites.internet.lu/folders/ollim3/gold1.JPG

    Daat ass just den Ufank, desen Wanter ass e bessen eppes um Programm dann sin ech next Saison rem mei oft mat derbai. :twisted:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 02.09.2008, 23:01


    Schick schick 8) Wei geseit et bei dir aus fier en Sonnden, keng Loscht matzgoen?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 04.09.2008, 10:04


    -DTM Carbon Spiegel, Carbon Flipper an Frontleps, Carbon Niere (doheem leien)
    -BBS RS Gold Edition am 17" mat Pneus (doheem leien)
    -Pleuellager erneieren (Enn September)
    -3,64er Pont mat 40% Sperr an Z3M QP Deckel fir besser Kühlung (doheem leien)
    -Eisenmann SS Exportversion DTM Optik (bestallt)
    -Boite iwwerhulen an Alpina Zousatzinstr abauen (Wanter)
    -Schnitzer Stabis (op der Sich)

    Next Woch ant Revisioun an puer Klennegkeeten behuew, dann op Sandweiler an nom Wanter:
    :twisted:
    :twisted:
    :twisted:
    mat Airbox an Alpha/N wann alles richt leeft Enn Sepember.

    MPOWER Amen 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    chrescht - 04.09.2008, 13:27


    haat geduecht du wolls deen do original loosen :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 04.09.2008, 14:35


    chrescht hat folgendes geschrieben: haat geduecht du wolls deen do original loosen :wink:

    Ass en jo och, ass een originalen Sportevo, all Ännerung kann een problemlos reckrüsten, an dei Sachen dei gemach gin gesait een mol deelweis net!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    chrescht - 08.09.2008, 06:27


    autant pour moi. dann huelen ech alles zreck! top oll :twisted:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 24.09.2008, 10:47


    Duech den CT den moien, war keen problem, den capot ass net opgemach gin. Airbox wier also mol net opgefall, hechstens um co wert. :P



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Flipy - 24.09.2008, 14:20


    :mrgreen:

    Airbox!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 26.09.2008, 12:22


    Leps, Flipper an Spiggel am Carbon: (haat oh mat Carbons Nier probeiert mee daat gesait mM net sou gudd aus, ze daischter, ze fubu :lol: )



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 30.09.2008, 14:49


    Sou, en war dun gescht um Preifstand, Resultat 234Ps (238orig) mat engem Mettelsteck ouni Kats, schlechtem Gaszug an enger Dichtung dei viir beim Agang fir ant Loftfilterkescht gefehlt huet. An daat no 18 Joer, sin also zefridden, d' Basis ass gudd.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 30.09.2008, 14:54


    Um ACL Preifstand??



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 30.09.2008, 16:10


    Nee do wou meng Airbox agebaut gett an D. (En zielt zu den beschten oder besser gesoot genauesten Prèifstänn an Europa)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 30.09.2008, 17:59


    An wou war dat? 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 30.09.2008, 18:02


    getri hat folgendes geschrieben: An wou war dat? 8)

    Zu Stuttgart: http://www.henni-gmbh.de/html/prufstand.html

    No den Modifikatiounen an wann d' Airbox agestallt gett, kennt en nach emol drop.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 30.09.2008, 18:48


    Ok, do kanns du recht hun mat dem wahrscheinlech beschten Preifstand an D. :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 16.10.2008, 14:30


    Boite vun Getrag zereck an Maxx A/N agebaut:





    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 26.10.2008, 18:41


    Sou geschter Preifstand:

    widderhuelen:
    234 Ps original ouni Sportkatten
    252 Ps mam original Auspuff mat Sportkatten an Eisenmann
    255 Ps mam Metteldeel ouni Katten an Eisenmann mee onerdrobaren Kameidi anscheinend...





    Aner Nocken kommen speider wann main Motor iwwerholl gett, dann gin et och aner Kolwen asw....



