Isetta

Endlech en Forum
Verfügbare Informationen zu "Isetta"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: LS - marcflammang - oli - Gako alias Lola - antoine_spautz
  • Forum: Endlech en Forum
  • aus dem Unterforum: Forum
  • Antworten: 33
  • Forum gestartet am: Montag 09.04.2007
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Isetta
  • Letzte Antwort: vor 16 Jahren, 2 Monaten, 21 Tagen, 15 Stunden, 29 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Isetta"

    Re: Isetta

    LS - 05.09.2007, 23:40

    Isetta
    Fir déi et interesséiert, sou gesäit d'Isetta zenter haut aus:

    riets an hannen ass definitif déi 1.Grondfaw drop, do muss just nach gefëllt, dann 2. Grondfaw an Lack drop kommen.

    lenks muss nach färdeg gespartelt gin, den Daach muss just den aalen Lack roof, an dann 1. Grondfaw, asw.





    kleng Ergänzung:

    am Lack sin nach verschidden Schattierungen, daat ass normal wéist dem Spachtel, deen méi Faaw obhëllt wéi den blanken Blech.

    Dann gin nach Schrummen mat Feinspachtel gefëllt.

    Ausserdem sin kleng Dellen beim Falz, daat war deelweis gewollt, wëll fréier den Blech do gepunkt gouf, den Rescht ass fir den Feinschachtel.



    Re: Isetta

    LS - 05.09.2007, 23:49


    Lo nach chronologësch, déi puer Photoen déi ech schon gepost haat:

    Am Ufank am Ënnerbuedem:



    D'Karosserie ënnen gestrahlt:



    mat Raschtfaaw:



    och bannen:



    an aktuell:



    Re: Isetta

    marcflammang - 06.09.2007, 16:07


    :krass

    Respekt, geseit richteg gutt aus!



    Re: Isetta

    LS - 07.09.2007, 01:01


    Ah, pardon, ech huelen mech zréck, hannen beim Falz spachtelen ech awer glaat. Dann eben mam Feinspachtel :), ass jo lo nach Zäit.

    Original soll daat awer schéin riicht gewierscht sin, denken war liicht gespachtelt.

    Ech hoffen ech kann muer d'Karosserie mat ob Olm bréngen.



    Re: Isetta

    LS - 07.09.2007, 22:52


    Yeah, d'Isetta ass färdeg "epoxéiert" :), gesäit schon zimlech cool aus, daat grobt gespachtels hu mer hannert eis, war sau vill Arbecht.

    Muer den Moien huele mer d'Karosserie ob Olm, war haut leider ze spéit gin, mir hun schon mat der Baladeuse lackéiert wëll an der Haal keng hell Luut ass :)

    Kéint sin dass ech fir 12 Auer zu Schëndels sin, wann keng Komplikatiounen obtrieden



    Re: Isetta

    LS - 07.09.2007, 23:11


    hei Photoen vun haut:







    nee, mäin Papp ass net amgaang mat danzen :)



    Re: Isetta

    oli - 08.09.2007, 07:23


    keint een awer baal mengen :yawinkle:. geseit gudd aus nach weider sou dass se glaich ferdeg get an du een tour domat fueren kanns :wav: :respekt_2



    Re: Isetta

    LS - 02.10.2007, 00:53


    Sou, dann schreiwen ech mol een neien Beitraag:

    No bëssen Wakanz an feingespachtels, daat méi Zäit geholl huet wéi erwaart, ass gëschter (Méinden) déi 2. an richteg Grondfaaw färdeg drop komm, d'Karosserie ass lo ganz eng Faaw, an daat nächst, den Lack, mëcht den Lackéirer, net mäin Lackéirer-Papp! Obwuel, hien huet d'Aarbecht sou propper gemaach, dass ech mech lo net getraut hun selwer mol ze probéiren, hätt net vill besser kënnen gin :) An mir hun keng Lackéier-Kabinn, nëmmen déi Semi-professionnel-zimlech-eidel-grouss-Maschinnenhaal-Lackéierkabinn, ze stëpseg fir en gudden Lack, an do derbäi nach eng masseg Moustikenploo, ech hun den Mëtten bestëmmt eng 20 frecktgehaa... Ass gudd fir eng Karosserie, fir déi nächst Restauratioun kréie mer eng Kabinn :) ...

