Ausstellung

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Ausstellung"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: dantouring - ollm3 - Harcy480 - E28 - Fighter - chrescht - ///M Gilles
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: Off-Topic
  • Antworten: 27
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Ausstellung
  • Letzte Antwort: vor 13 Jahren, 6 Monaten, 12 Tagen, 10 Stunden, 37 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Ausstellung"

    Re: Ausstellung

    dantouring - 20.08.2010, 07:13

    Ausstellung


    Dir sidd alleguer inviteiert fir Freides den 1. Oktober ab 18.00 laanscht ze kommen, dann get gegrillt fir Clienten an Frenn. Ween Freides well kommen soll mer hei Bescheed soen. Natiirlech ass aer Frendin oder Fra och inviteiert.

    Ween Freides keng Zeit huet kann natiirlech Samsdes den 2. oder Sonndes den 3. laanscht kucken kommen, mee do gett leider net gegrillt, do gett et nemmen eppes fir den Duuscht.

    Hei nach eppes fir ze kucken:



    Re: Ausstellung

    ollm3 - 27.08.2010, 17:54


    Ass jo na bessen bis dohinner...

    Merci fir d Aluedung, wann ech Zait hun kommen ech Freides Owes bis kucken, sin gespaant op dei Carbons Sachen, gesait richteg lecker aus, kann mer virstellen daat sou eppes op enger scheiner waisser Komode oder engem Glasdesch super wierkt.

    Waat hues de dann na sou an der Carbon-Collectioun geplangt? 8)



    Re: Ausstellung

    dantouring - 27.08.2010, 23:17


    well och nordschleif mat Carbon iwwerzeien, awer nemmen oberfläch, d'seiten geseit een dann d'holz. Oder Nordschleif aus Holz op enger Carbonsplaque.
    Wees net ob ech nach vill gemaach kreien, muss nach mein Buedzemmer an der Garage ferdig kreien fir d'ausstellung.



    Re: Ausstellung

    Harcy480 - 28.08.2010, 17:33


    @Dan: Kanns du esou gesinn alles an Carbon foleieren?? Interieursleisten etc ??? :roll:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 28.08.2010, 17:51


    Also daat meescht kann een mat Carbon iwwerzeien, Interieurleisten wier och keen Problem awer sauvill aarbecht, dei een, deen daat net professionell mecht nie bezuelt kritt. Et ass och sou datt meng Saachen net 100% sin, geif soen em dei 90% ;-)



    Re: Ausstellung

    E28 - 29.08.2010, 00:08


    wenn ich unten wäre, wär ich auf jedenfall vorbeigeommen Dan, rspekt vor Deiner Arbeit :wink:

    also geht hin und lasst ihn ned hängen :D



    Re: Ausstellung

    Fighter - 29.08.2010, 11:34


    Salut Dan :D

    Fir d'éischt mol Merci fir d'Invitatioun!!
    Ech kommen normalerweis dann den 1. Oktober bis lanscht. Ech géif mengen dass d'Martine och matkéint.... :wink:
    Also déi Sachen am Carbon géifen mech schon interesséieren!!
    Zumols mat der Nordschläif :D
    Awer déi Sachen am Holz gefallen mir och gudd....do kéint ech mol eppes fannen als Cadeau. Eben een eenzegartegen Cadeau an näicht vun der Stang.... :wink:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 29.08.2010, 23:43


    Merci Klaus ;-)
    Ok, Mike daat geet an d'Rei, muss daat noteiren fir datt ech wees weivill Fleesch muss bestallt gin, daat wier dach och eng Geleenheet fir eisen Forum zesummen ze kreien an een Patt zesummen ze drenken, kann jo och roueg bessen mei speit gin ;-)

    Mee nach eng Keier, Freides muss der ierch unmelden!

    Wann hei och een Auer-Sammler ass, ech kann villes besuergen, dir kennt jo aert der aer Wonschauer kaaft bei mir mol een Preis unfroen.

    D'naechst Joer fueren ech als Händler op Basel op eng Aueren-Foire an hoffen do Kontakter zu den Firmaen selwer ze kreien, am Moment fueren ech iwwert een Händler an verkaafen meng Aueren zu Internetspreisser.



