Hallo fum jayjay

BMW Auto Club Lëtzebuerg
Verfügbare Informationen zu "Hallo fum jayjay"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: jayjay - Anonymous - ///M Flipy - dantouring - ///M Gilles - alpinad10 - Starsky
  • Forum: BMW Auto Club Lëtzebuerg
  • aus dem Unterforum: User Vorstellung
  • Antworten: 17
  • Forum gestartet am: Donnerstag 11.05.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Hallo fum jayjay
  • Letzte Antwort: vor 17 Jahren, 6 Monaten, 17 Tagen, 23 Stunden, 37 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Hallo fum jayjay"

    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 07.06.2006, 21:51

    Hallo fum jayjay
    Moien.

    Majo ech sin de Christian (och jayjay genannt) an wunnen zu Grosbous. Den 1ten Juli dest Joer gin ech bestued mat ménger wonnerschéiner Fra an Mett September gin ech gléckleche Papp fun engem léiwe Meedchen. Fun Beruf sin ech Douanier. Sin den 25ten März 1980 zu Ettelbréck gebuer, spillen Fussball, hocken doheem oft op der PlayStation :wink: an fueren fir mäin Liewen gaer BMW !
    Mäin Auto ass en 89er Modell, et ass nämlech en schwarzen E30 325i, am moment awer nach emer am Embau ! Sin awer geschwen fäerdeg ! :P


    Bis dann
    Ciao


    P.S.: Hei drener gesidd dir nach e puer Fotoen wi en am moment nach ausgesäit !



    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 12.06.2006, 07:33






    FOLGENDES ASS AN DER MAACH :

    - 17" AZEV Type A Felgen, (2x7,5/17+2x10/17)
    - GT4 Jupe

    Hei eng Foto fir déi di sech näicht kenen drener firstellen :



    - Niwelluuchten
    - Klarglas Winkeren



    - wäiss Heckluuchten



    - eng nei Blend (béise Bléck)



    Re: Hallo fum jayjay

    Anonymous - 03.08.2006, 17:01


    Boaah JayJay hues du nach emmer dat Streckbried op der Mall :wink:



    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 11.08.2006, 20:35


    Selbstverständlech. Am Haushalt hun ech soss néierens méi Plaatz fir d'Wäsch ze strécken, dofir huelen ech de Wäschkuerf elo emer mat an d'Garage an leen d'Gezei op de Comptoir ! :-)



    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 01.09.2006, 13:00


    Dir léif Leit hei am Forum, lo ass et ofiziell !

    Ech sin säit e Mëttwoch Papp fun engem wonnerschéine Meedchen. Um 7.30h huet et an der Dr. Bohler Klinik um Kierchbierg fir d`éicht d`Liicht erbléckst. Ugemellt hun ech et enert dem Numm Chiara.

    Sin souuuuuu STOLZ op mäin Klengt !
    Probéieren an den nächsten Deeg e puer Fotoen fum Kand hei dran ze setzen !



    Re: Hallo fum jayjay

    ///M Flipy - 01.09.2006, 13:14


    Herzlechen gleckwonsch! :D



    Re: Hallo fum jayjay

    dantouring - 01.09.2006, 15:43


    Och vun mir an menger Fra Gleckwonsch un d'mamm an un dech JJ :wink: an alles gudds fir daat klengt



    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 02.09.2006, 22:08





    Hei ass méng kleng Meischen !!!!!!!
    Ass hatt nit léif ?
    Am léifsten läit et natirlech bei séngem Papp, wou da soss ? ;-)



    Re: Hallo fum jayjay

    ///M Gilles - 03.09.2006, 10:27


    Gleckwonsch :wink:
    Gesait leif aus :wink:
    an de papp gesait schon matgeholl aus :lol:



    Re: Hallo fum jayjay

    dantouring - 03.09.2006, 14:16


    hatt schon baal geduecht daat wier d'mamm :oops:



    Re: Hallo fum jayjay

    Anonymous - 03.09.2006, 19:36


    häerzlechen gleckwonsch iech DREI!!!
    dier hudd iech do en scheint meedchen zesummen gebastelt. hehe
    respekt



    Re: Hallo fum jayjay

    alpinad10 - 03.09.2006, 20:18

    Glëckwönsch
    Déi allerbeschte Wönsch an vill Freed mat Aerem neien Familjemember


    HAAS René
    alpinad10



    Re: Hallo fum jayjay

    Anonymous - 03.09.2006, 23:17


    Gleckwonsch och fun mir an fum jill :wink:



    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 04.09.2006, 04:16


    dantouring hat folgendes geschrieben: hatt schon baal geduecht daat wier d'mamm :oops:


    Wanns de d'Mamm gaer gesäis dann muss de an d'Spidol kommen ! ;-)



    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 04.09.2006, 04:19


    ///M Gilles hat folgendes geschrieben: Gleckwonsch :wink:
    Gesait leif aus :wink:
    an de papp gesait schon matgeholl aus :lol:

    Also esou eng Gebuert helt een Papp effektiv zimlech mat, mee ech muss awer fairerweis zougin dass ech op deser Foto nemen sou gemeet hun wi wann ech géing schlofen. Hun fonnt daat géing mi léif ausgesin ! :-)
    Wees de, wanns de sou e Butz um Aarm leien hues(oder wi ech do um Bauch) dann schléifs de net sou séier an, do kriss de all kleng Bewegung mat, all Otemzuch fum Bebé.



    Re: Hallo fum jayjay

    jayjay - 04.09.2006, 04:20


    @all

    Merci. Mir wäerten schon eis Freed mat him hun ! :-)



    Re: Hallo fum jayjay

    Starsky - 09.09.2006, 23:38


    Och vun mir nach dei beschten wensch fir daat klengt an den eltren wenschen ech vill freed mat der grimmelchen.



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum BMW Auto Club Lëtzebuerg

    Generalversammlung - gepostet von dantouring am Montag 22.01.2007
    e30 cabrio fenster - gepostet von fred am Mittwoch 09.05.2007
    Spoilerfir een E12 - gepostet von Roorda am Freitag 14.07.2006
    Moin Moin - gepostet von Roorda am Samstag 12.08.2006
    Hun mer erem en e46 kaaft - gepostet von chrescht am Mittwoch 28.02.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Hallo fum jayjay"

    Ein Counterluder sagt hallo - Counterluder (Donnerstag 23.11.2006)
    na dann HALLO - Angel (Samstag 17.03.2007)
    Hallo - Fc Basel (Dienstag 04.07.2006)
    Hallo - MaLeKkäN (Mittwoch 21.02.2007)
    Hallo, ich bins Kevin - Kevin (Montag 22.05.2006)
    hallo????? - Gucky (Mittwoch 16.08.2006)
    halli hallo - donna (Freitag 02.03.2007)
    hallo an alle und kurze erklärung - layr33 (Mittwoch 01.08.2007)
    Hallo an alle. - Asylum82 (Mittwoch 29.11.2006)
    HALLO!!! - reiterhofrosee (Freitag 06.10.2006)