Zreck ant National 2

http://www.bcmess.lu
Verfügbare Informationen zu "Zreck ant National 2"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: speitzmännchen - kingkong - carlo - titti - nelson - Ds:) - zillev - schampöööööös - b.-boy - mitch
  • Forum: http://www.bcmess.lu
  • Forenbeschreibung: BCMESS ONLINE
  • aus dem Unterforum: BCMESS HOMMES A
  • Antworten: 20
  • Forum gestartet am: Mittwoch 11.10.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Zreck ant National 2
  • Letzte Antwort: vor 16 Jahren, 6 Monaten, 9 Tagen, 4 Stunden, 14 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Zreck ant National 2"

    Re: Zreck ant National 2

    speitzmännchen - 27.03.2007, 13:06

    Zreck ant National 2
    Nun lo ass et erem geschidd. Den BCMess spillt erem an der National 2. All dei Aarbecht did Leit handerem den Verein opbruecht hun firt Suen eranzebrengen war praktesch fir neischt. Virwaat fir neischt, net well den t`Equipp oofsteigt, neen well e groussen Deel vun den Spiller Verantwortung dasst dÈquipp oofgestiiegen as net well mattdroen. Et as traureg dass deen greisten Deel vun den Spiller sech hautsechsdaach sech nach just matt sech selwer identifizeiren mais net meih mam Verein.

    Op jidden Fall as et net gudd wann een Daach nodeems d`Equipp oofgestiegen as, Spiller sech schon an der Zeitung ausseren, sie geifen lo wiesselen well sie willten jo och eng Keier fir den Champion spillen oder eng Coupe gewannen. Et stemmt et ass net meih sou weih freier mais et ass traureg. Et wier gudd wann den Verein geif loo eng neih Politik afeiren an wann den Verein mol geif vun sengem Party Image geif ewegkommen an och keng Duerfpolitik meih geif maachen an di ganz Saach meih professionell geif maachen.

    Et war schein a gudd den Ami ze haalen an ze soen, wann mir et net packen dann spillen mir eben National 2. Just et ass lo esou, mir sin eraus an t`Equipp as fort an di aaner hun oft gewiesselt an sin drabliwen. Et muss een sech froen waat besser as?



    Re: Zreck ant National 2

    kingkong - 28.03.2007, 15:40


    Richteg



    Re: Zreck ant National 2

    speitzmännchen - 29.03.2007, 11:33


    Et mellt sech keeen mei hei, ausser dem Kingkong. Nun mol kucken, vleicht ass daat do och den Ufank fir en neien Wee anzeschloen. Steesel as och während e puer Joer Lift gefuer teschent der National 1 an der National 2. Firwaat net en valablen fulltime Coach engageiren, kräfteg opraumen a vum Partyimage ewegkommen an en neien professionellen BCMess schaafen wou den Basket, Kollegialiteit an de Wellen uewen ze sin an firun enger voller Haal ze spillen an deenen Leit dei hier Zeit investeiren dass Suen erankommen fir en Amerikaner an en Trainer mei gruess sin wei deen Motto deen di lescht Joren op der Mess war

    "All Daach schlecht"

    an deen as denken ech keng Motivatioun oder Virbild fir Elteren oder dei leit dei sech de Kapp zerbriechen fir en Klub ze finanzeiren.

    ET GEED DUER mir mussen en aaner Image kreien



    Re: Zreck ant National 2

    kingkong - 29.03.2007, 20:24


    King Kong as d'accord!!!

    PS. Kucke mol wiwill Lait sech dann op der nexter Generalversammlung als Freiwelleger mëllen.!!!!!
    Aarbecht gët et jo dann genug...



    Re: Zreck ant National 2

    kingkong - 31.03.2007, 08:57


    eng Propose un de BC MESS

    E Verain kann nemmen iwerliewen wann an der Hors-Saison Aktiviteiten organiseiert gin wou Suen eran kommen. Do happert et awer gewalteg well een Jenni an Menni muss nolaafen fir verschidden Sachen iwerhaapt iwert Bünn ze kreien (zum Beispiel Viz, Baaler, Pabeiersammlung) an esou fort.

    Do get awer nach en aneren Wee nämlech deen iwert den Sponsoring.
    Vu t'as et schweier as een Sponsor also Haaptsponsor ze fannen deen dei ganz Fraien vun engem Club déckt, missten mir eis elo alleguerten zesummen doen an kléng Sponsoren sichen.