    Re: Ausstellung

    Fighter - 30.08.2010, 00:32


    Ech fannen dat objidferfall super vun dir Dan :D
    An deen Owend drenken mir dann een gudden Patt zesummen.... :wink:
    Ps: mat den Aueren sin ech och schon gespannt....
    Aueren ass einfach lifestyle :wink:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 08.09.2010, 17:04


    Also fir dei, dei wellen Freides Owes laanscht kommen, bitte op mannst 3 deeg virdrun unmellen, merci. Fir Samsdes an Sonndes muss een net ugemellt sin, kann een awer Bescheed soen. ;-)

    Kreien fir dei Ausstellung nach Aueren vun PUMA, FOSSIL, GUESS an puer aanerer ran.



    Re: Ausstellung

    ollm3 - 19.09.2010, 21:37


    Waat kascht dann sou en Kaerzenstänner am Carbon? Et wir interessant sou eng Carbon-Collectioun opzestellen, nee? Verschidden Deco-Sachen...

    Ech kommen Freides och mat menger Madame lanscht, okay? merci 8)



    Re: Ausstellung

    dantouring - 19.09.2010, 23:03


    Oll daat freet mech dass du mat denger Madame lanscht kenns, ass noteiert.

    Preis fir deen Carbon Kerzen dingsdo hun ech nach net iwwerluecht, mee deen ech lo faerdeg hun ass fir 50€ zu hun, duerno gin se bessen mei deier, well ech dei am Holz schon fir 50€ verkaafen.
    Wann et gut geet hun ech 3 Saachen am Carbon faerdeg, versprichen awer neischt, well ech hun mega stress (positiven) den Moment.
    Hun nach puer Iddien fir Carbon-deko fir un d'Mauer.

    Wei ass et mat deenen aaner? Chrescht, Bifi asw???



    Re: Ausstellung

    ollm3 - 21.09.2010, 21:22


    Dajee Männer et ass net nemmen fir op den Ring oder Treffen ze fueren... :wink: avis aux amateurs den Dan huet jo gesoot datt et eng flott Gelegenheet ass fir sech mol rem ze treffen. :arrow:



    Re: Ausstellung

    chrescht - 22.09.2010, 07:32


    sorry dan ech kann freides net kommen mee flait samsdes oder sonndes. :wink:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 22.09.2010, 22:14


    @ chrescht, wanns de kenns brengs de awer deng Frau'chen mat :wink:



    Re: Ausstellung

    chrescht - 23.09.2010, 12:26


    wann et net muss schaffen :wink:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 25.09.2010, 18:35


    Ech misst bis een Densden Bescheed wessen, weinst dem Grillfleesch fir Freides owes. Och wann dir Freides net kennt kommen, dann kommt Samsdes oder Sonndes een Patt bis laanscht drenken, sou wei den Chrescht et vielleicht mecht. (hoffen ech, an breng den Bifi mat )

    Bis lo kommen hei aus dem Forum:

    Flipy + Peggy
    Mike an Martine
    Oll an Steffi



    Re: Ausstellung

    ///M Gilles - 26.09.2010, 19:47


    salut Dan, ech kommen och mam Martine ;)
    Wärd sou geint 7 do sin, wei laang leeft daat dann?



    Re: Ausstellung

    Fighter - 26.09.2010, 19:56


    Ech muss leider ofsoen :cry:
    Ech hun schon rem eng ganz Woch Nuetsschicht :cry:
    Sorry Dan,ech wäer gäeren Freides komm......



    Re: Ausstellung

    dantouring - 26.09.2010, 22:41


    Tip top Gilles, daat geet sou laang bis keen mei do ass, ass keng Zeit gesaat ;-) Mee um 7 Auer ass den Grill nach secher un.

    Oh nee Mike daat ass schued, mee wanns de Loscht hues fir Samsdes oder Sonndes bis laanscht kucken ze kommen, daat giff mech wirklech freen.
    Obwuel ech och verstin wann een op der Nuetschicht Mettes net nach ronderem rennen well.