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 26.10.2008, 23:10


    255 Ps, put1 an em dei 1200 Kg nee??
    Daat entsprecht : 4,7 kg pro Ps :shock:
    den E36 M3 3,2 leit bei 4,5 kg pro Ps... hmm interessant



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 27.10.2008, 00:09


    270 ps op 110 kg: 2.45 ps / kg (S14)

    310 ps op 155 kg: 2.00 ps / kg (S50)

    D' Gewicht spillt d' Haptroll, hei den Verglach mam Motor, firwat een S50 an den E30 bauen, dei Suen vum Embau an vum S50 huelen an den S14 gudd man...



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 30.10.2008, 11:19


    Hei eng Foto vun sengem ///Mchen deen, deen mir main mecht.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M-Driver - 30.10.2008, 19:00


    Ah beim Klaus leist du dain maan

    Wanns de dann bis färdeg bass mat dengem M'chen, kennen mer engker zesummen driwer schwàtzen weis du zefridden wars.
    Hun och schons mat him Kontakt fir puer Saachen



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 30.10.2008, 20:45


    Jo, genau beim Klaus, jo wann ech den Auto zereck hun schwätzen mer driwwer.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 09.11.2008, 02:05


    Oh merde.






    Waat d' Sau abgeht.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 09.11.2008, 11:42


    Dein? Hues de en well zreck?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 09.11.2008, 22:20


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Oh merde.






    Waat d' Sau abgeht.

    Oh jo, d Sau geht ab.....



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 09.11.2008, 22:49


    Herrlech. Lo just nach en poleierten Biggel mat X an hannen eng Domstriew dann sin mer baal gudd.

    bessen Sound: http://www.youtube.com/watch?v=_DRB_Tj_TbY















    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 09.11.2008, 23:33


    Herrlech. :)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 10.11.2008, 22:18


    Geseit super aus :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.11.2008, 23:46


    Nei Niere neit M3 Emblem verschidden verblatzten Stecker ersaat.

    Roud Sportevo Straifen am Moment roof (weint Steenschlag), gesait immens gudd aus sou mat den göllenen Felgen ech hun dei nei Streifen schon hei leien mee man se fir den Moment net drop.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 11.11.2008, 00:09


    ollm3 hat folgendes geschrieben:


    Hei deen hun ech. :D



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 11.11.2008, 00:30


    Ech och, hues de schon gesinn waat deen am Moment gehandelt gett!

    200 Euro. :shock:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 11.11.2008, 15:42


    Ass deen momentan sou deier? Ech hat en direkt kaaf wei en rauskomm ass. Mengen hat 50€ bezuelt.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 11.11.2008, 16:31


    Georges hat folgendes geschrieben: Ass deen momentan sou deier? Ech hat en direkt kaaf wei en rauskomm ass. Mengen hat 50€ bezuelt.

    Dat waren mol keng 50€.
    Ajo, ech hat der direkt 2 kaaf. 8)

    Wenn en also well -> 250€ :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Harcy480 - 12.11.2008, 01:00


    Gail Oll, richteg GAIL!! :twisted: :twisted:
    Waat haells du dann vun denger Neier Iwasetzung !! :lol:

    Waat di Roud Straiff ubelaangt:
    Ganz Schwarz ass en natierlech och sau Rau an Gail, mee iergendwei geheiert dei an mengen Aen, zumools an graad beim Sportevo drop! :roll:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Eric - 12.11.2008, 08:20


    SUUUUUUUUUPPPER freen mech drop deen eng keier ze gesin!en draam!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 12.11.2008, 19:44


    Hat op mein jo och roud streifen drob gema, an daat huet den Auto komplett verännert an huet wieklech top ausgesin



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 12.11.2008, 19:50


    Ech geif d Straif lo mol roflossen Oll :)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 12.11.2008, 22:09


    Merci merci Männer. 8)

    Fir de Moment bleiwt se lo mol roof, daat harmoneiert besser sou ouni Straif mat der göllener Felg... (spèitstens um S14 Treffen muss se rem drop, soss gin ech gestengegt, lol)

    Hei dann mol een Soundcheck an puer Andreck ouni Straif:

    http://www.youtube.com/watch?v=n8RCtYGG3Aw












    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 13.11.2008, 11:57


    Déi Straif MUSS drop!