    Et fehlen nach d'lackéiren vun Dier an Motordeckel. Kënnt demnächst.

    Den Ufank war den Sonnden, wann een an der Woch näischt schafft kann een jo sonndes schaffen, war jo och just lackéiren... :)

    Den Ënnerbuedem, 2 Couchen, wëll do keen Lack drop kënnt, war original nëmmen Grondfaaw, ech maachen awer mengen nach transparenten Ënnerbuedemschutz drop.










    Dun ass et gëschter, Méinden, weider gaang, Isettchen dréinen, dun bannen an baussen grondéiren:





    Et gët nawell bëssen Niwwel. Et muss een schon soen, den Ament waren d'Moustiken méi rar! Mee ech mengen et fléien och lo puer groer doruechter, déi sin zimlech robust.









    Ass schon kamout wann een den Lack selwer drop mëcht:

    Daat hei waren meng ganz Käschten! :) (Faaw ass och net sou bëlleg)






    Lo waarden ech nach ob den Marc säin Restauratiounsbericht :)



    Re: Isetta

    Gako alias Lola - 02.10.2007, 11:41


    schein, geseit gut aus!



    Re: Isetta

    marcflammang - 02.10.2007, 13:16


    Jo, muss een soen hut der gutt gemach :-) Weini geet se bei den Lackeierer? Well se virdrun nach eng Keier gesin...

    Tjo den Mister Curridor huet sech nach net gemellt, mol oofwarden...

    Sin nach emmer amgaang mat mer ze verhandelen ob ech net awer soll d'Culasse erof huelen... Ech wees ech kann mech net entscheeden :-(

    Wier awer flott wann een kent nei Kolwenreng dranmachen, an eng Keier schein alles botzen, an den Block lackeieren...

    Weinst der Kurbelwell hun ech mech mol informeiert, an fir et richteg ze machen, muss se nom oofdreien geriicht, ausgewucht, an nitreiert gin. Dat get dann nach en gutt Steck mei deier, sou dass ech mer wahrscheinlech wärt eng nei am Austausch bei BMW kaafen...

    An dann all 20'000km Pleuel an Haaptlageren wiesselen, dann lieft dei eiweg :-)



    Re: Isetta

    LS - 02.10.2007, 19:15


    Ma fir bei den Lackéirer wees ech nach net, gin muer dohinner mol froen, mee fläicht ass et besser wann ech Dier, Luten an Motordeckel och färdeg hun fir zesummen ze lackéiren, mol kucken a froen.

    :) jo Marc, du kanns dech wierklech net entscheeden :) Ech muss soen, den Isettasmotor haat ech jo och net ganz vuneneen, Nocken- a Kuerbelwell ass dran bliwen, deen Motor ass net sou kriddleg an et geet net sou seier eppes do futti, me ech muss soen et deet mer lo den Ament schon bëssen Leed... :) Dann wärt ech Wannter 2008 den Motor awer nach eng Kéier ausbauen :) :) :) ...

    Jo, déi 9x2 Lagerschuelen all 5 Joer wiesselen ass jo net ze vill... :)



    Re: Isetta

    LS - 02.10.2007, 19:24


    Ah, nach eppes fir d'Isettchen:

    ech brauch jo gläich 4 nei Pneuen (10 Zoll :) ):

    zur Auswahl steet:

    1)radial 145 SR 10 : 35 € /Stéck
    wëll eigentlech keng Radialpneuen, ass net original an gesäit net zäitgeméiss aus

    2)diagonal 4.80-10 : 61€ /Stéck
    souer waren original drop, mee ech fannen "Weißwandreifen" méi flott



    3)diagonal Weisswand 4.80-10 : 128€ /Stéck !





