Facebook : M Power-team Luxembourg.

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Facebook : M Power-team Luxembourg."

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: Fighter - ///M Gilles - E28 - ollm3 - dantouring - Skrazzy
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: Off-Topic
  • Antworten: 20
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Facebook : M Power-team Luxembourg.
  • Letzte Antwort: vor 12 Jahren, 2 Monaten, 4 Tagen, 14 Stunden, 14 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Facebook : M Power-team Luxembourg."

    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 30.01.2012, 20:22

    Facebook : M Power-team Luxembourg.
    Salut Männer.

    Wéi dir wesst sin mir jo och um Facebook. Mam Segen vum Oli,Gilles an Philippe hun ech déi Säit opgemeet.

    Dat soll eng Säit méi just for fun sin fir News,Fotoen a.s.w.
    An virun allem war meng Idee fir déi Leit déi passionéiert ///M oder eben BMW fueren op eis opmierksam ze machen.
    An all déi Leit déi sech mellen bei mir wat mir sou machen soen ech emmer si sollen sech hei am Forum umellen!!!

    Dat war meng Grondidee vun der facebook Säit.

    Ech hat awer nit domader gereschent dass ech aus aller Welt Frendschaftsufroen géif kréien.

    An bis lo hun ech emmer jidfeereen ugehol. An do sin och vill Letzebuerger dobäi déi passionéiert BMW fueren. An woubäi ech ganz paff sin et gin nach puer richteg schéin ///M3 E30 Modeller an eisem Ländchen :D Obwuel keen war bis lo sou schéin wéi dem Oli säin.

    Mol kucken op deen een oder aneren och nach an de Forum kennt.

    Wat ech iech all awer wollt hei matdeelen ass dat hei: Wann dir eng cool Foto,Artikel oder soss eppes hut dann post dat w.e.g. op facebook Säit. Dat géif ech flott fannen 8)
    De Philippe,de Klaus an de Gilles hun dat jo schon oft gemeet.
    Tip top sou!!!!
    Well ech weess jo och nit emmer wat alles posten :wink:
    Awer eis Fotoen vun eisen Autoen sin jo schon ganz gudd ukomm bei de Leit. Dat gesäit een mat deenen villen "I like" :D

    Awer wéi schon gesot d'Facebook Säit soll méi just for fun sin.
    An hei am Forum ass et wou et gelt. Wou d'Musik spillt :wink:

    Bis dann.

    De ///Mike.

    Mat sportlechen ///M Gréiss :D



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 08.02.2012, 18:17


    Wéi d'Begeeschterung jo nit grad grouss ass iwert d'Idee um facebook hun ech décidéiert fir den Numm ze enneren vun M Power-team Luxembourg an lo M Power-fan Luxembourg.
    Hei huet jo mol keen eenzegen eppes geäntwert an dann soen ech mir firwat soll ech mir déi Méi machen fir een Numm ennert engem Team.

    De Gilles an de Philippe sin déi eenzeg déi um facebook mol eppes gepost an gelikt an kommentéiert hun.

    Dofir hun ech den Numm geännert dann kann ech och lo mat der Säit machen wat ech well :wink:



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    ///M Gilles - 08.02.2012, 20:11


    Hey Mike,relax alles cool...
    Wanns du et richteg hells passt deen Numm suguer besser och wann ech keen Problem Mat "Team" haat ;)
    Et sin jo vill mei Fans do wei där dei wirklech een ///M hun...
    Reklamm fir den Forum as awer trotzdem emmer gudd ;)



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 08.02.2012, 23:11


    Jo ech gesin dat och sou Gilles. Dofir hun ech jo och den Numm geännert als fan.
    Well vun deem "team" hei ass och näicht geschitt um facebook (wéi och hei am forum)

    Sou verléiert een eben Motivatioun fir eppes ze machen!!

    Mee dat ass guer nit schlemm well lo hun ech dofir rem méi Fräizäit.....
    Ech machen déi Säit mengen ech souwiesou zou well ech kennen déi meescht jo mol guer nit.
    An déi 100 Letzebuerger déi um fb sin déi kommentéieren oder liken mol guer näicht......
    Jo sou mecht dat keen Spass!!!

    Wéi gesot keen Thema déi Fräizäit hun ech lo méi fir eppes besseres ze machen!!



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 09.02.2012, 14:10


    Sou Männer lo hun ech rem eppes neies probéiert um facebook!!!
    Hoffentlech gefällt iech dat dann lo besser :wink:

    Also ech hun eis eng Säit gemeet fir de Forum um facebook. An zwar ennert dem Numm: mpower-team.com
    D'Idee ass jo fir op eis opmierksam ze gin hei zu Letzebuerg.
    An dofir halen ech och Säit nemmen op Letzebuergesch. Wéi d'Nimm vun den Albumen a.s.w.