    Dee Klang ass einfach nemmen top. Ech brauch och sou eng Airbox 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 13.11.2008, 16:17


    Jo geseit gudd aus, mein war jo och sou ongefeier, schwarz 2 an sou eng Felgen mat Gellenen Schrauwen an dono hat ech dei roud streifen drop gema, war dono gail

    Beissen Klang



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 27.12.2008, 19:22


    Op der Essen Motorshow bestallt an der Woch kritt...






    Nach Stabien an Gewinde dann ass en färdeg.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 27.12.2008, 19:29


    Scheint Gelänner. :lol:

    Keins en awer mol wäschen. :twisted: :lol:

    (Fiers du lo am Wanter dermat??)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 27.12.2008, 20:12


    Nee nee mir hun Boite rem missen raushuelen dei gett lo nach emol bei GETRAG freschgemach, d' Gäng sin rausgesprongen. (d' kraatzen an der boite ass weg)

    Soubal Boite do ass, wäschen an bis März, Abrell weggestallt. (Assurance, CT, ass awer alles drop)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 03.01.2009, 20:49


    Schön:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 05.06.2009, 08:31


    M3 rem zereck kritt, war just den Delkoskapp.

    Dueno waren mer zu Grufflingen, war na nie Kart fueren an dann direkt 100 min hannereneen. Ech sin onhemlech gebrach.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Fighter - 05.06.2009, 17:40


    Hey Oli dat freet mech dass du däin Baby zreck hues :D
    Ech sin awer lo och paff dass du haut fir d'éischt Kart gefuer bass :shock:
    An??? Dat ass deck cool,gell 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.06.2009, 08:13


    Ech war scho wei oft mat, och mam BMW Club, mee war irgendwei nie gefuer... wollt och nie dei 1. Keier fueren wann Piste voll ass.
    Jo du waren mer owes do een drenken an Piste komplett eidel an main Kolleg huet mech dunn iwwerried kritt fir ze probeieren.
    Tass immens, Lenkung, Brems, driften, praktesch all drift einfach opzefänken(obschons de jo net onbedengt schnell bass quesch, mee et mecht Spass) mengen ech sin just bessen ze schweier.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.06.2009, 14:36


    Airbox @night... n'joy the sound thx@flipy (turn up the volume)

    http://www.youtube.com/watch?v=kDRrRk_B0Dw



    Re: Bjour; Update Sait 5

    chrescht - 11.06.2009, 13:32


    :twisted: :shock: :twisted: :shock: :twisted: :shock: GAIL!!!!!!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 02.07.2009, 17:20


    Bon, ech sichen nach een E30 fir main M3 bessen ze schounen wann mer Ring oder Slalom oder sou 'Dommheten' man...

    Hun schon een potentiellen Klient fonnt, waat haalt der vun menger Auserwielter:

    (325i, Alpina Kit, Alpina Felgen, Mtechnik2 Schweller, Gewinde, Iwwerollbigel...)





    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 02.07.2009, 17:31


    Deen geseit net schlecht aus. Karosserie as jo mol gudd.
    Wat as daat lach dann do an der Nier?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Bifi - 02.07.2009, 18:28


    Den as dach och rem ze schued fir nemmen Schaiss ze maan. En normalen E36 mat besi Power mescht et och. Fir ze driften muss du en 6 Zylinder E36 Compact fueren mat 40% Sperre. Do geet driften automatesch, irgendwei as et schweier riicht aus ze fueren mat dem Auto wann et reent. :roll:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 02.07.2009, 18:39


    Et MUSS en E30 sin. (et ass een M3 Pont drop)

    Denken daat Lach do ass fir Loftzoufuhr ze vergrèisserern...



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Flipy - 02.07.2009, 22:27


    Oh Bifi, du bas dach geckeg!

    Geil Olli den do!!! :twisted:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 02.07.2009, 22:30


    Dat ass jo amfong en M-Technic 2 mat puer Stecker vun Alpina drop... Wei gesait en dann bannen aus an am Motorraum an sou weider? Hues du keng aner Fotoen? An waat soll deen kaschten?