    Re: Ausstellung

    Fighter - 01.10.2010, 16:58


    Jo Dan et deet mir och deck leed dat ech nit kann kommen :cry:
    Den Probleem ass bei eis geet Nuetsschicht schon um 18 Auer lass bis deen aneren Dag 6 Auer.....dat ass schon hefteg..... :x :x
    An lo machen ech dat schon 6 Wochen hanerteneen :x ech mengen mir sin mell all Dag 12 Stonnen Nuets ze schaffen.... :wink:
    Et ass awer déi lescht Woch,d'next Woch schaffen mir rem normal vun 7 bis 5.... :D
    Awer dofir freen ech mech lo op d'Pai.... :wink:
    Ps: den Sonnden no Pappendag kommen ech dann nach villäicht bis lanscht wann ech do Zäit kréien.... :wink:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 02.10.2010, 11:00


    Mike daat ass awer heftig, mee wann Pei kennt ass daat vergiess ;-)
    Wanns de Zeit fenns komm laanscht, verstin als Schichtenaarbechter awer ganz gut wanns du ee Sonnden einfach deng Rou wells hun, keen Problem.

    An lo nach dem Gilles an Martine, Flipy an Oll ee groussen MERCI datt der komm sidd, hudd mech wirklech gefreet, waat meng der Jungs, meng Garage wier dach dei richteg Platz fir eng Keier eng BMW-Party ze schmeissen? Oder?

    Vielleicht fennt jo den een oder aaneren haut oder muer den Wee nach op Ensber. Haut ab 14.00 an muer ab 10.00.

    P.S. Super verkaaft geschter, och mein Carbon-Teelichthalter :-)



    Re: Ausstellung

    ///M Gilles - 02.10.2010, 12:54


    Wär gär geschitt, huet mer och ganz gudd gefall... an dem Martine och :)
    Kommen ob jidefall drop zreck ;)
    majo eng BMW Party, deng Garage as perfekt dofir, weini ? :lol:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 02.10.2010, 23:19


    Vielleicht keint ee eng Season Opening Party 2011 maachen, sou Enn Abrell mat DJ an Grillen?



    Re: Ausstellung

    ollm3 - 03.10.2010, 21:51


    dantouring hat folgendes geschrieben: Vielleicht keint ee eng Season Opening Party 2011 maachen, sou Enn Abrell mat DJ an Grillen?

    Op allen Fall.

    Et war eng schein Ausstellung Dan, merci na emol.

    Wei gesoot wann ech eppes am net fannen mellen ech mech, mee et leeft och lo net fort... mee wei gesoot, wann ech eppes fannen froen ech dech och... :wink:



    Re: Ausstellung

    dantouring - 03.10.2010, 23:47


    ollm3 hat folgendes geschrieben:
    Et war eng schein Ausstellung Dan, merci na emol.



    Ech soen MERCI datts du haut nach eng Keier mat der Frendin laanscht komm bass.



    Re: Ausstellung

    Fighter - 07.10.2010, 18:59


    Sorry Dan dat et nit méi geklappt hat fir den Sonnden no Pappendag nach bis lanscht ze kommen.... :oops:
    Mee deng nächst Ausstellung kéint jo bestemt :wink:
    An dann wäert ech jo hoffentlech keng Nuetsschicht hun....
    Ps: eng BMW Party klengt super!!!
    Just Enn Abrell gin ech an d'Vakanz.... hoffentlech verpassen ech déi lo nit :cry:



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    Schalteren fiir den E30 - gepostet von chrescht am Donnerstag 28.06.2007
    moien - gepostet von E30 am Sonntag 29.10.2006
    Mein E34 M5 "20 Jahre Motorsport" - gepostet von ///M Flipy am Montag 31.07.2006
    E36 M3 - gepostet von White E30 am Donnerstag 26.10.2006
    Neien Browser fir Windows! - gepostet von ///M Flipy am Dienstag 12.06.2007
    VW Polo 9N - gepostet von TimchenM3 am Montag 26.07.2010
    M5 am Wanterpijama - gepostet von Dr. M-Power am Dienstag 28.11.2006
    Speed TV - gepostet von ///M Flipy am Dienstag 09.05.2006
    Sichen E46 M3 CARBON kiemen an nieren. - gepostet von wsteve am Sonntag 03.08.2008



    Ähnliche Beiträge wie "Ausstellung"

    GEILE FANPAGES! - gepostet von lisamaus am Sonntag 16.07.2006
    [Diamant/Perle] - übersicht - gepostet von thedeath am Mittwoch 02.08.2006
    abzelten 06' TOP - gepostet von Flo am Montag 18.09.2006
    Der Hornos geht es nun ruhiger an. - gepostet von Mercartor am Samstag 07.10.2006