    Déi aner Säit haalen ech dann einfach bäi mee déi huet näicht méi mam Team ze din. Wann ech do loscht an Zäit hun dann posten ech eppes op M Power-fan Luxembourg. Mee villäicht enneren ech deen Numm och nach em an een aneren.

    Ajo,bei der neier Säit muss een "Gefällt mir" drecken fir dass een dat gudd fennt. Nit wéi bei der anerer Säit, do huet een jo missen eng Frendschaftsufro missen machen.

    Sou ech hoffen d'Säit gefällt iech!!! Dann hun mir och lo mol eng Reklam um facebook.



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 09.02.2012, 14:18


    Ajo,wann deen een oder aneren nach eng Foto well op d'Säit vum fb dann soll en se mir op meng e-mail adress schecken. miketate@pt.lu



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    E28 - 10.02.2012, 00:05


    tjo, und dann war ich auf einmal nicht mehr drin, habs eben bemerkt.
    wäre schon schön wenn man wüsste warum



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 10.02.2012, 12:23


    Majo ganz einfach wells du jo souwiesou all déi nei ///M Autoen just kritiséiers!!! An deemols war den Numm jo nach ennert Team an lo huet déi Säit näicht méi mam Forum ze din. Dofir get et jo lo eng aner um facebook!!!
    An lo hun ech keng loscht emmer domm Kommentaren iwert déi Nei ///M Autoen (alles wat jo fir dech ab 1990 gebaut gouf) ze liesen!!!!!!!!!!



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    E28 - 10.02.2012, 13:09


    schön das Du es wenigstens hier schriebst, anderweitig hat´s wohl ned dazu gereicht.

    Flip lösch meinen Account auch hier im Forum, Danke.

    und noch was zu Dir Fighter
    wenn du mit Kritik nicht umgehen kannst, dann tust Du mir leid.
    Erwachsene Menschen können mit Kritik umgehen und darüber diskutieren.
    Ich war gern in dieser Gruppe und meine Beträge hatten auch ihre Fan´s.

    und wenn Du meine Kommentare als dumm bezeichnest, dann hab ich dort sowie auch hier nichts verloren.



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    ollm3 - 10.02.2012, 15:21


    Männer, sin mer hei op engem Kannergebuertsdag, soss keng Suergen? :roll:



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 10.02.2012, 17:41


    Ech hat dat alles gudd gehal wou déi Säit ennert dem Numm vum team gelaaf war.
    Lo wou souwiesou se nemmen nach eenert M Power-fan leeft dann kann ech jo och déi Leit drop loossen dech ech well!!!!!!
    An ech kann ganz gudd mat Kritik emgoen!!!!! Awer wann alles schlecht gemach get wat ech posten wat ab Bauhjoer 1990 gebaut get dann froen ech mech wat een vun enger ///M Säit erwaard????
    Kritiséieren ass emmer einfach.
    An dobäi kennen ech dech Klaus mol guer nit.
    Dofir wars du och deen éischten an eenzegen deen vun lo menger Säit geflunn ass!!!! Well alles schlecht schwätzen ass einfach!!! Dann hun ech déi Leit léiwer déi näicht soen.
    Well wann ech mech bei Audi RS umellen an ech machen do alles schlecht dann ass et jo normal dass ech nit méi op der Säit gedult gin. Sou einfach ass dat!!!!!!!!!
    Mee ech gesin du kanns jo och immens gudd mat Kritik emgoen Klaus!!! Firwat wells du dann dass de Philippe däin account hei löscht???
    De Forum huet näicht mat der Säit ze din wous du rof geflun bass!!!
    Dat eent huet näicht mat deem aneren ze din!!!!



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    E28 - 10.02.2012, 18:00


    das eine hat mit dem anderen nichts zu tun, mag sein.
    Warum schreibst du so laut ?
    Leute die schreien, sind im unrecht, und Du schreist hier.
    Ich hab nicht alles schlecht gemacht, sondern nur meine Meinung gesagt, mehr nicht.

    Aber lassen wir das, Du würdest es eh nicht verstehen Mike.

    Und wenn ich Flip bitte meinen Account zu löschen, ist das meine Sache.

    Wir kennen uns nicht, das ist richtig, und ich bin mir sicher, das ich da nichts verpasst habe.
    Ich hab einige Leute aus dem Forum hier persönlich kennen und schätzen gelernt.