    Pass op mat franseischen Autoen! Och wann hieren CT nach gudd ass muss dat net onbedengt heeschen dass en duerch Sandweiler kennt. Ech hat engem en M3 E30 zu Thionville ofkaaf. Ennendrenner Rascht, Pneuen aal an net mei genuch Profil drop, verschidden Lager futti an nach vill aner Sachen dei net an der Rei waren. Ech hat en trotzdeem kaaf well en belleg war an ech konnt de Preis souguer nach e gudd Steck drecken. Deemols war ech awer mol op Sandweiler, obwuel ech wosst dass en net duerch kennt. Den franseischen CT war jo nach baal 1 Joer gudd :roll: Hei zu Sandweiler huet en dunn 8 duebel Lächer kritt :shock:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    chrescht - 03.07.2009, 06:41


    @oll et ass deen heiten
    http://www.bmw-syndikat.de/bmwsyndikatfotos/topic2080_BMW_E30_325I__M-Technic_Alpina_B6_look_3er_BMW_-_E30.html&Topic_Cat=6

    do kress du all donnéen. :wink:

    wei ech foto gesin hun hun ech mer geduecht, deen do hues du schon anzwesch gesin. :D gesait gudd aus deen do!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    getri - 03.07.2009, 09:40


    Fro mol ops du dat do derbei kriss. :D 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 03.07.2009, 10:33


    @Getri, mol kucken muer den metten... :lol:
    @chrescht, merci fir den link http://www.bmw-syndikat.de/bmwsyndikatfotos/topic2080_BMW_E30_325I__M-Technic_Alpina_B6_look_3er_BMW_-_E30.html&Topic_Cat=6
    @georges, en ass saudeier, well der 6 dofir mee wanns de d Stecker rechens dei een alleng beim Scluechten giff remkreien ass den Prais gerechtfertegt, en ass scheckheftgepflegt. Dei Sach mam franseischen Tüv mecht mir och Angst, hun daat schon mei oft heieren. Wei geet daat mat engem Import aus frankraich, muss hien och den Auto direkt do ofmellen oder kreien ech den originalen Breif mat? Hun just aus D importeiert bis lo!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 03.07.2009, 12:45


    Mir hun telefoneiert, net dass d'Leit mengen ech giff net äntferen :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 09.07.2009, 09:02


    Gewindefuerwierk ass do fir main M3 :P



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Fighter - 09.07.2009, 19:38


    Hey Oli dat freet mech fir dech..... :D



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 12.07.2009, 11:13


    Wei, wat has de dann viedrun dran?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 12.07.2009, 11:27


    Schnitzer, mee ass mir bessen ze mell op der henneschter Achs...

    Probeieren lo mol mat H&R Gewinde waat bei Bilstein zousätzlech nach emol emgeännert gin ass...



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.09.2009, 11:23


    Sou alt rem een Joer roueg, war haut op Kontrollstatioun... :D



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 10.09.2009, 15:07


    Alles ouni Misere?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.09.2009, 15:25


    Yes ouni Misere mol eng Keier, Fuerwierk ok, Auspuff naicht gefroot, co werter ok 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 11.09.2009, 19:04


    alt nees rem een joer rou virun deenen **** :wink:

    Ech muss leider am November engkeier dohin :evil:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Eric - 11.09.2009, 20:27


    @olli ouni misere mann hoere und staune es geschehen noch zeichen und wunder....lol



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 01.12.2010, 19:51


    Sou, ech war dei lescht Deeg puer Autoen kucken, den BMW-Gott war och net emmer frou mat mer :lol: mee hun mech lo entscheed, et steet eppes neits an den Startläscher :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 01.12.2010, 22:31


    weivill Zylinder?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 01.12.2010, 22:47


    Gail Fro main Frend, een 6 Zylinder 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Eric - 02.12.2010, 00:29


    an den sportevo?allez so schon.............................. :twisted:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 02.12.2010, 00:43


    Souvill sief gesoot, et ass nach leider keen Monster gin. :(

    Et ass als Ersatz/Alldagsauto fir eng Zait bis ech genau wees waat leeft mam Haus asw... wei gesoot wollt onbedengt rem en Bensinner :D