    Dat as bestemmt net esou schweier, jiddfereen kennt bestemmt een aus der Famill oder Frëndenkrees deen sech giff bereed erklären e Panneau respektiv en Don fir den BC MESS ze machen.

    Méng Propose as folgend.

    Mir setzen en Sponsorcontract online op deen enn doheem op all Imprimante kann erausdrécken. Domater kann jiddereen bei Lait goen dei gewellt sin eppes fir den BC MESS ze machen.

    Wann deen Contract ennerschriwwen as dann gët den Original un den Responsabelen vum Sponsoring beim BC MESS gesckéckt.
    Deen setzt dann nees online fir ze gesin ween deen Panneau bruecht huet an t'as een eben och gesait wei et virun geet.

    Mir setzen eis dann och eng Deadline bis den 30. September 2007 an dann kucken wat do bei erauskënnt.


    Dat wir méng Propose.

    KING KONG



    Re: Zreck ant National 2

    carlo - 02.04.2007, 18:33


    Daat ass jo wonnerbar, wann een do ass,dee mengt, hien giff elo d'Rad nei erfannen.
    D'Realitéit ass leider ganz aanescht. Ech ginn d'Relève gäeren un aner Leit of, wann déi mengen, sie giwwe méi erausschloen...

    jaeger carlo
    responsable sponsoring



    Re: Zreck ant National 2

    titti - 03.04.2007, 13:57


    majo do hun sech nei leit fir den comite fonnt tip top nei leit dei den bcmess op bauen am teinen sin se jo schon gudd vill spass ech man dat net mat well waat dest joer bei den espoiren mat mer gemaach gin as ass lecherlech bonne chance un dei 2 leit dei sech mellen



    Re: Zreck ant National 2

    nelson - 04.04.2007, 14:47


    bei Stehsel ass 7 mol Training plus de Mätsch. Daat geht nött all ze lang gut, wäll d'Jongen jo vläicht och nach aner Sachen ausserhalb vum Basket an der Freizeit maache wöllen. Op ee Mol soen d'Spiller "klibber mech, mir sinn nött just den Esclave vum Klubb".
    De Brooks ass, wann d'Gerüchter stemmen, vun der Stehseler Gemeng bezuelt; do huet d'Amikall schons vill Geld gespuert.



    Re: Zreck ant National 2

    Ds:) - 05.04.2007, 02:22


    @nelson
    du hues vilait recht dass 7 mol bessen vill ass,mee hues de dann schon gesinn wou steesel an der tabell steet??de brooks mecht eng super aarbescht.
    ech mengen domadd ass alles gesoot.. :roll:
    an dobei ass keen ennert hinnn deen sech dermoosen beschweiert weint dem trai9..



    Re: Zreck ant National 2

    zillev - 16.04.2007, 16:16

    supporterclub
    salut alleguerten!

    wéi wier et dann mat engem supporterclub deen e puer mol eppes am Joer organiséiert fier suen an d'Keess ze kréien?!
    ech wier dobäi, den Pascal Lietz och an wéi ech héiren hun d'Sandy Nuss och mol; ech mengen et wier jo ok wann een sech 1-2 mol den Mount géif treffen fier eppes op d'Been ze sëtzen, oder? wat méi Leit do sin, wat et manner Arbecht as, dat gellt och fier den Comité! mee e puer leit mussen schon motivatioun bréngen; et as méigleg, mat der Union des Jeunes hun mier deemols och Baaler organiséiert déi super gelaaf sin, ech sin der Meenung dass et ka klappen; de bc Mess leit mier immens um Härz, ech kommen och vun méi weit op eng Versammlung wann et muss sin, ech géif et awer ganz schued fannen wann den Club géif auserneenfaalen just well et am Moment net gutt leeft an all Mënsch d'Flemm huet!!!! wou as den Kampfgeescht vum Bc Mess???
    also avis aux amateurs fier an den comité oder fier en Supporterclub ze grënnen!!!!
    wéini as déi nächst Generalversammlung vum Bc Mess? géif gären lauschteren kommen.



    Re: Zreck ant National 2

    nelson - 17.04.2007, 17:07


    ech mengen, de BC Mess huet schons ee Supporterclub...mais neie Wand kann nie schueden!



    Re: Zreck ant National 2

    zillev - 18.04.2007, 15:35


    ech wees net op et een gett, a wann, dann héiert een net vill dovun, as jo och normal, wann net genug leit do sin!



