Playstation 3 Online

mpower-team
Verfügbare Informationen zu "Playstation 3 Online"

  • Qualität des Beitrags: 0 Sterne
  • Beteiligte Poster: Fighter - Skrazzy - ///M Flipy - ollm3 - ///M Gilles - Sonny - dantouring - Eric - TimchenM3 - ctrlaltde1337
  • Forum: mpower-team
  • Forenbeschreibung: HP: www.mpower-team.com /// Forum: www.mpower.iphpbb.com
  • aus dem Unterforum: Off-Topic
  • Antworten: 25
  • Forum gestartet am: Donnerstag 02.02.2006
  • Sprache: deutsch
  • Link zum Originaltopic: Playstation 3 Online
  • Letzte Antwort: vor 12 Jahren, 9 Monaten, 15 Tagen, 6 Stunden, 50 Minuten
  • Alle Beiträge und Antworten zu "Playstation 3 Online"

    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 24.03.2011, 19:54

    Playstation 3 Online
    Salut Jungs.

    Ech wollt mol froen wien alles hei online spillt ?? Mat der PS3.
    An wann jo,wéi ass den Nickname??
    Mäin ass wéi kéint et aneschters sin Fighter. Awer leider hun ech et sou missen agin F_I_G_H_T_E_R_ well déi normal Schreiwweis war schon fort.... :cry:
    An wat spillt dir am léifsten??
    Ech sin jo zu 100% Motorsport an Auto süchteg!!
    Awer online spillen ech einfach nemmen am léifsten FIFA 11 (Football)
    Op eng Partie Football géint een vun iech géif ech mech mega freen :D :wink:
    Natirlech wäer ech och bei deem eng oder aneren Rennspill dobäi :P



    Re: Playstation 3 Online

    Skrazzy - 24.03.2011, 21:44


    Main Nick as ThaSkrazzy :P
    Spillen meeschtens shooter à call of duty etc... mee hun amfong och GT5,an Fifa11 wollt ech mer och nach zoulëen ;)
    Den Eric (Winkel) an TimchenM3 spillen och online,soss wéisst ech elo keen hei aus dem forum...



    Re: Playstation 3 Online

    ///M Flipy - 24.03.2011, 21:45


    JP2201 as mein nickname, mee ech spillen nemmen Golf... :roll:



    Re: Playstation 3 Online

    ollm3 - 25.03.2011, 01:25


    ///M Flipy hat folgendes geschrieben: JP2201 as mein nickname, mee ech spillen nemmen Golf... :roll:

    Ech hun souvill Golf gespillt, net normal 8) awer och Gt5 an Fifa, mee net online.



    Re: Playstation 3 Online

    ///M Gilles - 25.03.2011, 16:22


    Ech spillen am moment Gran Turismo 5 online, main Nickname: Gillinio81



    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 27.03.2011, 13:38


    Cool Jungs dann muss ech iech lo mol eng Frendschaftsufro op der PS3 schecken :D
    @ Skrazzy,hey dat wäer genial wanns du dir géifs FIFA 11 sichen goen. Dann kennen mir online fighten :wink: Ech mat Manchester United an du mat Bayern :wink: :P Dat wäer et dach :D

    @ ///M Flipy,ech sin nach emmer sprachlos dass du Golf spills :lol: ech verstin d'Welt nit méi :?
    Awer sou wéis du mir de Freiden dovuner geschwärmt hues muss et jo wierklech een coolen Sport sin :wink:
    Ech schwätzen lo hei nit iwert PS3 spillen mee wells du deen Sport jo am richtegen Liewen mechs.....cool 8) :wink:
    Ech géif warscheinlech nemmen mam Golf Caddy schäiss machen wann ech géif matgoen.... :P

    @ Olli,du muss onbedingt FIFA 11 online spillen!!! Dat ass tonnengäil!! Awer et mecht och süchteg :wink: Hey dann kéinten mir zocken bis PS3 qualmt.... :P Ech mat ManU an du mat Gladbach.........oder dach mat de Bayern :P :lol:

    @ Gilles, ech trauen mech jo guer nit méi géint dech Gran Turismo ze spillen..... :oops: well wats du mir de Freiden gezielt hues bass du jo schon mega gudd do ennerwee. Respekt!!
    Wann deen nächsten Wanter kéint dann muss ech och d'Steierrad sichen goen dann sin ech och villäicht méi schnell..... :wink:

    @ Dan,et wonnert mech dass du nit online bass?? Mir haten jo an der Zäit eis emmer een gäilen Fight an der Rallye geliwert.... :wink:
    Weess du nach deemols an Däitschland bei dir doheem......de Longo hat just nach gestaunt..... :wink:



    Re: Playstation 3 Online

    ///M Gilles - 27.03.2011, 20:39


    Relax Mike, ech sin jo och net emmer sou schnell ennerwee,et hänkt natirlech och vun der Streck of, daat wär eben bis lo meng Bescht Zait um Ring an eben eng Pefekt Ronn ;)
    Mee et as jo egal ob een mei schnell ass wei deen anerern, haaptsaach et mecht Spaass ;)
    An d Steierrad muss de der onbedingt sichen goen, an et muss och kengt vun 300 Euro sin, well mam Driving Force GT ( 99 Euro am Hifi) kanns de och ganz schnell ennerwee sin ;)



    Re: Playstation 3 Online

    Sonny - 27.03.2011, 23:32


    @ fighter,den Skraazy daat saukannt ass geint Bayern,ech sin den held deen zu den Bayern hällt,hun awer keng PS3 also ass et unsech och egal,mee bon,heinsdo oder besser meeschtens wann den skrazzy een neit spill haat an mer huet et gefall hun ech mol weilaang drun gespillt,heen huet reischt diefen drun wann ech heem war :P



    Re: Playstation 3 Online

    dantouring - 28.03.2011, 15:04


    @Fighter
    Jo Mike, den Rally war net schlecht.
    Hun Ps3 nach guer net sou laang lo an souvill spillen ech och net mei, wollt mer Ps3 guer net kaafen, well ech schon eng XBOX360 an eng Wii do stoen hun. Wei dun den GT5 rauskomm ass hun ech se awer kaaft. Sin awer nach keen Online-Zocker. Vielleicht geschwenn ;-)



    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 29.03.2011, 19:24


    @ Gilles,ah dat ass jo mol gudd ze wessen mam Steierrad. Ech hat nämlech an der Belle Etoile gekuckt an do haten si eent stoen vun 499 Euro!!! Déi sin jo verreckt!!! Awer dat muss jo dann ball top Material sin fir deen Präiss :wink:
    Am Internet hun ech awer schon een Setz mat Steierrad gesin fir plus minus 300 Euro. Dat wäer interessant :wink:

    @ Sonny, ech gesin däin Bruder de Skraazy versteet eppes vun Football :wink:
    Nee,mee Geck an den Eck. Jidfereen seng Equipe :wink: :P
    Awer do fällt mir lo spontan een Lid vun den Toten Hosen an.....Hm,wéi geet dat schon méi????? :P :P

    @ Dan, schued dass du nit online bass :cry: dat ass nämlech deck cool :wink:
    Hey du hues och eng XBOX 360 Cool 8) ech fannen déi och genial :D
    An éierlech gesot ech fannen den Forza Motorsport 3 op der XBOX minimum sou gudd wéi den Gran Turismo 5.
    Villäicht fannen ech souguer den Forza een tick besser :wink:



    Re: Playstation 3 Online

    Eric - 29.03.2011, 20:40


    GT5 wannegglift EricWinkelM5 ass den nickname :x :twisted:



    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 31.03.2011, 19:09


    Hey Eric dat fannen ech mol een coolen Nickname 8)
    Ech hat deemols alles probéiert mat ///M Power an sou weider.....mee leider waren déi schon all besat :cry:



    Re: Playstation 3 Online

    ///M Flipy - 31.03.2011, 21:53


    Juhuuu neien tiger woods as raus!!! Schon bestallt! :lol:



    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 02.04.2011, 09:10


    Hey ///M Flipy du bass jo wierklech geckeg :wink:

    Hues du dann och schon d'Golf Bäll mam ///M Logo drop???
    Well ech hun heiheem eng Packung mat 3 Steck dran :P
    Keen Schäiss :wink: ech hat déi deemols gewonn op engem ///M Meeting an der Belge vun der ///M Gmbh..... :D

    Wanns du se nach nit hues dann brengen ech dir se déi nächsten Kéier mat..... :wink:



    Re: Playstation 3 Online

    TimchenM3 - 05.04.2011, 07:29


    ech sin den timchenm3
    an baal nemmen call of duty black ops... :-)



    Re: Playstation 3 Online

    ///M Flipy - 05.04.2011, 08:57


    Hey cool Mike, dei hun ech nach nit.

    Ech hun der schon mam BMW Logo, mee nach keng mat dem ///M Logo.