    (den Sportevo bleift selbstverständlech, deen geheiert schon zum Inventar :lol: )



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Eric - 02.12.2010, 00:46


    130i ?:D



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 02.12.2010, 00:48


    Jackpot! We have a Winner :-)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    chrescht - 03.12.2010, 08:33


    BILLER BILLER BILLER!!!!!! :twisted:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 03.12.2010, 10:52


    She' s beautiful :oops:

    Ech war dermosen vun dem Chassis begeschtert (schon bei mengem Diesel) dofir hun ech en lo sou kaaft, 135i hätt natirlech och gereitzt, mee daat hei ass och engt scheint Spillchen.

    MPack, 2 Diirer an waiss. Fotoen kommen glaich.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 03.12.2010, 18:07


    2 Dieren, tiptop :wink:

    Warden och opt Biller 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.12.2010, 01:34


    Pläng:

    -schwarz 19" BBS Ch, oder sou
    -Performance Setzer
    -Bessen Carbon (Spiggelen, FrontFlaps, Diffuser)
    -Carbon Look oder schwarz Folie um Dach

    demno waat den Budget zouleist, Performance huet jo flott Sachen, Ansaugtrakt, Bremsanlag, Steierrad mat integreiertem Turenzieler...

    Eng Rei ganz scheiner Sachen mee leider saudeier.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 06.12.2010, 12:24


    Ech hat och iwwerluecht fir schwarz BBS CH op main Auto ze machen, mee main Auto ass ze donkel. Duerfir hun ech selwereger drop gemat. Bei engem weissen Auto gesait dat awer top aus. Keefs du gär BBS CH oder CH-R?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.12.2010, 13:35


    Wei et ausgesait CH -R, mengen muss just bördelen well 255 net wert passen!

    Daat enzegt waat mer Suergen mecht sin Performance Setzer! Gett eng schweier resp. deier Ugelegenheet.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 06.12.2010, 14:06


    Wells du onbedengt Mischbereifung? 225er oder 235er vier an hannen geet deck duer bei där Leeschtung an du hues de Vierdeel dass du vun vier no hannen an emgedréint wiesselen kanns. Oder ass et wéinst der Optik?

    Wanns du den Auto am Alldag fiers giff ech mir dat mat de Setzer iwwerleen :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.12.2010, 15:37


    Jo, wann ech nei Felgen kaafen wir daat eng Alternativ, muss net onbedengt Meschbereifung sin, mee hat lo well puer Sätz fonnt an emmer 8,5 an 9,5 * 19. Do kann en dann net gudd dei 4 um carre fueren.

    Daat mat den Setzer wees ech, mee ech muss daat eben hun :roll: mee denken mer datt ech se am nächsten Auto (3er coupe oder M3) mat iwwerhuelen kann, dann geet et. Ass natirlech eng Stang Geld. :cry:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 06.12.2010, 16:57


    Wat kaschten dei Perf. Setzer dann nei ?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 06.12.2010, 17:13


    Ech hun meng BBS CH nei kaaf, well ech och nemmen Sätz mat Mischbereifung fonnt hat. Ech hun lo vier an hannen 235er. Sou kann ech d'Pneuen lo gleichméisseg ofnotzen. Ech wärt se wahrscheinlech mat op de nächsten Auto iwwerhuelen :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 06.12.2010, 17:15


    M Driver hat folgendes geschrieben: Wat kaschten dei Perf. Setzer dann nei ?

    Souwait ech wees em 1500€/Stëck. Bei BMW Fans stin se fir 1300€, mee déi Präisser sin baal emmer falsch.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 06.12.2010, 18:16


    Setzer sinn trotzdem relativ komfortabel, och fier mei laang Strecken, sinn schon puer an deenen gesies (an gefuer ;))!
    Mee den Preis ass natierlech happeg...wann een bedenkt dass een bei recaro fier en mille manner genau deiselwecht kritt (sinn jo recaro) sust eben ouni BMW Performance Schreftzug ;)

    130i ass top, leit leider sust eben net an mengem Ennerhalt-Budget ;)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.12.2010, 18:33


    Jo Georges, du hues natirlech Recht, 235 wir och fir den 1er besser wei dei 255er... muss mol kucken, um ebay sin der jo och genug nei ze verkaafen.