    Hm, waat mengt dir? Ech tendéiren momentan rëm zu den normalen Diagonalpneuen.



    Re: Isetta

    Gako alias Lola - 02.10.2007, 20:24


    preisleg gesin, diagonal, optesch gesin weissrand, mee daat ass deng entschedung, ech mengen net daat do een dir kann helefen!



    Re: Isetta

    LS - 02.10.2007, 20:27


    :) hm, jo



    Re: Isetta

    antoine_spautz - 03.10.2007, 08:09


    kuck ob desser sait sie hun bestemms weissraden vir zeccht den pneu an d felsch zeklemmen.
    http://www.fiat500126.de/



    Re: Isetta

    LS - 03.10.2007, 13:54


    Tun, du mengs sou wäiss Réng déi een ob den Pneu leet an an der Felge klemmen? Déi Réng gin vun villen Leit oofgerooden an sin och net zougelooss, déi Réng reiwen un den Pneuflanken an kënnen den Pneu futti maachen, soll geféierlech sin.

    An ass och net wéi et fréier war, do waren bei "Weißwandreifen" deen wäissen Gummi fest um Pneu obvulkaniséiert.

    Mengen ech huelen normal Diagonalpneuen.



    Re: Isetta

    LS - 04.10.2007, 12:52


    Pneuen hun ech nach keng, dofir krut ech awer haut den Lack gemëscht am original Fawtoun :) War guer net sou einfach wéinst der neier Veruerdnung wou 2K Lacker verschwannen.

    Lo muss ech kucken wéini den Lackéirer ma et kann lackéiren, hoffen Ufank nächster Woch.



    Re: Isetta

    Gako alias Lola - 04.10.2007, 14:54


    ma tiptop, daat ass jo gut! Lackeiren, geet secher genial, dann ass et schon direckt mei esou een neien auto, mam neien lack!



    Re: Isetta

    LS - 04.10.2007, 20:45


    mam lackéiren geet lo awer net sou séier, dann muss ech nach bëssen waarden bis nächst Wakanz, wëll awer dann hei heem sin.



    Re: Isetta

    LS - 19.10.2007, 00:59


    super! Ech hun grad eng Uleedung fir den Isettas Motor auserneen ze bauen gelies. Fir d'Kuerbelwell rauszebauen muss een den Block wiermen. Hei d'Erklärung wéi een et mëcht wann een keng extra Heizplack hued :) :

    "Es gibt jetzt keine Schrauben mehr, die gelöst werden müssen. Das Gehäuse muß jetzt erwärmt werden. Leider hat nicht jeder eine einzelne Anwärmplatte dafür. Deshalb kommen wir nicht umhin, die Hausfrauen ins Kino zu schicken, damit wir in die Küche können. Wir legen ein ausreichend groi9es Blech auf die Herdplatte, damit diese abgedeckt ist und nicht verschmutzt, und stellen den Motor darauf. Wir stellen die Temperatur auf ca. 100-120° ein. Das Erhitzen geht relativ schnell. (ca. 7-8 Min.) "

    :)



    Re: Isetta

    Gako alias Lola - 19.10.2007, 12:52


    genial!
    mehr power männer küche
    höur höur höur



    Re: Isetta

    antoine_spautz - 22.10.2007, 08:36


    geil virstellung.



    Re: Isetta

    LS - 26.12.2007, 06:10


    D'Isetta Karosserie wor Hellegowend färdeg lackéiert an ass zu Olm ukomm, Krëschtdaag (haat soss keng Zäit :) ) wor d'Hochzäit, also Chassis an Karosserie sin rem zesummengesaat gin.

    Gesäit schon genial aus, wärt der deeg nach weider Deeler abauen.