    Ech hät mir och schon baal den BMW golfsack kaaf, mee hät leiwer gär een vun der ///M gmbh... :roll:



    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 05.04.2011, 20:58


    Ok ///M Flipy dann sin déi Golfbäll mam ///M Logo lo deng :wink:
    Ech brengen dir se déi nächsten Kéier mat wann mir eis gesin :D
    Wann ech dir domader kann eng Freed machen dann sin ech frou :wink:



    Re: Playstation 3 Online

    ctrlaltde1337 - 05.04.2011, 21:12


    PS3: CTRLALTDELETE
    XBOX360: CTRLALTDEL3004

    Sin awer selten op der PS3 an eier en FORZA 3 Fuerer ;) Falls amateuren do sin. just vläit an requesten "mpower" schreiwen dann wees ech et ass een vum forum, thanks ;)



    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 05.04.2011, 21:39


    Deen Tii do gesäit tonnengäil aus :D
    Hey du fenns och Forza Motorsport genial.....ech och :D
    Mee den GT5 ass och tip top.....obwuel ech och den Forza een tick besser fannen :wink:



    Re: Playstation 3 Online

    ctrlaltde1337 - 05.04.2011, 21:54


    thanks. war mäin eischten design am FM3. Jo fannen Forza einfach eng besser simulatioun. t'grafik keint bessi besser sin mais dest Joer kennt jo den 4 ;)



    Re: Playstation 3 Online

    Fighter - 11.04.2011, 19:42


    Hey cool ech wusst nach guer nit dass een Forza 4 dest Joer kennt 8)
    Do freen ech mech lo schon drop :D



    Re: Playstation 3 Online

    Skrazzy - 29.04.2011, 19:49


    Souvill zum thema Playstation Network :roll:
    Also hei main Xbox360 Gamertag: ThaSkrazzy :lol:



    Re: Playstation 3 Online

    ///M Gilles - 24.06.2011, 15:40


    Jungs dir musst eech dirt 3 kaafen, do kennt der mam E30 M3 fueren, megaa ;) et muss een en awer am Playstation store kaafen fir 1,50 Euro ;)



    Re: Playstation 3 Online

    ollm3 - 27.06.2011, 11:11


    Merci fir den Tip 8)



    Re: Playstation 3 Online

    Skrazzy - 03.07.2011, 21:10


    Haat mer d'spill geschter kaaf,as schon gail 8)

    Hei een klengen clip deen ech gemaach haat:

    Link



    Mit folgendem Code, können Sie den Beitrag ganz bequem auf ihrer Homepage verlinken



    Weitere Beiträge aus dem Forum mpower-team

    Verkaafen E36 320i Motor an Hinterachse - gepostet von Bifi am Sonntag 18.07.2010
    Forum regelen - gepostet von ///M Flipy am Dienstag 21.02.2006
    V. Eisenmann Enddeppen fir Z4 Coupe/Roadster 2.5si + 3.0si - gepostet von getri am Freitag 26.12.2008
    M3 Sportevolution, bei deenen beschten Homologatiounsautoen - gepostet von ollm3 am Dienstag 26.06.2007
    den bifi beim driften - gepostet von wsteve am Montag 04.06.2007
    Sichen Carrosserie oder completen E30 - gepostet von Dr. M-Power am Montag 27.08.2007
    Hartge - gepostet von Dr. M-Power am Mittwoch 10.01.2007
    E30 M3 mat Alpha N Airbox *Gänsehaut*!!! - gepostet von getri am Mittwoch 16.08.2006



    Ähnliche Beiträge wie "Playstation 3 Online"

    Tierheim - seemann123 (Montag 16.04.2007)
    Tierheim Heinsberg... - knuddelmutti (Sonntag 11.02.2007)
    Unser Tierheim - Nancer (Montag 18.06.2007)
    Tierheim in Polen braucht Hilfe - Miameuschen (Dienstag 05.02.2008)
    Tierheim überfüllt? - Rhon (Mittwoch 13.06.2007)
    1.Tag im Tierheim - dodo (Sonntag 03.09.2006)
    Pinter, Harold – Mondlicht und andere Stücke - Pippilotta (Freitag 16.01.2009)
    Tierheim - natalie1 (Montag 05.12.2005)
    Lucky - 10 Jahre Tierheim und noch nicht aufgegeben! - Schlappohr (Freitag 27.07.2007)
    Tierheim - jasmin (Samstag 13.05.2006)