    Waat Setzer ubelangt, richteg krass, am Perf. Katalog stin se fir 1740€ dun war ech lo leschten Freiden bei den Schweig op Housen, wollt datt dei gingen op München uruffen well ech mer geduecht hun datt se eigentlech net gudd verkaaft gin sin an sie mer gingen eng super Offer man +-2500€ fir dei 2. Mee lo haalt iech un, dei Praisser sin nach mei deier gin, mettlerweil hei am Land 2300€/Setz... ech soot dann haalt se.
    Bei Recaro kriss den en fir eppes enner 1000€, daat ass hefteg, deen Ennerscheed. Mee gail sin se an konfortabel eigentlech och nach...



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 06.12.2010, 19:00


    2500 Steck?? komplett ballaballa

    an wanns de se bei Recaro fier enner 100 kriss dann huel der direkt 10000 steck an dann verkaafen mer se fier 1000 :lol: :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.12.2010, 19:35


    Performance Parts Praisser sin krank, FrontFlaps 400€, hues du originaler drop Ben?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 06.12.2010, 19:44


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Performance Parts Praisser sin krank, FrontFlaps 400€, hues du originaler drop Ben?
    jo sie sinn mega krank :evil: :evil:
    jop hunn dei orginal drop, gesinn vun ennen zwar schon bessi matgeholl aus (konnt mer d'Affart an der Vacanz leider net eraussichen -.-)
    mee kreien mol next woch (endlech!) den PP Diffusor fier en gudden Preis (1/3 vum Neipreis ;))



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 06.12.2010, 19:49


    Asou ;-) relax, wouhir kriss de deen dann?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 06.12.2010, 20:11


    Gebraucht vun engem aus dem 1er Forum ;)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 07.12.2010, 00:13


    Sin och am 1er Forum ugemellt, main Usernumm sportevo

    Daat ass natirlech gail 8) Ech waden na bessen mat dem gudden Steck, lo Setzer an FrontFlaps.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 07.12.2010, 11:27


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Jo Georges, du hues natirlech Recht, 235 wir och fir den 1er besser wei dei 255er... muss mol kucken, um ebay sin der jo och genug nei ze verkaafen.

    Am Ebay hun ech och no den CH gekuckt, mee do waren se méi deier wéi do wou ech se kaaf hun, an dann kennt jo nach de Versand dobai.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 07.12.2010, 12:05


    Wou wars du se dann kafen? An fir weivill?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 07.12.2010, 16:45


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Sin och am 1er Forum ugemellt, main Usernumm sportevo

    Daat ass natirlech gail 8) Ech waden na bessen mat dem gudden Steck, lo Setzer an FrontFlaps.

    hm mee wou kenns de dann un Setzer? well dei missten och nach eng keier drann kommen :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 07.12.2010, 20:34


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Wou wars du se dann kafen? An fir weivill?

    Beim Hoffmann zu Mertert. Ech hat mat Hankook V12 Evo 1940€ bezuelt. Op der Rechnung steet de Preis vun de Felgen leider net eenzel drop, an ech wees net méi wat hien gesot hat. Ech hat souguer nach BBS Schrauwen dobai kritt, obschon normalerweis keng dobai sin wann déi original Schrauwen passen.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 07.12.2010, 21:58


    Waerden em dei 1200-1300 € leien nee? CH-R sin dann natierlech mei deier



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 07.12.2010, 22:46


    Weivill Zoll fiers du dann deng CH, och 19? Mengen mech ze erenneren datt et 19 sin...

    Jo, praislech hun ech CH-R fir 1800€ fonnt mat quasi neien Pneuen...



