M3 e46

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "M3 e46"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: M Driver - Harcy480 - Georges - ollm3 - ZM4000
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: Biete/Suche Auto BMW
  • Antworten: 25
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: M3 e46
  • Letzte Antwort: vor 12 Jahren, 10 Monaten, 9 Tagen, 22 Stunden, 53 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "M3 e46"

    Re: M3 e46

    M Driver - 07.06.2011, 06:11

    M3 e46
    Kennt een deen hei:


    http://www.luxauto.lu/fr/occasion/bmw-m3-32.html?id=408626&rq=5971199



    Re: M3 e46

    Harcy480 - 07.06.2011, 07:09


    Den Bifi wua deen leschtens mengen ech kukkn gaang....



    Re: M3 e46

    M Driver - 07.06.2011, 08:51


    Hun lo mam Bifi geschwat.
    Een kolleg huet een kaaft. Mee deen war vun Steesel, selwescht Donneen mee fier een anneren Prais. Misst en also net gewierscht sin.
    Hun den Georges lo mol gefroot, heen as jo vun Dideleng.



    Re: M3 e46

    Georges - 07.06.2011, 09:51


    Deen M3 kennen ech leider net.



    Re: M3 e46

    M Driver - 07.06.2011, 19:03


    Sou hun dem Jong lo ugeruf.

    Heen as 2 den Besetzer mengt en. Keint och 3 sin.
    Auto kennt aus italien. Heen as en dohin sichen gang.
    Reckroufauktioun as 2004 gema gin. ( misst een nach kontrolleieren )
    Heen huet en virun 5 meint kaaft bei 75.000 an den auto huet lo 95.000 KM
    As een alldaagsauto. Mee an 5 meint 20.000 KM?????? As jo iwerdriwen.
    Grond fier den Verkaaf as daat heen autoen net lang haelt.

    Mein Siicht.

    Den auto steet lo well locker 2 meint am internet.
    Heen huet en 5 meint lang. Dann haet en en well no 3 Meint ungebueden.
    Sou schnell huet keen mensch d Flemm mam auto.



    Re: M3 e46

    Georges - 07.06.2011, 21:38


    Dat ass effektiv bessen lusch. Du gesais jo um Ziedel vun Sandweiler wéivill Kilometer en hat wéi en ugemellt gin ass. Wann een an 5 Méint sou vill fiert ass en M3 definitiv deen falschen Auto :roll:

    Sich mol bei Autoscout no M3 E46 aus Italien. Do sin der méi enner 20000€ wéi driwwer. D'Praisser fänken bei 12-13000€ un! Ech huelen un dass hien en belleg kaaf huet an lo fir méi verkaafen well.



    Re: M3 e46

    M Driver - 07.06.2011, 22:49


    Jo hat well bei mobile gekukt an sin sou em dei 14.000 € fier deen do komm.
    Mee froen mech nach emmer wirwat se an Italien emmer sou belleg sin.



    Gesin lo keen grond fierwat en soll mat dem Kilometrage leien soll.
    Dann wier en jo domm. Geif dann eischter den Geijenddeel behapten.
    Mam sandweiler ziedel hues de recht. Do geseit een et drop.

    Lossen et mengen ech sin. As mer alles bessy ze komesch.
    Keen mensch keeft een auto, haellt en 3 meint an verkeeft en.
    An seet als grond: ech fueren net lang mat mengen Autoen.
    As weiss de sees, 20.000 KM an 5 Meint an daat an engem m3, aaai, daat muss gudd doen.



    Re: M3 e46

    Georges - 08.06.2011, 09:10


    An Italien keeft baal keen sou Autoen wéinst de Steieren.



    Re: M3 e46

    M Driver - 09.06.2011, 12:30


    Jo ok mee och italien huet Lait dei Suen hun.
    An der Belge bezills de och genug mee dei leien awer ongefeier am Prais wei dei Deitsch M3en.
    Wann et lo just 2000 € wieren an Italien dann geif een et jo verstoen mee et sin direkt 5000 €.
    Am vun entretien an Ennerhalt kann een jo lo net schwätzen wells de do dann och secher manner bezills wanns de eng inspektioun mechs oder Pneuen keefs.

    Mee bis op deen Grond deens de gesoot hues faellt mer och keen an.
    Doweinst hat BMW jo och den 320is fier sie raus bruecht :wink:



    Re: M3 e46

    Georges - 09.06.2011, 13:05


    Ech giff soen dass d'Preisser an der Belge sech haalen well vill Nopeschlänner no ronderem sin. An d'Belge ass och net grouss. Demno wou an Italien huet een ganz wait ze fueren. An eben de Ruff vun Italien wat Autoshändler ubelangt ass net onbedengt dee beschten. Soss fällt mir lo och naischt méi an :wink:



    Re: M3 e46

    ollm3 - 09.06.2011, 14:22


    Alles richteg waat gesoot gouf, mee mir hätt daat mam 'net laang halen' och kennen virkommen, main 1er hun ech och na net lang an ass awer ze verkafen obschons et en top Woon ass.