    Re: Zreck ant National 2

    schampöööööös - 25.04.2007, 09:18


    merci zillev - déi eenzeg méiglechkeet nach irgendwéi den bc mess fir zukunft opzebauen as leit ze fannen déi hellefen. am comité - am supporterclub (ech fannen déi idee genial fir do mol neien wand eranzebrengen) - bei der jugend (trainer, organisatioun,...)
    vun all deenen aalen messerspiller as net 1 deen irgendeppes emrappt oder eppes fir den club mecht. an all aaneren verainer gesait een leit vun den éischt equipen jugendequipen trainéieren... an bei eis??? et interesséiert keen mensch. awer meckeren an reprochen maachen geet emmer.

    @ titti:
    wanns du nach eng kéier hei domm schwätz kréien ech eng un den bic!



    Re: Zreck ant National 2

    speitzmännchen - 25.04.2007, 09:58


    dann muss een sech moolt Fro stellen firwaat vun deenen freiren Spiller keen mei derbei ass, et ass schued dass dei deenen den Verein am meeschten um Herz lung iergendwann am meeschten mam Fouss getreppelt gin



    Re: Zreck ant National 2

    schampöööööös - 25.04.2007, 13:49


    wen och emmerste bass du bass herzlech welkomm op der nächster generalversammlung d'wuert ze ergraifen an ze soen waat der um härz lait... an du kanns dech selbstverständlech och an den comité mellen oder soss eng aarbecht iwerhuelen. wéi gesoot meckeren an domm spacken as jo sou einfach :cry:



    Re: Zreck ant National 2

    zillev - 26.04.2007, 11:37


    also ech fannen datt et duer geet mat reprochen machen, braddelen a.s.w....., mier mussen lo no vier kucken, d'saison as gelaf a basta, daat kann keen méi änneren!
    dat nächst wat wichteg as, dat as d'genralversammlung déi kennt (wéini?). do mussen mier all reklam machen, dass sou vill wéi méiglech Leit kommen, daat as eng chance fier mateneen ze diskutéiren an nei iddeen ze fannen;
    iwwer internet bréngt et näicht!
    also, alles op d'Versammlung, eppes ZESUMMEN op d'Been setzen an dann geet et weider;
    mier sin just an der nationale 2 an net komplett vun der welt verschwonn!!!!!
    allez mess, et as schued datt d'Stemmung net gutt as well mier bekannt waren déi BESCHTEN supporter aus dem LAnd ze hun!!!!!! (wou sin se hin?)



    Re: Zreck ant National 2

    b.-boy - 05.05.2007, 09:22


    DSalut,
    ech wollt mol froen wei et mat neien spiller steet fir dei nei saison bei den damen an bei den haeren???



    Re: Zreck ant National 2

    zillev - 09.05.2007, 16:27


    @ speitzmännchen

    also mier fällt lo grad keen an vun deenen fréieren spiller deen soll vum club getreppelt gi sin!? da nenn mol en numm?

    ech fannen datt een um Bc mess emmer wëllkomm as, och wann een net méi spillt oder den club gewiesselt huet! (ech kommen aus engem aaneren club an do war et z.B. net sou, wees vun wat ech schwätzen!).



    Re: Zreck ant National 2

    mitch - 11.06.2007, 10:03


    Zali Jungs, wei steet et dann mat der Motivatioun fier nächst Saison? Klappt daat fier den Opstieg?



    Re: Zreck ant National 2

    kingkong - 08.10.2007, 21:59


    !!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum http://www.bcmess.lu

    COUPE ? - gepostet von Knätzel am Mittwoch 22.11.2006
    Coupe du Mini-Basket - gepostet von Dani am Dienstag 20.02.2007
    Petitioun FLBB - gepostet von Minutt40 am Montag 29.01.2007



    Ähnliche Beiträge wie "Zreck ant National 2"

    National Pie Day - engelchen (Freitag 19.01.2007)
    Wer bekommt den Sender "National Geographics?" - Angi (Dienstag 13.02.2007)
    PICTURES/JUNE07: KAKADU NATIONAL PARK (NT) - the_hydrA (Montag 25.06.2007)
    Adam Ant and Frida in the studio - Blairieboy (Mittwoch 10.01.2007)
    National High School Baseball Championship - Volk D. (Samstag 25.08.2007)
    Düppelaussage vom National Weather Service! Amerki. - Tommick (Sonntag 21.05.2006)
    Biscayne National Park starts school for fishing violators - infoshark (Donnerstag 05.07.2007)
    National States Agency - Nedjo82 (Freitag 23.02.2007)
    National Park - Luca (Donnerstag 09.08.2007)
    NATIONAL GEOGRAPHIC-Bildband Planet Meer - infoshark (Freitag 23.03.2007)