    Re: Bjour; Update Sait 5

    chrescht - 08.12.2010, 08:57


    oll, wei gesait et mat deenen heiten Reckluuten aus (Blackline):



    dei Felgen passen top op deen Auto!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 08.12.2010, 10:13


    M Driver hat folgendes geschrieben: Waerden em dei 1200-1300 € leien nee? CH-R sin dann natierlech mei deier

    Jo, ech mengen 1300€ ronn. Ech mengen mech ze erenneren dass de Preis fir d'Pneuen 640€ war. Besser Preisser hat ech néirens fonnt.

    CH-R hätt ech nemmen am schwarzen geholl, wéinst dem Kontrast mam selweregen Bord.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 08.12.2010, 10:14


    Wei gesoot LM ass eng vun mengen absolut Lieblingsfelgen mee se muss des Keier schwarz sin, an ch stung gudd um 1er, haat se gescht drenner, karosserie lait just drop well den Auto relativ deif ass, wees net op et mat bördelen duer geet.
    Waat kaschten dei blacklines?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 08.12.2010, 10:20


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Weivill Zoll fiers du dann deng CH, och 19? Mengen mech ze erenneren datt et 19 sin...

    Jo, praislech hun ech CH-R fir 1800€ fonnt mat quasi neien Pneuen...

    Allen 4 Felgen sin 8,5 x 19 mat 235er Pneuen. Ech wollt onbedengt déi Kombinatioun. Sou hun ech se awer néirens gebraucht fonnt, dann bleiwt nemmen nei kaafen :wink:

    1800€ fir CH-R mat baal neien Pneuen ass natierlech e gudden Preis. Mee wahrscheinlech ass et rem mat Mischbereifung. Sin se net ze weit weg?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Fighter - 09.12.2010, 20:01


    Hey Olli do hues awer lo een top Auto kaaft fir den Alldag 8)
    Am wäissen ass en wierklech super schéin an dat Fahrwierk ass dat bescht an der Kompaktklass. 100%
    Well dem Martine säin ex 123d huet sech gefuer wéi een Kart :wink:
    Du weess jo selwer wéi gäil déi Denger leien.... :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.12.2010, 15:44


    Performance Setzer sin bestallt 8)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 10.12.2010, 15:50


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Performance Setzer sin bestallt 8)

    Du Mëllen :wink: Wéi gesait et mat de Felgen aus?



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.12.2010, 17:42


    Sou sin ech :lol:

    Mat den Felgen wees ech na net, wei gesoot, hun een herrlechen Satz CH-R fonnt zuguer hei am Land mee dei 9,5 gin ze breet hannen, hun bei den Leven ugeruff an et muss definitiv gezun gin, an daat seet mer naicht, woubai dann nach dobai kennt wei mer jo geschwaat hun datt dei 8,5 ronderem och besser ze fueren ass asw.

    Haat dann welles 8,5*19 ronderem ze fueren, muss d' Aan lo bessen ophalen op sou eppes an der Occasioun ze fannen ass... anerwerts muss ech kucken datt ech en gudden Prais gemach kreien... et ass jo na besen bis d Freijoer.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 10.12.2010, 22:06


    Dat wär natierlech top gewiecht wann déi gepasst hätten, mee wéi mir jo geschwat hun huet een méi Vierdeeler mat 8,5 ronderem. Leider ass dat schwéier an der Occasioun ze fannen... Vlaicht hues du jo méi Chance wéi ech. Wann ech eppes fannen soen ech dir bescheet.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 10.12.2010, 22:28


    Merci, wanns de awer een wees fir 9,5 oder fir den Satz kanns de jo bescheed soen, dann stellen ech den kontakt hier.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Georges - 10.12.2010, 23:00


    Ok, kee Problem.



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 11.12.2010, 13:21


    ollm3 hat folgendes geschrieben: Performance Setzer sin bestallt 8)
    wou hues du se bestallt?? :D



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 11.12.2010, 13:22


    mist ech sinn einfach ze speit drunn soss hätt een do eppes keinten trixen, well je nodeem kreien ech ufank des Joeres PP Setzer mee eben fier den 3 Dierer..