    Re: M3 e46

    M Driver - 11.06.2011, 21:18


    deen hei as schein.

    http://www.luxauto.lu/fr/occasion/bmw-m3-32-smg-ii.html?id=430020&rq=6363286

    Wollt zwar keen SMG mat deem Kilometrage kaafen mee mengen gin deen do mol kuken.

    Hoffen just daat en keen Vierstellungauto an enger Garage war, well en jo ennen schreift: Besetzer vun 2003 un.



    Re: M3 e46

    Harcy480 - 11.06.2011, 21:56


    Een wua 2007 och schon am Luxauto! Den Metzler wua en kukkn gaang, deemols haat en awer 32.000€ gefroot!
    Den Metzler wua deemols awer iwazeescht gewiecht vum Auto, haat sech deemols just fier main e36 3.2 entscheed!
    Gei deen onbedengt emol kucken, Stahlgrau fannen ech och eng richteg Gail Faarw!!!



    Re: M3 e46

    Georges - 11.06.2011, 22:05


    Wollt deen och hei posten, dann wars du schon méi séier wéi ech :wink: Deen gesait wierklech net schlecht aus an de Preis schengt och an der Rei.



    Re: M3 e46

    M Driver - 12.06.2011, 00:04


    Jo den Prais klappt, zumols mat den CSL Felgen, tiptop daat.

    Rufen muer moien direkt un an probeieren nach een RV den Daag selwer aus ze machen.

    Fueren naechsten Freiden an Vakanz, vlait kann ech deen jo dann well huelen :wink:



    Re: M3 e46

    M Driver - 12.06.2011, 12:53


    Also hun ugeruf.

    As een Belge, feinen mann, alter sou em dei 35 denken ech.

    2 Hand. 1 Hand war een mann an Deitschland deen bei BMW geschafft huet.
    Heen huet en den 6.2003 kaaft.

    As also sou een auto vun engem bmw matarbeschter dei en nei kaafen, 1 Joer haalen an dann weider verkaafen. Dei kriss de jo dann emmer bessy mei belleg.

    Den Auto as bis op d Felgen original.

    Full option bis op den telefon.

    Reckroufaktioun as gema gin. Mee kontrolleieren daat nach.

    17 zoll satz wanterpneuen as dabei.


    Klengt ganz intressant. Krutt awer reicht een RV fier en mettwoch. Hoffen daat lo keen en virun mir kuken geet :cry:



    Re: M3 e46

    M Driver - 13.06.2011, 21:46


    Sou hun muer um 9 Auer RV mat him, sou sin ech definitif dei eischt persoun dei en kukt.

    Hoffen gin net enttäuscht. :evil:



    Re: M3 e46

    Georges - 13.06.2011, 22:09


    Dat klengt jo alles mol net schlecht. Wann dat wierklech sou ass, dann ass dat eng top Affaire.



    Re: M3 e46

    ZM4000 - 14.06.2011, 15:41


    an wei weit bass de :)??



    Re: M3 e46

    Harcy480 - 14.06.2011, 22:19


    Maach et Net esou Spannend!! Mier sinn hei Net bei GZSZ !! ;)



    Re: M3 e46

    M Driver - 15.06.2011, 07:26


    ECH SIN REM DABEI MÄNNER :D !!!!!!



    Re: M3 e46

    Harcy480 - 15.06.2011, 12:05


    GAIL !! Daat wua jo Net Laang ouni ///M !! ;)
    Dann ass et secherlech nees bis demnächst on tha Roadz!! :twisted:



    Re: M3 e46

    M Driver - 15.06.2011, 17:13


    Majo an next woch geet et mol op den Ring

    Well onbedengt wessen wei een originalen M3 sech fiert.



    Re: M3 e46

    Harcy480 - 15.06.2011, 17:54


    Secherlech "entäuschend", wann een bedenkt waats du firdrun als Basis haas...! ;)



    Re: M3 e46

    M Driver - 15.06.2011, 23:04


    Haha jo do gin ech der Recht mee well et trotzdem wessen :wink:

    Schreiwen lo iwert den Iphone. Setzen muer Fotoen dran.



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team



    Ähnliche Beiträge wie "M3 e46"

    Frankfurt IAA 2007 - SileZ (Montag 08.10.2007)
    Ski Challenge 2007 - Sanguinarius Senex (Dienstag 19.12.2006)
    Ausstellung in KÖLLE, am 10.02.2007 - Loewchen (Samstag 10.02.2007)
    Stänli Cöp 2007 - Kilik (Mittwoch 04.04.2007)
    Backdraft 12. Mai 2007 - Anonymous (Sonntag 01.04.2007)
    Am 18.02.2007 grillen? - FU-fan (Donnerstag 15.02.2007)
    April 2007 - Toben (Sonntag 01.04.2007)
    Probenbeginn 2007 - Susanne (Freitag 05.01.2007)
    Heathrow 04.10.2007 - Maise (Samstag 24.11.2007)
    27.03.2007 - Aniroc (Dienstag 27.03.2007)