    Ich bin mittlerweile aus dem Alter raus, wo ich mich in jeden Streit reinhängen muss.
    Entweder man kann es diskutieren oder ich lass es bleiben.

    Ich wünsch Dir trotzdem viel Spass mit Deiner Facebook Seite :wink:



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 10.02.2012, 18:55


    Ech hun heizou och näicht méi ze soen :lol:

    Awer wat léiert dat mech:hätt ech näicht gemeet also keng facebook Säit dann wäer ech dat do lo rem alles erspuert gewiecht :cry:

    Mee wéi soen se: Guddheet ass eent Steck vun der Domheet :lol:

    An ech sin mir och am iwerleehen dat alles hei sin ze loossen.
    Vun Forum iwert d'facebook Säit a.s.w.

    Well firwat soll ech mir dat heiten nach undin???

    Nix für ungut Klaus!!



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    ollm3 - 10.02.2012, 19:16


    Ob facebook oder forum, sch_egal, ass alles fraiwelleg... kenns de op engt Treffen oder Aktivitèit dann kenns de an wann net dann bleiw doheem... an da soll och keen engem doweint en Sack man, ass jo schliesslech keng Mussen-Sach.

    Mike, aus deem Grond existeiert den alen Forum jo och net mei, et gett keen Club mei, mee lediglech eng Interessengemeinschaft mat Leit dei daat selwegt Hobby deelen an zwar hei um Flep senger Inet Plattform, an wann hien se zou mecht oder roofhellt ass daat och sou...

    Du hells um Facebook op denger MFan Sait, weens du wells an färdeg, wanns du wells weiderhin bessen Reklamm fir den Forum ennert dem MPowerTeam man fannen ech och eng gudd Sach, mee nach lang keen Grond fir aus dem Forum an Flemm um gemeinsamen Hobby ze kreien asw...



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 10.02.2012, 19:48


    Ech schlofen lo mol nach eng Nuecht doriwer!!

    P.s.: ouni déi sims vun zwee Leit déi ech lo grad krutt wäer ech souwiesou lo schon raus.



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    dantouring - 10.02.2012, 22:11


    Oh Mike doriwwer schwaetzen mer bei Shooting mam Anouk. :wink:
    offtopic: Dann drenken mir mol eng zesummen. Wanns de wells kanns du mer nach Weekender soen wous du lo schon wees dass de net do bass? Muss jo een Datum fannen wou et dir, der painterin an dem Anouk geet.

    Ech muss soen ech liken och net all Foto, obwuel keng schlecht dobei ass.
    Mike gesei daat net sou enk, fannen deng Infoen deis du do gepost hues gut.



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 11.02.2012, 20:48


    Salut Männer.

    Ech well awer och nach eppes hei kloer stellen.
    1. Ech géif niemols am Numm vum team een vum facebook geheien. Well wou ech den Numm geännert hun an mäin Numm do hun ech de Klaus rofgehäit. An ech hun mir och mol näicht béisses dobäi geduecht. Hien selwer seet jo dass hien näicht mat neien ///M Autoen kann ufänken.
    An ech sin nit deen um facebook ufänkt do Diskussiounen ze schreiwen. Dat sin ech nit néideg!!!! An wann meng Säit him souwiesou nit gefall huet wou ass de Probleem???? Ennert mengen Numm halen ech déi Leit drop déi ech well.

    2. Deemols wou ech an de Forum koumm hun ech jidferengem eng Frendschaftsufro gescheckt um facebook. Ech duecht sou léiers de alt bessen Leit kennen. Och dem Klaus!!! An hien hat mech ugehol. Awer e puer Méint drop huet hien mech vun senger Säit gehäit. Ech weess och nit firwat.....war mir awer och egal.
    Wat ech domader well soen: firwat deen Stress??? Ech hun nit durno an de Forum geschriwen oh ech sin nit méi op senger Säit.
    Sou gesin sin mir jo lo Kitt Klaus :wink:

    3.Wéi ech schon geschter geschriwen hat: Guddheet ass een grousst Steck vun der Dommheet" well hätt ech keng facebook Säit gemeet wäer dat hei mir alles erspuert gewiecht. Awer wéinstens get lo mol rem eppes hei an de Forum geschriwen.

    4.Déi Säit mpower-team.com um facebook mat de Fotoen loossen ech natierlech drop. Wéi den Oli schon geschter sot et ass jo awer eng gudd Reklam fir de Forum.

    5. Déi aner Säit do hun ech jo schon 2x den Numm geännert vun M Power-fan Luxembourg an lo M Power-fan Mike Tate. Do brauch ech keen ze froen wat ech posten oder ween ech drop halen.