    Ween also een schéin nei lackéierten Auto wëllt gesin kann roueg eng Kéier laanscht kommen. Ech hun leider nach keng Photoen upgeload...



    Re: Isetta

    marcflammang - 26.12.2007, 18:39


    Ech hun se schon gesin, an se as genial :-)

    Gleckwonsch fir d'Hochzeit Luc! :-)



    Re: Isetta

    LS - 27.12.2007, 00:53


    Jo, ass genial. Hun d'Impressioun se gët all Dag méi schéin... :)

    Hei Photoen no der Hochzäit:







    Re: Isetta

    Gako alias Lola - 27.12.2007, 12:57


    schein... ech kommen ech keier kucken mengen ass mei geil wei fotoen, wees allerdengs nach net weini. Den lack ass richteg sexy, esou wei neien lack halt cool



    Re: Isetta

    antoine_spautz - 27.12.2007, 14:29


    genial



    Re: Isetta

    LS - 28.01.2008, 00:44


    Sou, nei Photoen vun der Isetta. Ech hun se grouss genuch gelooss, mengen et gesäit een besser wéi wann ech se méi kleng man.




    D'Felgen sin färdeg an d'Pneuen goufen montéiert:





    Lo kann ech d'Maschinn mol vir ob d'Fosse stellen:







    Vun ënnen:












    Hei war ech amgaang d'Leeschtungskennlinn unzepassen :) :






    An hei hun ech mäin Cadeau fir d'éischten Kéier benotzt :) Passt jo nach bal:)



    Re: Isetta

    antoine_spautz - 28.01.2008, 09:15


    ech mengen deng korken dichtung ass net ganzdicht oder täuschen mech do meng ahn ;)



    Re: Isetta

    Gako alias Lola - 28.01.2008, 14:13


    aer foss ass och net ze schmuel...



    Re: Isetta

    LS - 28.01.2008, 15:23


    Mat der Foss geet genau duer, méi breed giff wahrscheinlech net méi goen.

    Jo, d'Korkendichtung vun der Uelechbiidchen ass ondicht. Wärt eng nei schneiden an se mat Dichtmëttel asetzen.



    Re: Isetta

    antoine_spautz - 28.01.2008, 15:55


    dass genial deng isetta. hurs du d'bremsleitungen angezun oder mess du dat nach? et fehlt net meih esou vill mee et ass awer nach bessi bis se ferdech ass. schon alleng wann ech hun d setzbenk denken den fahldach, d elecktik an d fensteren an net zevergirsen d'fischtdirch.



    Re: Isetta

    LS - 28.01.2008, 17:59


    Wahrscheinlech ass d'Abauen vun der Dier am meeschten Aarbecht. Do mam Gekabels an Armaturenbriet... . Dier ass souwisou nach net lackéiert lo.

    Et leeft eng gréisser Bestellung, mat Tank all Dichtungen an Bannenausstattung (= bedrucktene Pappe) :) .

    Fir d'Elektrik muss ech nach ob nei Kabelklemmen waarden. Ech huelen déi aal Kabelen weider, maan en awer bis ob d'Kabelen ob fir ze kucken, an dann gët alles nei emwéickelt.

    D'Fënsteren asetzten soll och schwiereg sin

    An dann muss ech kucken ob ech den Faltdach hikréien an d'Sëtzbänk. Muss meng Sattlerfähegkeeten nach testen :)


    Ass nach bëssen Arbecht, mee den Koup mat den oofmontéierten Deeler ass schon vill méi iwersiichtlech.



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum Endlech en Forum

    Holzfrënn - gepostet von Gako alias Lola am Montag 14.05.2007
    fiat 500 - gepostet von antoine_spautz am Montag 23.07.2007
    Gran Turismo - gepostet von LS am Mittwoch 09.05.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Isetta"

    Isetta von Revell 1/18 - Fritz (Freitag 09.02.2007)
    Isetta Dragster V8 - schachbrettmegane (Freitag 25.08.2006)