    Re: Bjour; Update Sait 5

    chrescht - 13.12.2010, 09:21


    @oll: hei hues de präisser fun den blacklines. http://www.salesafter.eu/product_info.php/info/p58_bmw-1-series-e81-e87lci-rear-lights-blackline--high.html

    hues du am lotto gewonnen? knapps en neien auto an schon setzer an felgen kaaf!?!?!?! :shock:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 13.12.2010, 12:49


    Wei, wou steet dann datt ech Felgen kaaft hun? :)

    Dei Setzer sin net verluer, den nächsten ass jo sowisou relativ secher rem en BMW, dann kommen se an den nexten. 8) Am 1er ///M giffen se bestemmt och gudd ausgesinn lol

    -Carbon FrontFlaps bestallt
    -Carbon Spiggelklappen bestallt



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Querfahrer - 13.12.2010, 19:20


    lo sinn mer schon bei 5000€ Supplement :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    Fighter - 13.12.2010, 22:11


    Hey cool Olli :D
    Däin 1er get bestemt mega gäil 8)
    Déi Carbon Stecker op engem wäissen Auto ass super schéin :wink:
    An d'Setzer sin och top!!



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 15.09.2011, 14:38


    Et huet sech rem eppes am Fuhrpark gedo, den 130er ass fort an fir den Alldag an Wanter hun ech mer lo mol en E46 330d M-Edition geholl... den Mini wir mer platzmeisseg ze eng gin...

    Am Freijoer rabbelt et dann nach emol am Fuhrpark :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    dantouring - 15.09.2011, 18:27


    foto
    ech hun M3 Spiggelen fir dech :P



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 16.09.2011, 07:31


    Muss der mol man wann ech Zait kreien fir en ze botzen!

    @Dan, kucken mer mol wollt net vill drun man :lol:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 16.09.2011, 07:43


    ma dann gleckwonsch zum neien auto 8)

    Du hues eppes vum Freijoer gesoot, wat kennt dann do an d haus ? :wink:



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 16.09.2011, 19:00


    Daat wees ech nach net secher, hun puer Ideen am Kapp...



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 02.05.2012, 21:48


    Vidange gemach an geschter huet d Airbox rem fir d'eischt des Saison kreesch gedoh ;-) gail



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ///M Gilles - 03.05.2012, 15:19


    Ech fillen mat dir Oll, meng Airbox jaitzt och rem sait 1 Woch :)



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 04.05.2012, 10:55


    Gett Zait datt se mol rem zs jaitzen :twisted: bis den Owend



    Re: Bjour; Update Sait 5

    ollm3 - 09.05.2012, 15:00


    Sou, den Summer kann kommen, am Fuhrpark huet sech och rem eppes gedo...
    haat lo bessen Gedeesems mat versch. Autoen dei ech lo nom 130i iwwert den Wanter haat, 325i E30 an 2 E46er fueren ech lo mol rem eng Zaitchen E36 M3 wei virun 10 Joer och well :D



    Re: Bjour; Update Sait 5

    M Driver - 11.05.2012, 07:04


    Fotoen 8)



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    Kirchbierg 30.6.2006 - gepostet von ///M Gilles am Donnerstag 22.06.2006
    POKER - gepostet von jayjay am Mittwoch 09.05.2007
    Wanterschloof? - gepostet von ///M Flipy am Donnerstag 28.12.2006
    Mpower Treffen 30. März - gepostet von ///M Flipy am Donnerstag 01.03.2007
    Nürburgring Rundenzeiten - gepostet von ///M Flipy am Mittwoch 17.10.2007
    Interieur M3 e36...!?? - gepostet von Harcy480 am Mittwoch 16.08.2006
    komplett Hartge Auspuffanlag fir 325i E30 - gepostet von Georges am Sonntag 18.06.2006
    2x 205/55zr16 Kleber Dynaxer - gepostet von E28 am Mittwoch 03.10.2007
    Wichteg: Auto transporteieren! - gepostet von Georges am Samstag 15.09.2007
    M3 E90 CSL!!! - gepostet von ///M Flipy am Montag 10.09.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Bjour; Update Sait 5"

    Bjour - ollm3 (Montag 12.06.2006)