    6. Déi Leit déi mir wierklech wichteg sin hei am Forum hun sech geschter an haut bei mir geäussert. An dat hun ech immens top fonnt.

    7. An duerch deen Grond bleiwen ech och am Forum. An loosen alles um facebook wéi et ass.

    An fir mech ass déi Sach lo erledigt.



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    E28 - 12.02.2012, 00:30


    ok, schön geschrieben, dann will ich Dir Deine Fragezeichen noch beantworten Mike.

    Deinen Punkt 1 lass ich mal so stehen, da kann ich nichts dagegen sagen.

    Dein Punkt 2: es ist richtig das Du mir damals eine Freundesanfrage geschickt hast, und diese hab ich auch angenommen.
    Nur ich bin von Haus aus ein neugieriger Mensch bei Leuten die ich nicht kenne und habe ab und zu bei Dir im Blogg gelesen.
    Und da habe ich gesehen, nur meine Meinung keine Feststellung, das Du Mike ein ziemlich impulsiver und explosiver Mensch sein musst, mit verschiedenen Einstellungen, die mir persönlich nicht gefallen haben.
    Deshalb habe ich Dich wieder aus meiner Freundesliste entfernt.

    und hier zitiere ich Deinen Punkt 1: " Ennert mengen Numm halen ech déi Leit drop déi ech well. "

    so bin ich auch vorgegangen :wink:

    Als dann irgendwann eine Anfrage vom M-Power Team kam, hab ich diese natürlich angenommen, weil ich ja nicht wusste wer dahinter steckt.

    So, nun kennst du auch meinen Standpunkt.
    Bleib Du ruhig hier im Forum Mike, ich werd mich zurückhalten und mein bayrisches Schandmaul in Zukuft halten.
    :wink:

    Solltest Du Dich von mir beleidigt oder belästigt fühlen oder gefühlt haben, dann sehe diese Zeilen als Entschuldigung an.

    Ich bin 1700km von Luxembourg entfernt und werds auch bleiben.
    Haltet Euer Forum zusammen, auch wenn man nicht immer und alles unter einen Hut bringt.

    Servus Amigos :wink:



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Skrazzy - 13.02.2012, 21:05


    Hey Mike,also ech fannen daat top waats du mess,mee leider sin ech an der lescht net esou "oft" online.. méi um iPhone,an daat as och net esou daat ;)
    Freen mech alt schon op d'///M Saison :)



    Re: Facebook : M Power-team Luxembourg.

    Fighter - 13.02.2012, 21:18


    Hey ///Merci Skrazzy :D

    Dat ass deck fein vun dir :wink:

    ///Merci 8)



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    sichen e46 m paket front - gepostet von TimchenM3 am Dienstag 15.09.2009
    Tausche Borbet Felgen gegen andere Felgen - gepostet von E28 am Dienstag 20.02.2007
    4x Dunlop Sport Maxxen 17" - gepostet von M Driver am Samstag 17.05.2008
    Sachs Kupplung + Schwungrad fir 328i E36 - gepostet von Georges am Sonntag 15.06.2008
    Verschidn e30en - gepostet von Dr. M-Power am Freitag 12.11.2010
    Nürburgring Rundenzeiten - gepostet von ///M Flipy am Mittwoch 17.10.2007
    Kierchbierg Juli 2006 - gepostet von ///M Flipy am Donnerstag 27.07.2006
    Sichen E30 325i Cabrio - gepostet von chrescht am Montag 04.06.2007
    Sichen M68 M-Technik-Felgen - gepostet von TimchenM3 am Montag 10.08.2009



    Ähnliche Beiträge wie "Facebook : M Power-team Luxembourg."

    Final Fantasy X - Alexander (Mittwoch 10.01.2007)
    Morgen kommen Bilder von Django und später dann von Lady - staffimaus (Samstag 10.05.2008)
    Allgemeine Fragen zu Final Fantasy 9 - BlackBloodyRose (Samstag 03.02.2007)
    Mystic Fantasy & Shadow - Shadow (Samstag 08.09.2007)
    [LV] Maxwell - El_Valenciano_Sajón (Dienstag 31.05.2011)
    Fantasy & Sci Fiction RULES - Lavendel (Dienstag 10.10.2006)
    Fantasy Project - Fall in Love (C.Y.T. rmx) - Marco (Donnerstag 10.03.2005)
    Macht Final Fantasy gewalttätig? - Asahi (Dienstag 16.01.2007)
    Final Fantasy I - ElectroX (Freitag 22.04.2005)
    mehr fantasy - Shaitaan (Donnerstag 05.04.2007)